Search

You may also like

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt
Neiegkeeten

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt

Bei eisen Noperen ass et zum engem „spektakulären“ Hackerugrëff op

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?
Neiegkeeten

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den

COVID-19 Tester fir Kanner tëscht 2- 6 Joer

COVID-19 Tester fir Kanner tëscht 2- 6 Joer

De Staatslabo an d’Ligue Médico-Sociale (Ligue) hunn an den éischten zwou Wochen eng grouss Nofro no den gemeinsamen, ugebuede COVID19-Tester fir Kanner verzeechent. No der (CMS), der Ligue an der Stad, Ettelbréck an Diddeleng ginn och an noer Zukunft Tester op d’CMS Wolz ausgewäit.

Déi Tester, mat deenen een de 25. November ugefaangen huet, riichten sech u Kanner tëscht 2 a 6 Joren. Am jeeweilege CMS (Centre Medico-Social) huelen ausgebilte Kannerinfirmiere vun der Ligue d’Ofstréch duerch d’Nues vir. Déi ginn da vu Mataarbechter vum LNS an de Labo zu Diddeleng transportéiert. Do erfollegt d’Auswäertung an et gëtt een Analyse-Bericht geschriwwen. Fir datt dës Aufgaben uerdentlech kënnen erleedegt gi suergt den LNS dofir, datt dat entspriechend Material bereet steet. Esou wéi Ofstréch-Tupfer an d’Verpackunge fir den Transport vun den Prouwen.

Kandgerecht: Speziell ausgebilt Personal

D’Tester ginn ëmmer vu méindes bis freides tëscht 8:30 an 12 Auer duerchgefouert. Bei den Ofstrécher gëtt ganz besonnesch op eng kandgerecht Duerchféierung uecht ginn. Déi agesate Kannerinfirmiere sinn och pedagogesch geschoult, fir déi jonk Meedercher a Jongen sou ze involvéieren. Mat hirer Hëllef ass et méiglech, datt eng méiglechst entspaant Atmosphäre wärend dem Ofstréch oprechterhale gëtt.

Elteren, déi hier Kanner teste wëlle loossen, brauchen dofir e Rezept vum Dokter. Wann een dëst huet, kann een op der dräisproocheger Online-Plattform e Rendez-vous am CMS huelen. Falls d’Kand keng national Identifikatiounsnummer (Matricule) huet, muss de Rendez-vous via E-Mail (tracing@ligue.lu) oder telefonesch (22 00 99 66) ausgemaach ginn. D’Testresultat gëtt den Eltere bannent 24 Stonnen a Form vun enger SMS vum LNS iwwermëttelt. Wann elo d’Resultat positiv ass, da ginn d’Eltere vun engem Dokter aus dem Staatslabo informéiert.

Komplementär: Expertise effizient gebündelt

De LNS-Direktor Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel freet sech, datt de Staatslabo am Kampf géint de COVID19 d’Kompetenze vu sengem Team erëm an eng komplementar Kooperatioun mat anere féierenden Acteure vum nationale Gesondheetssystem abrénge kann:

“D’Ligue steet zënter méi wéi 100 Joer am Déngscht vu Land a Leit, an och eis deeglech Aarbecht als Staatslabo ziilt jo op déi beschtméiglecht Gesondheet vun de Mënschen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun of. Datt mir elo a kierzester Zäit ëmfaassend Tester fir Kanner realiséiert hunn, weist d‘Fäegkeet vu Lëtzebuerg, bestoend Expertise séier an effizient ze bëndelen. D’Eltere-Resonanz wärend den éischten Testwoche schwätzt dofir, datt eis déi zesumme mat der Ligue gutt gelongen ass.

Nationale Gesondheetslaboratoire

De Staatslabo (LNS) ass en ëffentleche Gesondheetsacteur, deem seng international Expertise ee wesentleche Pilier vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen ass. Zanter 1980 funktionéiert de Staatslabo ënnert dësem Numm an a senger aktueller Form, wéi et duerch d’Gesetz vum 7. August 2012 festgeluecht gouf.

Ënnert der Tutelle vum Gesondheetsministère ass de LNS elo en interdisziplinäert Institut dat mat sengem komplementaren Team vu méi ewéi 300 Mataarbechter relevant a wichteg Aarbecht am Déngscht vun der ë Gesondheet vum Land a senge Leit bitt.

De Sëtz zu Diddeleng, deen 2013 ageweit gouf, huet véier wëssenschaftlech Departementer an de Beräicher Biomedezin, Mikrobiologie, Geriichtsmedezin a Gesondheetsschutz, souwéi den Nationalen Zentrum fir Pathologie an den Nationalen Zentrum fir Genetik. Nieft der Professionalitéit vun all eenzele Mataarbechter an der geziilter Benotzung vu modernsten Technologien, baséiert d’Entwécklungsstrategie vum LNS op Fuerschungspartnerschaften a Kooperatioune mat verschiddenen Acteuren, souwuel a Lëtzebuerg wéi och op EU-Niveau.

Matgedeelt vum LNS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Illustratioun: Alles easy… eis Kanner gi fir déi meescht all ganz gutt eens, an déi speziell Ekippe vun der Ligue verstinn et d‘Krapperte bei Laun ze halen. An et et jo elo och keng „musse“ Saach. © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Tester, Kanner, Ligue Medico Sociale, LNS, Nationale Gesondheetslaboratoire
Next post Previous post