Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 22. bis den 28. November 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 2.373 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 571,26 pro 100.000 Awunner an 271,77 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,4 Joer.

Et goufen 27.439 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 23.542 Tester, se sinn eropgaangen. 60 Schnelltester ware positiv.

Den 28. November goufen 4.268 aktiv Infektioune gemellt, den 21. November waren et 3.334. Am Ganzen ziele mir 83.868 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 11 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persounen läit bei 77 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,16 – en ass soumat liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 8,65%.

D’Inzidenz läit bei 374 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 299/100.000, en ass an d’Luucht gaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun e geklommen. Et sinn 43 Patienten op der normaler Statioun an 11 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 4.062 an Isolatioun, 8.021 hu sech a Quarantän befonnt.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 37.3% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 18,8%, d’Aarbecht ass mat 7,1% dobäi an d’Fräizäit mat 5,1%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 24,2%.

Impfungen: An der Woch vum 22. bis den 28. November gouf am Ganzen 26.653 mol geimpft. Dovunner krute 4.289 Persounen hier zweet Dosis – a 20.090 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 430.536 Mënsche sinn vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichten Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles