Search

You may also like

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
International Neiegkeeten

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
International Neiegkeeten

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?
International Neiegkeeten

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?

De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament organiséiert eng Talkronn iwwert

Covid19: D‘EU mécht 14 Länner nees d‘Grenzen op

Covid19: D‘EU mécht 14 Länner nees d‘Grenzen op

Europa hat am Kontext vun der Covid19-Pandemie entscheet seng Grenze fir Auslänner aus Drëttstaaten zouzemaachen. Ab dem 1. Juli sollen dës Beschränkungen awer fir eng Rei Länner opgehuewe ginn. Grouss Iwwerraschunge sinn ausbliwwen.

Dës Arees-Lackerunge betreffe fir unzefänken emol dës 14 Länner: Algerien, Australien, Georgien, Japan, Kanada, Marokko, Montenegro, Neiséiland, Ruanda, Serbien, Südkorea, Thailand, Tunesien an Uruguay. China kann nach mat op d‘Lëscht geholl ginn, mee dofir misst emol Peking bereet sinn d‘Areesbeschränkunge fir Europäer ophiewen. Fir ganz Europa schéngt dat awer net méiglech.

Interessant, ënnert de Länner wou et esoubal net soll zu „Lackerunge“ kommen, gehéieren nieft de Brennpunkten: Brasilien, Indien, Russland a Südafrika, och d‘USA. Offiziell soll dës Mesure nach haut am Laf vum Dag verëffentlecht ginn, schliisslech brauch et dofir jo och nach den offiziellen Accord vun de Memberlänner. Dee schéngt sécher ze sinn, soss hätt een dës Annonce net gemaach.

Weider heescht et, datt een zu Bréissel d‘Evolutioun vun der Covid19-Pandemie ganz opmierksam verfollegt. D‘EU-Kommissioun wëll dann och all véierzéng Deeg d‘Areesbeschränkungen op de Leescht huelen, an d‘Zoulässegkeet entspriechend den Infektiounszuelen upassen. Innerhalb der EU (Ausgeholl Groussbirtannien) gëtt den Ament just regional „Warnungen“ a Recommandatiounen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Michal Parzuchowski / unsplash

Related topics Areesbeschränkunge, Covid19, EU-Grenzen, EU-Kommissioun
Next post Previous post