Search

You may also like

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“
Neiegkeeten

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“

Den David W. Nagy ass ee vun 7.948 Doudesaffer, déi

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

[onionbuzz quiz-id=181][/onionbuzz] Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht.

Kenns du d’Land gutt genuch fir hei op mannst 14 Dierfer unhand vun enger Foto erëm ze erkennen?
Neiegkeeten

Kenns du d’Land gutt genuch fir hei op mannst 14 Dierfer unhand vun enger Foto erëm ze erkennen?

[onionbuzz quiz-id=122][/onionbuzz] All Duerf ass anescht. Dat stellt een och

Wat ass gréng a liicht am Däischteren?

Et ass Covid19-Chrëschtdag, wat d‘Entente vun de Veräiner vun „Hënchereng, Fenneng, Näerzeng“ net dovunner ofhält iech de schéinste Beemchen am Land unzebidden

Wat ass gréng a liicht am Däischteren?

2020, ee Joer dat eis nach laang wäert an Erënnerung bleiwe geet sengem Enn entgéint, a wéi et ausgesäit soll et tatsächlech och dëst Joer e Chrëschtdag ginn. Esou de Kleesche sollt mat sengem Gesell dierfen de Kanner e Besuch ofstatten. Hien a säi Kniecht erginn „Zwou“ (an Zuelen: „2“) Persounen, a laut dem gültege Gesetz dierfe genee esouvill Leit als Gäscht doheem opgeholl ginn.

Et sollt een also, dat „Doheem“ eppes der Saison an de Festivitéiten entspriechend ausstafféieren. Als Grondlag, esou zumindest ass et dat hei am Land gewinnt, gehéiert dozou ee Beemchen. Nee net iergend ee Stéck Holz mat Blieder drun, et sollt schonn eppes wéi eng Dänn sinn. Et geet och net duer eng mat derselwechter ze hunn, et sief se wier grouss genuch fir Girlanden opzehänken.

Also muss ee sech eng Dänn besuergen. Si soll natierlech wonnerschéi sinn, gutt richen a vläicht net grad d‘Nolen alleguerten an der gudder Stuff verdeelen. Jo mir wëssen, datt sech dat komplizéiert unhéiert, dofir wëlle mir jo och net datt dir léif Lieser an de Baumaart gitt oder am Internet eppes aus Plastik kaaft. Mir wëssen nämlech wou et déi beschten a schéinste Beemercher gëtt…

De gudden Zweck net vergiessen

Wie mengt datt de Covid19 him dëst Joer op ganzer Linn versaut huet, dee huet net nëmme Recht, mee dat trëfft op vill kleng Duerfveräiner och zou. Hir Keesen hunn zolidd gelidde firwat et hei d‘Geleeënheet huet, hinnen eppes entgéint ze kommen. D‘Entente vun de Veräiner aus den Dierfer Hënchereng, Fenneng an Näerzeng verkeeft nees Chrëschtbeemercher fir deem ze begéinen.

Zu Fenneng op 63 Escherstrooss, gëtt et ab ee Samschdeg 5. Dezember a bis zum 18. Dezember eng grouss Auswiel un de schéinsten Dännen déi dir vir Geld äert eegen nenne kënnt. Mat 40 Euro fir ee Bam bis 1,80 Meter, a 45 Euro fir alles wat méi grouss ass, hutt dir de „must have“ an d‘Veräiner eppes „Inhalt“ an hire Keesen. Dat ass eng klassesch „win-win“ Situatioun, also maacht w.e.g. mat.

Natierlech gëllen op der Plaz all d‘Oplagen déi wéinst der Covid19-Pandemie anzehale sinn, firwat een net emol muss zwéngend dohinner fuere fir säi Bam ze kréien. D‘Entente liwwert am Ëmkrees vu bis zu zéng Kilometer dat dekoratiivt Stéck bis virun d‘Hausdier. Dofir muss ee just den Telefon an de Grapp huelen, de 621 262 177 uruffen an déi gewënschte Gréisst mat Adress nennen.

Wie léiwer mat den eegenen Ae kucke wëll, deen dierf dat selbstverständlech och maachen. Um 63 Escherstrooss, zu Fenneng sinn all Dag tëscht 14 an 19 Auer ganz frëndlech Mënsche bereet, iech bei der Wiel vum richtege Chrëschtbeemchen ze beroden.

Ee puer kleng Detailer

Well et wuel sënnvoll ass ze wëssen, wien wéini den Déngscht huet, a vu wéi enger Veräiner hei riets geet, brauch et e Plang, an dee wëlle mir ech net virenthalen:

  • Samschdes de 5. an 12. Dezember: Fëscherfrënn;
  • Sonndes de 6. an 13. Dezember: Stock-Car Club Happy Hippos;
  • Méindes de 7. a 14. Dezember: Duuschtereg Hexen;
  • Dënschdes 8. a 15. Dezember: Hand an Hand fir Afrika Asbl;
  • Mëttwochs 9. a 16. Dezember: Foyer de la Femme;
  • Donneschdes 10. a 17. Dezember: Chorale Hënchereng, Fenneng, Näerzeng;
  • Freides 11. an 18. Dezember: Entente vun de Veräiner Hënchereng, Fenneng, Näerzeng.

Mir soen all eise Lieser déi sech hei ee Beemche fänken am viraus Merci, a wënschen de Veräiner eng gutt Vente. Wier jo gelaacht, wann een dësem Covid19-Joer, net awer nach kéint eppes Gutts ofgewannen. An dësem Sënn allen ee flott Fest mat engem echte Chrëschtbeemchen…

Illustratioun: © Mihai Dogaru / unsplash

Related topics Chrëschtbeemchen, Chrëschtkëndchen, Entente Hënchereng – Fenneng – Näerzeng, Glühwäin, Kleeschen
Next post Previous post