Search

You may also like

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“
Neiegkeeten

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“

Ronn 283.000 „giel Gileten“ hunn e Samschdeg uechter ganz Frankräich

Fir de Klimaschutz: D’Lycéesschüler kréien d’Wuert!
Neiegkeeten

Fir de Klimaschutz: D’Lycéesschüler kréien d’Wuert!

No der Manifestatioun um 15. Mäerz 2019, bei der dausende

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!
Neiegkeeten

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!

Virgëschter huet déi Europäesch Kommissioun mat Drock op déi rechtspopulistesch

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November

An der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November, ass d’Zuel vun de Leit déi positiv op den COVID-19 getest goufen, nach eemol staark eropgaangen (+39%) mat 4.701 Fäll am Verglach zu 3.388 Fäll an der Woch virdrun.

D’Zuel vun den identifizéierte Kontakter huet mat 12.562 och en héijen Niveau erreecht (+26%). D’Zuel vun den ausgefouerte PCR Tester louch wärenddeem bei 76.614 Stéck am Verglach zu 61.109 an der Woch virdrun.
De 1. November, war d’Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.224 (de 25. Oktober waren et der 4.683). An d’Zuel vun de geheelte Persounen ass vun 9.570 op 10.716 eropgaangen.

Et goufe 14 nei Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19 opgeholl. Den Altersduerchschnëtt vun de Verstuerwene läit bei 82 Joer.

D’Erhéijung vun der Zuel vun den neie positive Leit, gouf och vun enger Erhéijung vun de Patienten an de Spideeler begleet. Dës huet sech op déi normal Versuergung konzentréiert, wat duerch d’Altersstruktur vu positive Fäll erkläert ka ginn.

Déi effektiv Reproduktiounsrat ass vun 1,62 op 1,19 erofgaangen. D’Positivitéitsrat vun den duerchgefouerten Tester läit bei 6,14%. An der leschter Woch waren et duerschnëttlech 5,54%.

D’Inzidenz bedréit 750 Fäll pro 100.000 Awunner iwwer 7 Deeg, respektiv 1.292 Fäll pro Awunner iwwer 14 Deeg.

D’Evolutioun vun dëser Inzidenz an de leschten 9 Woche weist eng Erhéijung vun all den Alterskategorien.

D’Altersgrupp vun de 15-29-Järegen ass weiderhin am meeschte betraff, gefollegt vun de 45-59-Järeg. Déi 60-74-Järeg hunn an der leschter Woch déi gréissten Erhéijung erlieft.

D’Inzidenz bei de jonke Mënschen am Alter vun 0 bis 14 Joer ass nach ëmmer hallef esou héich wéi bei den Erwuessener.

Zu de Quarantainen an Isolatiounen

Fir d’Woch vum 26. Oktober bis de 1. November ware 8.149 Leit a Quarantaine (5.531 an der Woch virdrun) a 6.251 an Isolatioun (3.241 an der Woch virdrun).

Zur Kontaminatioun

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou d’Quell net kloer zouzeschreiwen ass bleift héich. Wéinst der héijer Unzuel vun neien Infektiounen ass d’Identifikatioun vun dëse Quellen de Moment net an alle Fäll méiglech.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

De jéngste CORONASTEP-Bericht vu LIST (Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie) weist, datt sech den nationalen Niveau vun de SARS-CoV-2 Kontaminatiounen an de Kläranlage vum Land an der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November e bësse manner ginn ass, wärend se an anere liicht eropgaangen ass.

Wéi och ëmmer, d’Kontaminatiounen, déi an allen Behandlungsanlagen observéiert goufen, weise weider héich Wäerter, wat eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser bedeit.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Coronastep, Covid-19, Heelung, Infektiounszuelen, LIST, Ofwaasser, Pandemie, PCR-Tester, Quarantaine, Réckbléck, SARS-CoV-2
Next post Previous post