Search

You may also like

Wou ass de politeschen Dialog verluer gaangen?
International Neiegkeeten

Wou ass de politeschen Dialog verluer gaangen?

Et war emol nees eng éischter entspaante CSV-Fraktiounspresidentin, déi den

Kulturfabrik – De Programm vum 3. bis den 8. August 2020
International Neiegkeeten

Kulturfabrik – De Programm vum 3. bis den 8. August 2020

Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e

Lebron X Mbappé
International Neiegkeeten

Lebron X Mbappé

D‘Weeër vun der Nationaler Basketball Associatioun (NBA) an dem europäesche

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?

D‘Mesuren déi vun der belscher Noutstandsregierung ënnert der Leedung vum Sophie Wilmès ergraff goufen, schéngen sech ze bewäerten. Zanter Deeg ginn Zuelen, wuel lues, dofir awer tendenziell weider erof. A Wallounien, fuerdert d‘Unioun vun de Stied an de Gemenge vun der federaler Regierung Masken auszeginn.

An der Belsch goufe vum 20. op den 21 Abrëll 5214 Persoune getest, dovunner waren der 973 positiv. Säit Ufank vun der Epidemie si bei eisen Noperen 28.480 Tester an den Altersheemer duerchgefouert ginn. Alles an allem gëtt et aktuell ronn 41.000 bestätegt Infektiounen. 5.998 Stierffäll sinn ze bekloen. Säit e puer Deeg weist d‘Tendenz eng däitlech Verbesserung.

Covid19Op den 21. Abrëll waren 172 Mënschen hospitaliséiert ginn, 107 konnten dogéint nees entlooss ginn, an op gëschter hu wéinst dem Coronavirus 4.976 Persounen am Spidol geleeën. 777 Leit brauchen eng Assistenz beim ootmen, 1.079 Mënsche mussen intensiv behandelt ginn. Vun den Autoritéite gëtt et dann elo eppes Zouversiicht, datt sech d‘Lag weider entspane kann.

Am Kontext vun enger Lackerung vun de Mesuren an ugesiichts der Evidenz, datt d‘Leit iwwert kuerz oder laang eng Mask wäerte virgeschriwwe kréien, huet d‘Unioun vun de Stied a Gemengen (UVCW), eng Aart Syvicol, vun der Premierministesch Sophie Wilmès gefuerdert, eng national Produktioun vun de sougenannte Maske fir d‘Allgemengheet an d‘Wee ze leeden.

Et dierf kee vergiess ginn

De Sënn derhannert: eng gratis Verdeelung un d‘Bierger. An der Demande vun der UVCW heescht et weider: „D‘Stied an d‘Gemenge wäerten un ärer Säit stoen, fir dës Verdeelung ze ënnerstëtzen. Wann déi meescht Masken iwwert de Postwee kënne verdeelt, ginn, esou géifen d‘Stied an d‘Gemenge sécherstellen, datt déi fragiliséiert Bevëlkerung se zougedroe kritt“.

Eng Suerg huet d‘UVCW och nach zum Ausdrock bruecht: „Wa verschidde Stied a Gemengen d‘Initiativ ergraff hunn selwer no Masken ze kucken, esou si mir der Usiicht, datt dat eng Aufgab vun der federaler Regierung ass“. An dat bescht wier hei tatsächlech Strukturen anzeriichten déi d‘Maske géifen dezentral hierstellen, fir eng flächendeckend Offer sécherzestellen.

Covid19Och an der Belsch gëtt sech Gedanken iwwert eng progressiv Reprise gemaach, wat laut der UVCW mat sech bréngt, datt et – wéi bei eis zu Lëtzebuerg – zumindest zu enger partieller Maskeflicht wäert kommen. Eng Moossnam déi awer nëmmen da Sënn mécht, wa geséchert ass, datt och jiddereen Zougang zu dëse Masken huet. Eng Äntwert gouf et dozou nach net.

mat indymedia/bru/nam

Illustratioun: © Crawford Jolly / unsplash

Related topics Blesch, Coronavirus, Covid19, Maskeflicht, UVCW
Next post Previous post