Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 3)
International Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 3)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

Erkenns du dës Kierchtierm?
International Neiegkeeten

Erkenns du dës Kierchtierm?

[onionbuzz quiz-id=152][/onionbuzz] Et ginn honnerte vu Kierchen zu Lëtzebuerg. Do

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?
International Neiegkeeten

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

[megapoll id="10"] Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi

Covid19-Chaos an Indien mat Folgen

Australien gënnt sech ganz besonnesch Moossnamen, fir déi indesch Covid19-Variant ze stoppen

Covid19-Chaos an Indien mat Folgen

D‘Autoritéiten, zesumme mat der Regierung an Australien, hunn sech eng besonnesch afale gelooss fir ze verhënneren, datt déi indesch Variant vum Coronavirus sech um Kontinent ausbreet. Esou ass et beispillsweis och australesche Staatsbierger verbueden, nees aus Indien anzereesen. Méi generell: wien aus Indien kënnt, riskéiert eng Geldstrof vu bis zu 66.000 AU$ oder bis zu 5 Joer Prisong.

Covid19

Laut den Zuele vum Ausseministère, géifen sech aktuell eng 9.000 australesch Bierger um indesche Subkontinent ophalen. Déi dierfen elo, esou zumindest den aktuelle Stand, net méi heem reesen an dat ka séier ganz onkamoud Folgen hunn. Gesondheetlech souwisou, mee mat Sécherheet dierft et och finanziell a berufflech Konsequenzen hunn. Mee et sinn net d‘Australier eleng déi Panik hunn.

Zanter Woche brécht Indien een traurege Rekord nom aneren. Laut den „offiziellen“ Zuele vum indesche Gesondheetsministère, huet et um Samschdeg 401.993 Neiinfektioune ginn. Experten hunn drop higewisen, datt sech déi Zuelen nëmmen op sougenannt Ballungsgebidder bezéien an och do net déi Populatioun berécksiichtegt gëtt. Si gi vu bis zu 50% méi Covid19-Neiinfektiounen aus.

Covid19

Iwwert déi ganz Pandemiedauer, sollen sech an Indien 19 Milliounen ugestach hunn, bezunn op déi vum Gesondheetsministère virgeluechten Zuelen. Et sollen zudeem „nëmmen“ 212.000 Affer dem Coronavirus erleeë sinn. Aussoen an Zuelen déi net ze iwwerpréiwe sinn, firwat et dann och esou ënnerschiddlech Moossname jee no Land huet, wat de Retour vu Reesenden aus Indien betrëfft.

An esou hunn och d‘Amerikaner sech eng Mesure vergënnt, fir den indesche Coronavirus net an d‘Land areesen ze loossen. Ab nächsten Dënschdeg 4. Mee dierf da keen Auslänner méi an d‘USA areesen, dee bannent de leschte 14 Deeg an Indien war. Ausgeholl sinn dann nëmmen nach US-Bierger, Diplomaten, Auslänner mat dauerhaftem Openthaltsrecht a Leit mat „Privilegien“.

Randnotiz: Indien mat senge ronn 1,4 Milliarde Mënschen, gehéiert – dat ass net nëmme verréckt mee weeweisend – zu de gréissten Impfstoffproduzenten op der Welt. D‘Patenter awer, déi et géife méiglech maachen d‘Produktioun ze starten, kann sech Indien net leeschten. D‘Pharmakonzerner hu jo keng Verantwortung der Gesellschaft géinteniwwer, mee sinn den Aktionäre verflicht, firwat et onméiglech ass, op de Profit ze verzichten. Beim AIDS konnt a kann et dat jo och net maachen. Dat Inder aarm sinn, ass da wuel pech…

mat indymedia/syd/bom/was

Fotomontage: Iwwert déi ganz lescht Woch, huet déi indesch Loftwaff den Aller-Retour mat Thailand gemaach, fir flëssege Sauerstoff an d‘Land ze bréngen. Um Samschdeg huet war et d‘thailännesch Loftwaff, déi 30 Beotmungsapparater geliwwert huet. Dobäi ass d‘Lag och an Thailand zur Stonn net roseg. © R. Barrow

Related topics Amerika, Areesverbuet, Australien, Covid19-Pandemie, Impfstoffer, Impfstrategie, Indien
Next post Previous post