Search

You may also like

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren
International Neiegkeeten

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren

E Sonndeg huet den US-Sonnerbeoptraagte fir Syrien, James Jeffrey, Däitschland

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg
International Neiegkeeten

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg

D‘Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff (Supreme Court) ass eestëmmeg geholl ginn,

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“
International Neiegkeeten

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“

Säit dem Donneschdeg gëtt et um Honnertkommasiwen, dem ëffentleche Sender,

Covid19-Chaos an Indien

Déi indesch Regierung huet déi sanitär Kris komplett aus dem Rudder lafe gelooss

Covid19-Chaos an Indien

Mat am Schnëtt 350.000 Neiinfektiounen den Dag, ouni Disponibilitéite fir Sauerstoff, Impfstoff a soss medezinescht Gerät, mécht Indien zanter enger gudder Woch Schlagzeilen. Et hätt et wuel gäre Matleed, just datt d‘Problemer hei hausgemaach sinn.

Wann ee bedenkt, datt intelligent a bewandert Leit dovunner ausgaange waren, datt d‘Pandemie an Indien esou gutt wéi iwwerwonne war, esou muss ee feststellen, datt och keen d‘Méiglechkeet vun enger 2. Well um Blat stoen hat. Politesch Kuerzsiichteg, déi wéi et sech gehéiert, virun allem nees déi äermere Bevëlkerungsschichten trëfft. Et ass och méiglech, datt keen domadder gerechent hat.

Net d‘Regierung, net déi medezinesch Autoritéiten am Land jo net emol d‘Bevëlkerung… kee soll sech virgestallt hunn, datt matten an enger globaler Pandemie eng zweet Well kéint méiglech sinn. An Europa ass ee scho bei der véierter Well, mee an Indien ass et wesentlech méi wichteg sech op dat hinduistesch Pilgerfest Kumb Mela ze konzentréieren, datt dëser Deeg an Indien gefeiert gëtt.

Indien, eng Natioun mat iwwer 1,4 Milliarde Mënschen huet iwwert déi lescht siwen Deeg eng nei Moyenne vu ronn 350.000 Neiinfektiounen den Dag erreecht. Klengt no vill, woubäi ugesiichts der Test-Effizienz am Subkontinent, dës Zuele wuel net emol als „approximativ“ ze bewäerte sinn. An et hei och nëmme rieds vun deene Mënschen, déi an engem Spidol „offiziell“ detektéiert goufen.

Aktuell awer sinn déi Haiser, also dat wat een an Indien als Spidol wëll bezeechnen, guer net an der Lag sech all de Patienten ze widmen, déi mat Symptomer kommen. Generell gëllt: keng Symptomer also keng Infektioun. Zudeem stierwe grad ganz vill Leit un Häerzinfarkter an/oder onerkläerlechen Ursaachen, wat nees domadder zesummenhänkt, datt mat Covid19 de Doudegen net verbrannt gëtt.

Ongenotzt Produktiounscapacitéiten

D‘Krematioun ass awer wichteg, bezunn op d‘Traditiounen… an esou ass déi reell Situatioun vun Indien net gewosst a vill Länner versichen ze Hëllefen. Sauerstofffläschen, Beotmungsapparater a Schutzausrëschtung kënnt aus aller Welt. Och Impfstoffer sollen elo geliwwert ginn, an dat net nëmmen iwwert den Ëmwee vum Programm Covax. Dobäi kéint d‘Land sech selwer gutt hëllefen.

Indien huet riseg, bal onerschëpfbar Produktiounscapacitéiten, kéint den Impfstoff selwer an aus eegener Kraaft hierstellen, mee esou einfach ass et dat net. Sécher ass d‘Regierung eppes „lues“ an hätt eventuell och missen Impfdose bestellen, statt elo, wou et eigentlech schonn eppes vill spéit ass, d‘Produktioun déi noutwenneg wier eropzefueren. Mee dat ass net déi ganz Wourecht…

Stellt sech dann och nach d‘Fro no der Mutatioun. Och den indesche Covid19-Virus verwandelt sech, an den als B.1.617 bekannte Variant, soll esouwuel erhieflech méi ustiechend sinn, an et heescht hie wier gutt géint d‘Impfstoffer opgestallt. Deen ass dann och scho bei eis ukomm, och wann et vill Länner huet, déi versicht hunn de Persouneverkéier mat Indien ganz unzehalen.

D‘Wëssenschaft beschreift den indesche Variant B.1.617 als sougenannten „Duebelmutant“, well hien direkt zwou Verännerungen um Uewerflächeprotein opweist. Dës genetesch Verännerunge stinn am Verdacht de B.1.617 onempfindlech géint Antikierper ze maachen. Et schéngt sécher, datt egal op ee geimpft ass oder duerch Infektioun Antikierper entwéckelt huet, de Schutz geréng ass.

Nach ass ze wéineg iwwert déi indesch Variant B.1.617 gewosst, déi awer potentiell immuninvasiv ass. Esou kann een och kee Mëttel zur Bekämpfung entwéckelen. Gutt wier et och, wann an Indien, d‘Impfcampagne kéint beschleunegt ginn, leider sinn déi passend Parameter net ginn. Et ass och net domadder gedoen, de Persouneverkéier mat Indien anzestellen, esouguer wann et méiglech wier.

mat indymedia/goa

Foto: Dat hinduistesch Pilgerfest Kumb Mela, fir Hindue mindestens esou wichteg wéi d‘Pilgerfaart no Mekka fir Moslemen, dréit aktuell net derzou bäi, datt den Infektiounsrisiko kann agedämmt ginn. Dobäi feelt et an dësem Land net u Produktiounscapacitéiten, mee wa se net genotzt ginn… © Firos nv / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Hinduismus, Impfstoffer, Impfstrategie, Indien, Subkontinent
Next post Previous post