Search

You may also like

What the Fakt – Internationalen Dag vum Äisbier
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vum Äisbier

De 27. Februar steet ganz am Zeeche vum wëlle wäisse

Eng optiméiert Liewensmëttelsécherheet fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Eng optiméiert Liewensmëttelsécherheet fir Lëtzebuerg

Um Dënschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an den Akerbau-, Wäin- a Konsumenteschutzminister

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond
Neiegkeeten

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond

Wéi wäertvoll d‘Brauerei Simon vu Wolz am Kontext vum industrielle

Interessantes a Wëssenswäertes ronderëm de Covid19

Etüde bréngen Erkenntnis, datt d‘Gefor vun enger Iwwerdroung vum Coronavirus iwwer Uewerflächen éischter geréng ass

Interessantes a Wëssenswäertes ronderëm de Covid19

Och no engem Joer Covid19-Pandemie ass en Enn vun der sanitärer Kris net a Siicht. Zu Ufank vun dëser Kris ass sech vill Froe gestallt ginn iwwer de „wéi a wou“ stécht de Mënsch sech un. Vill war rieds gaange vun enger méiglecher Kontaminatioun duerch de Kontakt mat duerch infizéiert Uewerflächen. Zwou Schwäizer Institutiounen hunn elo Etüde virgeluecht déi Entwarnung ginn.

En Team vun der EAWAG (Federaalt Schwäizer Institut fir Waasserwëssenschaften an Technologie) ënnert de Leedung vum Mikrobiolog Tim Julian, hu matten an der éischter Well gefuerscht. Si ware bei den Amerikaner an hunn an enger US-Groussstad ënnersicht, wéi verbreet d‘Coronaviren op den Uewerfläche sinn. D‘Resultat an déi dorausser gewonnen Erkenntnisser si ganz Interessant: 348 Objeten an Uewerfläche sinn vun de Schwäizer Fuerscher gepréift an ënnersicht ginn.

Zu den am meeschten ënnersichten Objeten/Uewerflächen zielen ënnert anerem d‘Klenschen, de Knäppche fir d‘Foussgänger un de roude Luuchten, d‘Tastature vun de Bankomater an natierlech dierf hei net de Zapkrunn op der Tankstell vergiess ginn. An 8% vun den esou erhuewene Prouwen, konnten d‘Wëssenschaftler Bestanddeeler vu Coronavire feststellen. Dat ass net der Däiwel vill.

Covid19Och dës Apparaturen, déi zuweile méi ugepaakt gi wéi gewéinlech Klenschen, stellen aus Siicht vun de Schwäizer Fuerscher kee gréissere Risk duer © Mika Baumeister / unsplash

Heizou erkläert den Tim Julian, datt een domadder gerechent hat, well Coronaviren am Verglach mat anere Viren op Uewerfläche wesentlech méi empfindlech reagéieren, an esou net laang intakt bleiwen. Si wiere villméi iwwerrascht gewiescht, datt si iwwerhaapt esouvill Virematerial fonnt hunn. Mat engem Modell hunn d‘Fuerscher dunn ausgerechent, wéi héich den Infektiounsrisk ass. Dee läit bei 5:10.000, ass also éischter onwarscheinlech, wann natierlech och net ausgeschloss.

Wann ee schonn den Infektiounsrisk bei méiglecherweis kontaminéierten Uewerflächen ënnersicht, mécht et keng Ëmstänn, den Notze vun der stänneger Desinfektioun vun eben den Uewerflächen op de Leescht ze huelen. Aus dëser zweeter Etüd geet elo ervir: D‘Hänn propper halen a reegelméisseg wäschen, ass dee bessere Schutz. Uewerfläche botze wier wuel net verkéiert, mee dat dierft sech net zu Laaschte vun anere Mesuren duerchsetzen. Esou grouss wéi erhofft ass den Notze leider net.

Illustratioun: D‘Klensche wieren, entspriechend de leschten Erkenntnisser vun de Fuerscher vun der EAWAG, net wierklech en Infektiounsrisk. © Markus Spiske / unsplash

Related topics Coronaviren, Covid19, EAWAG, Tim Julian, Uewerflächekontaminatioun
Next post Previous post