Search

You may also like

Mir sinn Europa! Oder awer och net
International Neiegkeeten

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
International Neiegkeeten

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
International Neiegkeeten

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir

Frankräich huet et gëschter annoncéiert, Däitschland setzt ab ee Méindeg eng Versioun „light“ an, déi Éisträicher wëllen sech dem Berliner Modell uschléissen, an och soss gesäit et an der Unioun nees éischter besuergnesereegend aus. Och Lëtzebuerg huet elo eng Spärstonn, a schonn nächste Mëttwoch kéint de Premierminister eis och nees an de Confinement schécken…

D‘Covid19-Pandemie – rieds ass vun enger zweeter Well – hëlt nees dramatesch Formen un a wéi scho bei der „éischter Well“ ass d‘Politik iwwerrascht ginn an ergräift éischter panesch Mesuren, wéi datt een den Androck hätt, hei géif iwwerluecht virgaangen. Déi mannste schéngen dann och déi wëssenschaftlech Erkenntnisser an déi dorausser ofgeleete Rotschléi befollegt ze hunn.

Villeruerts féiert dat zu erhiefleche Beschneidunge vun de Grondrechter. Esou huet den Emmanuel Macron gëschter senger Landsleit erkläert, datt si nees confinéiert ginn an ee Mënsch ab dem 6 Joer eng Mask muss undoen. Dat esouwuel am ëffentleche Raum wéi a geschlossene Raimlechkeeten. Et dierf drop higewise ginn, datt d‘Restriktiounen eppes manner aschneidend sinn wéi am Fréijoer.

Allgemeng gëllt datt d‘Leit mussen doheem bleiwen an nëmme mat engem Attest virun d‘Dier dierfen. Also op d‘Schaff, akafen, Dokter, familiär Visite, mam Hond eraus, asw. ass erlaabt. Bistroen a Restaurante bleiwen zou, d‘Schoulen – Universitéiten an Héichschoule sinn ausgeholl – bleiwen op. Nëmmen „essentiell“ Geschäfter dierfen ophunn. Dat gëllt emol bis den 1. Dezember.

A soss esou?

Wärend een unhand den Zuelen, déi vun der Regierung a Frankräich beschlosse Mesure nach kann novollzéien, bitt sech engem an Däitschland een eppes anert Bild. Hei ass et schonn erstaunlech, datt d‘Angela Merkel d‘Bundeslänner derzou beweege konnt, sech op eenheetlech Moossnamen ze verstännegen. Dat wat d‘Germane wëlles hunn, léist sech als „November-Experiment“ beschreiwen.

Déi geplangte Mesuren, déi ab ee Méindeg a Kraaft triede sinn drastesch, beäntwerten awer keng eenzeg vun de ville Froen, déi se begleeden. An Däitschland – wéi anerwäerts och – stellt sech d‘Fro, wat d‘Schléissung vum Horesca-Secteur bewierke soll, unhand wéi enge wëssenschaftlechen Erkenntnisser een de positiven Effet beleeë kann? Dat gëllt och fir déi verhaange Spärstonnen.

Wann et der Regierung elo zwar u wëssenschaftlechen Erkenntnisser net feelt, si awer net Amstand ass déi verständlech ze vermëttelen, esou gräift dës op „Zuelen“ zréck fir d‘Urgence an d‘Ausmooss vun de Mesuren ze rechtfäerdegen. Den „Infektiounsbarometer“ geet duerch de Plafong, en Tracing ass net méi méiglech an de Besoin un Intensivbetter huet sech bannent enger Woch verduebelt.

Mat den Aschränkunge geet der Bundesregierung dann och emol virrangeg dorëms, d‘Servicer an d‘Spideeler net ze iwwerlaaschten. Datt iwwer Jore d‘Better ofgebaut an de Rekrutement niddreg gehale gouf, dreet elo de Gesondheetssystem kollabéieren ze doen. An zwou Woche soll nach emol iwwerpréift ginn, ob d‘Mesure gegraff hunn, noutfalls misste weider Restriktioune beschloss ginn.

Ee „Kuerze“ mat „Wäitsiicht“

Eisem Ausseminister säi grousse Frënd, Sebastian Kurz, senges Zeeche Kanzler vun Éisträich, huet festgestallt, datt Berlin ee „Quasi-Lockdown“ beschloss huet, wat natierlech den Éisträicher dann och net entgaangen ass. Zudeem leien d‘Infektiounszuelen am Alpeland duebel esou héich wéi bei hiren däitsche Verwannten. An enger Rei Bundeslänner stoussen d‘Spideeler schonn un d‘Grenzen.

An der Steiermark ass d‘Belaaschtung deraart héich, datt schonn éischt Intensivpatiente mussen op aner Haiser verdeelt ginn. De jonke Kanzler, deem bei ville politesch brisanten Theme virgeworf gëtt just „jodelen“ ze kënnen, wëll dem däitsche Beispill follegen. Ab dem haitege Freideg ass dat ganzt Land op „rout“ gestallt an eng lescht Experteronn, soll d‘Moossnamen elo finaliséieren.

Och wier e Gespréich tëscht de Regierungscheffe vu béide Länner geplangt, wuel fir sech op eng gemeinsam Linn ze accordéieren, bei der fir haut ugesate Videokonferenz, vun den europäesche Staats- a Regierungscheffe kann néideg sinn. Bei eise belschen Noperen ass d‘Lag och net besser, woubäi de Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke eng ganz interessant Feststellung mécht.

„D‘Leit Verstinn de Sënn vun de Moossnamen net“, esou de Minister op der Tëlee, nodeems hien sech am Spidolswiesen ëmgekuckt huet. De medezinesche Corps verlaangt de Confinement, mee d‘Wirtschaftsacteure verlaangen d‘Weiderféierung vun den Aktivitéiten. Dobäi ass gewosst an och geséchert, datt de belsche Gesondheetssystem längst iwwerfuerdert ass. Et geet näischt méi…

Aus dësem Grond kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt de Frank Vandenbroucke senge Leit och erkläert huet, datt et mat op véier Woche begrenzte Moossname senger Liewen net wäert duer goen an ee gutt berode wier sech op längerfristeg Mesuren anzestellen. Dat sollten d‘Bierger a ganz Europa, a vläicht besonnesch hei zu Lëtzebuerg, sech endlech bewosst ginn. Da kann een et ugoen.

mat indymedia

Illustratioun: © Anastasia Chepinska / unsplash

Related topics Confinement, Covi19, Europa, Lockdown, Sanitär Kris
Next post Previous post