Search

You may also like

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!
International Neiegkeeten

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!

Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!
International Neiegkeeten

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!

Vum 20. September bis 27. September organiséiert Youth for Climate

Zeienopruff no Accident tëscht Auto a Vëlo zu Wolwel
International Neiegkeeten

Zeienopruff no Accident tëscht Auto a Vëlo zu Wolwel

Um 23. Juni 2020 koum et géint 18:00 Auer zu

De Covid19 erzwéngt Europawäit Moossnamen

Vill Länner mellen nei Héchstwäerter bei den Neiinfektiounen – Zäit fir en Iwwerbléck

De Covid19 erzwéngt Europawäit Moossnamen

Bistroe mussen hire Dieren zoumaachen, d‘Zuel vun de Gäscht doheem gëtt begrenzt, et gëllt elo och Maskeflicht am fräien… a Ville Länner vun der europäescher Unioun schléit de Covid19 nees zolidd ronderëm sech an erzwéngt vun de Regierungen deels ganz drastesch Mesuren.

Belsch

Zu Bréissel, dem Sëtz vun der EU-Kommissioun, sinn d‘Bistroen an d‘Caféë fir ee ganze Mount zougemaach ginn, d‘Restaurante kënnen ënner besonnesch strengen Oplagen den Ament nach hir Clienten empfänken. Säitens der Santé goufen an de leschten zwou Woche 502 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner gemellt. Mee och an de fënnef wallounesche Provënzen hunn d‘Gouverneure Mesuren ergraff. An de Sportshale mussen d‘Buvette fir ee ganze Mount zoumaachen.

An dräi Provënzen (Hainaut, Liège, Luxembourg) si gréisser „Aktivitéiten“ ënnersot an Halloween wäert hei ausfale mussen. Zu Léck ass et dann elo och verbueden Alkohol am ëffentleche Raum ze konsuméieren. Bal iwwerall muss ee mindestens eng Mask „derbäi“ hunn. Iwwerall wou en héicht Mënschen Opkommen ze verzeechne gëllt Maskeflicht, och dobaussen. Wie géint d‘Reegele sollt verstoussen, muss ënner Ëmstänn eppes méi déif an d‘Täsch gräifen.

Dänemark

Aus dem dänesche Gesondheetsministère heescht et, datt d‘Zuele wuel réckleefeg wieren, een awer aus Sécherheet déi bestoend Moossname bis den 31. Oktober verlängert. Den Horesca-Secteur huet Uerder ab 22 Auer zouzemaachen, d‘Maskeflicht gëllt iwwerall wou sech Leit ophalen. Ëffentlech Versammlungen a Veranstaltungen a geschlossene Räim sinn op 50 Persoune beschränkt. Wou et méiglech muss Homeoffice gemaach ginn an d‘Leit ginn opgeruff den ëffentleche Verkéier an de Spëtzestonne méiglechst ze vermeiden.

Éisträich

Am Alpeland gouf elo och nees en neien Héchststand gemellt. Mat iwwer 1.200 Neiinfektiounen a 24 Stonnen huet d‘Regierung sech fir Moossnamen entscheet. D‘Wirtschaftsministesch Margarete Schramböck schléisst en zweete Lockdown net méi aus. D‘Leit an Éisträich fänken awer och un Zweiwel un der Gestioun vun der Covid19-Pandemie ze kréien. Den Ament gëllt schonn eng Ausgangsspär vu 1 Auer bis 6 Auer. Am ëffentleche Raum dierfe maximal 10 Leit zesummestoen.

Frankräich

Bei eise franséischen Noperen ass d‘Situatioun extreemst ugespaant. A kengem Land vun der EU ass d‘Zuel vun den Neiinfektiounen esou héich. Mat ronn 19.000 neie Fäll pro Dag a Spideeler déi nees un hir Grenze stoussen, war d‘Regierung genéidegt nees duerchzegräifen. Fir eng ganz Rëtsch Stied ass déi maximal Alarmstuf ausgeruff ginn. Fir Grenoble, Lille, Lyon a Saint-Etienne gëllen déi verstäerkt Moossnamen ab dësem Samschdeg. De Vëlo-Klassiker Paris-Roubaix fält aus.

Schonn zënter dem Dënschdeg sinn zu Marseille, Paräis an op der Guadeloupe déi streng Mesuren a Kraaft. Et ass op all dëse Plazen déi lescht Stuf virum sanitären Noutstand. Iwwerall musse Bistroen a Caféen zoumaachen, an de Restaurante gëlle verschäerfte Reegelen, Aschränkunge gëtt et och fir Sportshalen/Schwämmen. Och am Privatberäich gëllt Maskeflicht an Distanz wa Besuch kënnt.

Groussbritannien

A Schottland ginn, nodeems et iwwer 1.000 Neiinfektiounen den Dag huet, méi streng Moossnamen duerchgesat. Zanter dem Mëttwoch gëllen am Zentrum vu Schottland – dozou gehéieren Edinburgh a Glasgow – fir 14 Deeg déi häertst. Den Horesca-Secteur ass ganz dicht. Am Rescht vum Land ass et net vill besser: Pubs a Restauranten dierfe keen Alkohol méi zerwéieren, a mussen no 18 Auer och zoumaachen.

Och an England soll datt esou ëmgesat ginn: méiglecherweis kéint schonn ab e Méindeg de ganzen Horesca-Secteur inklusiv Hotellerie zougemaach ginn. Iwwer déi endgülteg Mesure gëtt wuel nach gestridden, esouwuel wat d‘Ausmooss wéi d‘Dauer dovunner betrëfft. Groussbritannien ass, bezunn op d‘Doudesaffer, nach ëmmer dat am schlëmmste vun der Pandemie betraffend Land an Europa. An op en neits sinn d‘Spideeler iwwerlaascht.

Irland

Säit en Dënschdeg ass och an Irland nees eng Aart Ausnamezoustand ugesot. Et dierfen am Horesca-Secteur keng Cliente méi an de Raimlechkeeten zerwéiert ginn a generell sinn d‘Bierger opgeruff sech nëmmen nach dann ze deplacéiere wann et wierklech noutwenneg ass. Homeoffice ass Flicht, et sief et géif net anescht goen. D‘Kierche mussen zoubleiwen an hir Déngschter online ubidden. Experten haten der Regierung zum Lockdown geroden, wat aus wirtschaftleche Grënn inakzeptabel ass.

Italien

Am „bella Italia“ huet d‘Regierung landeswäit d‘Maskeflicht och am fräien ugeuerdent. Aus Roum heescht et: wien seng Wunneng ouni Mask virum Gesiicht verléisst kann ee Protokoll vu bis zu 1.000 Euro kréien. Eenzeg bei sportlechen Aktivitéiten dierf d‘Mask fale gelooss ginn. Am private Beräich, oder do wou sech just eng Famill ophält, trëfft d‘Regel net zou. Kanner ënner 6 Joer sinn och vun der Maskeflicht befreit.

De Gesondheetsminister huet ugeuerdent, datt Voyageuren aus der Belsch, Groussbritannien, Holland an Tschechien sech mussen teste loossen. Bei der éischter Well hat Italien iwwer 30.000 Covid19-Affer ze bekloen a wëll sech dat net nach eng kéier undoen. D‘Regierung huet sech zudeem ee Gesetz vergënnt, dat de Regioune verbitt, Moossnamen ze beschléissen déi manner restriktiv sinn, wéi déi vu Roum. Méi streng Mesure sinn dogéint méiglech.

Polen

D‘Regierung zu Warschau huet och eng generell Maskeflicht am ëffentleche Raum beschloss. Dat gëllt ab haut 10. Oktober an ob onbestëmmten Zäit. De Premier Mateusz Morawiecki huet gesot datt déi zweet Well elo do wier an de Gesondheetssystem schonn nees u seng Grenze stéisst. Hie wëll elo alles ënnerhuele fir ee Lockdown ze verhënneren. Dat ganzt Land gëllt als Risikogebitt. Entspriechend den Informatioune vum Gesondheetsministère läit d‘Zuel vun den Neiinfektiounen den Ament bei iwwer 4.000/Dag. Um Freideg hat Polen 76 Affer ze bekloen…

Spuenien

Madrid ass déi am stäerkste betraffen europäesch Haaptstad mat iwwer 700 neie Fäll pro 100.000 Awunner. Ee Geriicht hat dee vun der Zentralregierung decidéierte „Lockdown“ fir Madrid an 9 weider Stied an der Regioun opgehuewen. D‘Regierung huet dat net appreciéiert an als Reaktioun drop huet si den Noutstand fir d‘Regioun Madrid ausgeruff. Dee gëllt elo emol fir zwou Wochen. D‘Regionalregierung déi géint de Confinement geklot ass, ass domadder op d‘Plaz gesat ginn.

Betraff sinn zéng Stied, an hei dierfen d‘Leit hire Wunnuert nëmmen nach mat engen trëftege Grond verloossen, wéi op d‘Schaff fueren oder bei den Dokter goen. 7.000 Poliziste sollen dofir Suerg droen, datt dës Mesuren och agehale ginn. Auswäerteger dierfen och nëmmen nach ënner besonnesche Konditiounen an déi vun der Mesure betraffe Stied eran.

Tschechien

An Tschechien huet et zanter dem Ausbroch vun der Pandemie, fir déi éischter Kéier iwwer 5.000 Neiinfektiounen den Dag, an d‘Regierung huet direkt mat massiven Aschränkungen am Alldag reagéiert. Ab ee Méindeg ginn d‘Fräizäitaktivitéite quasi ganz ënnersot. Kino, Theater an och déi zoologesch Gäert musse fir 14 Deeg zoumaachen. Sportveranstaltunge ginn ausgesat, woubäi et Ausname fir international Rencontere ka ginn.

Den Horesca-Secteur muss ab 20 Auer seng Dieren zoumaachen. Un den Dëscher dierfe maximal véier Persoune sëtzen. Och am Bildungsberäich gëtt et Mesuren: d‘Hierschtvakanz gëtt ëm eng Woch verlängert, den Home-Schooling landeswäit ausgebaut. De Gesondheetsminister Roman Prymula huet erkläert, datt sollt et mat den Neiinfektiounen an deem Rhythmus virugoen, da wier a 14 Deeg de Gesondheetssystem iwwerlaascht.

mat indymedia/bru/cph/vie/par/lon/dub/rom/waw/mad

Illustratioun: © United Nations / unsplash

Related topics Belsch, Covid19, Dänemark, Europa, Frankräich, Groussbritannien, Irland, Italien
Next post Previous post