Search

You may also like

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
International Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

G20 Staats-a Regierungscheffe wëllen eng gerecht Verdeelung vum Vaccin
International Neiegkeeten

G20 Staats-a Regierungscheffe wëllen eng gerecht Verdeelung vum Vaccin

De G20-Sommet vu Riad sollt zur PR-Campagne fir d‘Kinnekräich ginn,

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

Covid19: Belsch Spideeler si gutt virbereet mee stoussen un hir Grenzen

Covid19: Belsch Spideeler si gutt virbereet mee stoussen un hir Grenzen

Wärend mir zu Lëtzebuerg, am Kontext vun der zweeter Covid19-Well esouwäit alles gutt am Grëff hunn, an trotzdeem vun eisen Noperen als Risikogebitt agestuuft ginn, lount sech e Bléck an d‘Belsch. Bei hinnen huet et an de leschte Wochen nees vill Neiinfektioune ginn, dorënner och vill Fäll déi am Spidol musse behandelt ginn. Wéi ginn déi zur Stonn eens?

Et ass richteg, datt no siwe Méint no Ufank vun der sanitärer Kris, de Coronavirus besser bekannt ass, an et gewësse Behandlunge gëtt, déi sech positiv auswierken. Déi gréisste Bedreeung ass den Ament déi rapid Zounam, well et gëllt ze bedenken, datt d‘Spideeler jo net nëmmen de Covid19 ze geréieren hunn. Et gëtt jo och nach eng helle Wull un anere Pathologien déi musse behandelt ginn.

Dat awer féiert derzou, datt d‘Spideeler un hir Kapassitéitsgrenze stoussen. Esou och am CHR vu Léck. Dank der Erfarung am Ëmgang mam Coronavirus, ginn d‘Leit hei ëmmer besser behandelt. Sécher géif et nach kee Wonnermëttel, mee et kënnt der Saach méi no. De Chef vum Service vun den Infektiounskrankheeten, Dr. Martial Moonen, huet vu Suerg an Hoffnung mat eis geschwat.

„Zanter ee puer Woche benotze mir Corticoïden mat gerénger Doséierung an och Dextamethasone. Mir hunn heibäi notéiert datt d‘Gravitéit vun de Symptomer noléisst. Et stierwen och vill manner schwéier Fäll“, esou den Dr. Martial Moonen. Wann dat éischter erfreelech ass, esou ass et bannent de Spideeler alles anescht wéi einfach. Säit zwou Woche sinn all d‘Covid19-Better ausgelaascht.

Et ass nach laang net eriiwer

Och d‘Fleegepersonal, vun der Aide-soignante bis hinn zur Infirmière, ass no siwe Méint am Asaz mat senge Kräften um Enn. Mee et kënnt keng Verstäerkung… et gëtt keng Verstäerkung. „ Mir spieren et kierperlech, datt et nees zouhëlt. Mat iwwer 20 Patienten – ouni déi intensiv Soinen – erreeche mir eis Grenzen an tatsächlech si mir besuergt wat déi nächst Wochen eis bereet halen“.

Den Dokter gëtt och ze bedenken, datt dës Zuele vläicht lächerlech klengen, géintiwwer deem wat d‘Spideeler kannt hunn. Mee haut gëtt et nieft de Covid19-Patienten och all déi aner. Esou dréit den CHR zu Léck op vollen Touren, dat esouwuel mënschlech wéi och logistesch. Dat kéint duerchaus e Problem sinn, wann sech d‘Lag net endlech nees berouegt. An duerno gesäit et leider och net aus.

Esou stellt de Chef vun den Urgencen, den Dr. Stéphane Degesves, fest: „Mir kënnen den Ament net, wéi dat wärend der Kris de Fall de war, eis Kapazitéiten ausbauen. D‘Spidol aus ausgelaascht, eis Covid19-Unitéit kënnt net zur Rou, an awer gëtt et dobausse Mënschen déi mengen et wier elo alles an der Rei. Dat ass et net, an et ass net wëll mir et gutt geréieren, datt alles am Grëff ass“.

mat indymedia/lgg

Illustratioun © CHR Citadelle

Related topics Belsch, CHR Léck, Covid19, Kapazitéitsgrenzen, Spideeler
Next post Previous post