Search

You may also like

RAF Camora a Bonez MC: Party ënnert Palmen aus Plastik
International Neiegkeeten

RAF Camora a Bonez MC: Party ënnert Palmen aus Plastik

Eng Zousaztour duerch déi riseg Nofro? Dat koum allen Hip

Editorial: Si waren net geimpft!
International Neiegkeeten

Editorial: Si waren net geimpft!

Wann et sécher richteg ass, datt déi meescht ënnert eis,

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)

Eng kleng fiktiv awer leider tragesch Geschicht. Ech roden natierlech

Eis däitsch Nopere maachen d‘Luuchten aus

Wéinst dem Covid19 soll an Däitschland alles wat net gebraucht gëtt zou gemaach hinn

Eis däitsch Nopere maachen d‘Luuchten aus

An enger Telefonskonferenz mat der Bundeskanzlerin hunn sech Bond a Länner drop verstännegt, vum 16. Dezember bis zum 10. Januar all net essentiell Aktivitéiten unzehalen. All déi Geschäfter, wou keng Besoine vum deegleche Liewen ofdecken oder essentiell Servicer ubidden, si vun dëser Moossnam betraff. Esouguer d‘Presenzflicht an der Schoul gëtt opgehuewen, esou de Beschluss.

Covid19

D‘Bundeskanzlerin, déi laang beméit war d‘Länner zu fräiwëllegen, mee gemeinsame Mesuren ze beweegen, huet gëschter däitlech misse maachen, datt Däitschland zum handele gezwonge gëtt an elo och gehandelt géif ginn. De bayresche Ministerpresident Markus Söder (CSU) – deen d‘Mutti un der Spëtzt vum Land ofléise wëll – hat d‘Auer am Bléck, an déi ass op 5 vir 12 hänke bliwwen.

Fir de Bayer heescht et elo „alles oder näischt“. Et kéint een sech ënnert den aktuellen Ëmstänn an de Geforen déi dësen unhänglech sinn, net méi op hallefhäerzeg Decisiounen an endlost Gebraddels aloossen. Dës Coronaviruskris wier, esou de Markus Söder, eng Katastroph. Unhand den Zuele vum Robert-Koch-Institut (RKI) vum Sonndeg: 20.200 Neiinfektiounen – 321 Covid19-Affer, stëmmeg.

Covid19

Wat net zwéngend noutwenneg ass, soll ab e Mëttwoch net méi ze kréie sinn. Den Eenzelhandel, d‘Déngschtleeschter an natierlech de gesamten Horesca-Secteur ginn da fir véier Woche vum Netz geholl. Woubäi nieft Liewensmëttel, dem Fudder fir d‘Hausdéieren an de Medikamenter, och Déngschtleeschter wéi Optiker, Tankstellen, Finanzinstituter an Zeitungsbutteker weider opbleiwen.

Eigentlech war et längst ersiichtlech

Dat interessant un dësem jo awer stramme Schratt, esou wéi en an der Bundespressekonferenz da laang a breet erkläert gouf, ass datt och déi renitent an op den eegene Virdeel beduechten Acteure mëttlerweil schéngen den eescht vun der Situatioun erkannt ze hunn. Zumindest ass et erstaunlech, wéi séier sech elo déi 16 Bundeslänner op eng gemeinsam Linn accordéiert kruten.

Elo hunn awer all déi Ministerpresidenten, déi sech gëschter dem Wëlle vun der Bundeskanzlerin ënnerworf hunn, iwwer Méint aus politeschem Egoismus alles gemaach, fir d‘Situatioun esou wéi een se elo huet, erbäizeféieren. Elo ass maachen d‘Germane genee dat, wat mat aller Gewalt wollt verhënnert ginn: alles zou! An dat dierft eng deier ginn, et soll jo jiddereen entschiedegt ginn.

Covid19

Bei der Berechnung vun de Käschten déi dës wirtschaftlech Vollbremsung verursaacht, ginn engem d‘Dronkenellen aus. Eleng vum Bond – soss hätten d‘Länner wuel kaum matgemaach – soll et eng Finanzsprëtz an Héicht vun 11 Milliarden Euro ginn. Eng wichteg Decisioun, well et den Drock vun de Ministerpresidenten hëlt. De politeschen Drock allerdéngs dierft vun der Strooss erhéicht ginn.

Ganzer zwee Deeg bleiwen de Leit sech „virzebereeden“ an ze organiséieren. Schaffe Jo/Nee?, Homeoffice a Kannerbetreiung… Vill Leit wäerte wuel nach versiche matzehuele wat geet: nach Akafe goen, sech mat Frënn treffen, a firwat och net géint d‘Merkel-Diktatur demonstréieren… Zudeem: d‘Moossname gëlle bis den 10. Januar, eng Verlängerung sollt een net ausschléissen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Jonah de Graaff / Pixabay

Related topics Angela Merkel, Confinement, Covid19, Däitschland, Lockdown
Next post Previous post