Search

You may also like

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg

Jiddereen dierf esou domm si wéi e wëll (oder kann)

Fussball: Eis Kinneken vum 3. September 2017
International Neiegkeeten

Fussball: Eis Kinneken vum 3. September 2017

Den 3. September 2017 huet d’Lëtzebuerger Equippe eng vu senge

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft
International Neiegkeeten

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft

Zanter dem Méindeg 7. September gouf déi 38 järeg Oppositiounspolitikerin

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee flächendeckenden an ëmfangräichen Test fir seng Awunner an d‘Grenzgänger entscheet hat, hat och d‘Bundesland Bayern beschloss op dëse Wee ze goen. Elo geséich et den däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU) gären, wann d‘Prozedur op dat ganz Land ausgewäit géif ginn.

De fréiere bayresche Ministerpresident huet sech fir de flächendeckenden Test – dee gratis ass – ausgeschwat. Wann een sech der Covid19-Pandemie konsequent wëll unhuelen, misst ee sech déi entspriechend Mëttel ginn, esou den Horst Seehofer géintiwwer de Kolleege vun der „Welt am Sonntag“. Et wier zwéngend noutwenneg ee kloert Bild zur Infektionslag am Land ze hunn, fir déi richteg Entscheedungen treffen ze kënnen.

Wat d‘Käschte vun esou enger Entreprise betrëfft, esou sollen déi net vun de Krankekeesen, mee vum Staat gedroe ginn. Eng Decisioun déi an der grousser Koalitioun sollt op Zoustëmmung stoussen, schliisslech hunn CDU/CSU an SPD an hirem Konjunkturpak beschloss, datt et net soll zur Erhéijung vun de Cotisatioune kommen.

Mat sengem Virstouss ënnerstëtzt den Horst Seehofer och d‘Entscheedung vum Ministerpresident Markus Söder, deen als éischte gratis Tester a Bayern ugekënnegt hat. Dësen huet dofir vill Kritik erhalen, besonnesch wëll de Fräistaat d‘Käschten an all deene Fäll iwwerhëlt, wou d‘Keesen net an der Flicht sinn. De Budget fir de flächendeckenden Test gëtt mat 200 Milliounen Euro beziffert. D‘Testkapassitéite solle vun 20.000 op 30.000 Tester den Dag gehéicht ginn.

Wärend de Berliner Buergermeeschter Michael Müller (SPD) dëse Schratt begréisst, gëtt et vun anerer Säit Konter. Esou huet de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Lascht (CDU) net wëlles et de Bayern nozemaachen. „Mir maachen an Nordrhein-Westfalen dat wat mir fir richteg halen“, esou de Minister, dee sech net grad duerch seng Krisegestioun ervirdeet an och an der Kausa Tönnies en éischter Schwaacht Bild ofgeliwwert huet.

Och an Thüringen a Baden-Würtemberg huet een en éischter skeptesche Bléck op déi bayresch Strategie. Hei ass een der Meenung, datt mat dësen Tester ee falscht Sécherheetsgefill vermëttelt gëtt. Esou ee prophylakteschen Test kéint net hale wat ee sech dovunner versprécht, mengt de Baden-Würtemberger Gesondheetsminister Manne Lucha, dee sengersäits eng erweidert Strategie bei den Tester beschloss huet. Dat betrëfft awer den Ament just d‘Fleegepersonal.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Tai‘s / unsplash

Related topics Covid19, Däitschland, Flächentest, Horst Seehofer
Next post Previous post