Search

You may also like

Elo sollten d‘Chrëschtmäert esou lues all hir Dieren opgemaach hunn
International Neiegkeeten

Elo sollten d‘Chrëschtmäert esou lues all hir Dieren opgemaach hunn

Et gëtt Wanter an d‘Feierdeeg weisen hir kal Nues, firwat

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt
International Neiegkeeten

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt

Se sinn iwwert eng Milliard an der Welt déi et

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)
International Neiegkeeten

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)

Den „Drogeproblem“ ass zu Lëtzebuerg mat den aktuelle Léisungsvirschléi net

Den Darwin léist Gréissen

Groussbritannien deet sech mat de Covid19-Mutatioune schwéier, an elo och nach Besuch aus Südafrika

Den Darwin léist Gréissen

Schonn zanter September woussten déi brittesch Autoritéite vun der déi lescht Woch annoncéierter Covid19-Mutatioun VUI2020/12/01 Bescheed. Och aus Südafrika gouf eng Mutatioun gemellt, dës – mat der Bezeechnung 501.V2 – Covid19-Variant soll nach méi ustiechend sinn, wéi déi schonn zimmlech Virulent englesch Versioun. An déi gouf elo op der Insel festgestallt…

De Gesondheetsminister Matt Hancock huet gëschter erkläert, dat bei zwou Persounen, déi mat Leit a Kontakt waren déi kierzlech aus Südafrika agereest sinn, dës Covid19-Mutatioun festgestallt ginn ass. Nodeems de Minister am Kontext vum „VUI2020/12/01“ scho vu Kontrollverloscht geschwat a jiddereen a Panik versat huet, bereet him elo och dës Variant grousst Kappzerbrieches, well déi nach méi séier iwwerdroe gëtt. Op der Insel wëllen d‘Autoritéiten elo awer nees d‘Kontroll iwwerhuelen.

Covid19

Wéinst dem VUI2020/12/01 hate ganz vill Länner, dorënner besonnesch d‘Küstennoperen Holland, Belsch a Frankräich, mee och Däitschland an esouguer mir zu Lëtzebuerg, d‘Grenze fir Reesender aus Groussbritannien zougemaach. Mam 501.V2 wieren also elo 2 Viral-Héichleeschtungssportler op der Insel ënnerwee, an dat just zu engem Ament, wou de Grenzverkéier nees soll opgeholl ginn.

Zu den éischte Moossnamen déi de Matt Hancock mat der Regierung geholl huet, gehéieren nieft de Reesbeschränkunge fir Südafrika och méi drastesch Mesuren. All Persoun déi an de leschten zwou Wochen a Südafrika war, wéi och all Mënsch deen an de leschten zwou Woche Kontakt zu esou enger Persoun hat muss sech direkt a fir mindestens 14 Deeg a Quarantaine setzen. An der Lescht haten sech d‘Infektiounszuelen op der Insel staark erhéicht, an dat ass elo eng weider Belaaschtung.

Covid19

Dofir sollen dann ab ee Samschdeg d‘Restriktioune weider verschäerft ginn. Zousätzlech Gebidder vu Südengland ginn zu Risikogebidder vum Niveau 3 a 4 erkläert. Do gëllen da ganz streng Reegele fir Ausgang an/oder Deplacementer. Zur Stonn ginn a Groussbritannien eng 19.000 Mënschen an de Spideeler wéinst Covid19 behandelt. Domadder hunn d‘Britte bal de Stand vum Fréijoer erreecht.

Lescht Informatioun zum Covid19-500.V2

mat indymedia/lon

Foto: Wärend sech d‘Regierung zu London mat de Covid19-Mutatioune beschäftegt, ass den nationale Gesondheetsdéngscht NHS an den Altersheemer ënnerwee, fir d‘Pensionäre mam Pfizer/Biontech Vaccin ze impfen. Den 98 järege Veteran Bob Sullivan vu Chelsea, huet sech jiddefalls iwwert dëst virgezunne Chrëschtdagsgeschenk gefreet. © NHS

Related topics 501.V2, B.1.1.7., Covid19-Mutatiounen, Groussbritannien, Matt Hancock, VUI2020/12/01
Next post Previous post