Search

You may also like

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren
Neiegkeeten Stories

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren

Wéi den OGBL matdeelt, sinn no aacht Verhandlungsronnen tëscht Personaldelegatioun

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell
Neiegkeeten Stories

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell

Nodeems scho leschte Sonndeg d‘Monteuren am Nordspidol (CHdN) ganz engagéiert

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt
Neiegkeeten Stories

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt

Bei entspaanter Atmosphär um Mëttwoch huet et mam Stater Schäfferot

Covid19-Gesetz: Et gouf interessant Schnëssstécker (kommentéiert)

D‘Verlängerung vun de gesetzlecher Mesuren am Kampf géint de Covid19 gouf alt nees am Dissens a mat de Stëmme vun der Koalitioun duerchgesat – D‘Motioune wéi och d‘Amendementer vun den Oppositiounsparteien si geschreddert ginn

Covid19-Gesetz: Et gouf interessant Schnëssstécker (kommentéiert)

Fir de Rapporter vum Gesetz, de President vun der Gesondheetskommissioun Mars di Bartolomeo, gëtt den Exercice zur Routine. D‘Situatioun am Land wier besser ginn, mee et kënne keng weider Erliichterungen zouloossen. Schold dorunner huet d‘Covid19-Mutanten, méi besonnesch déi als „brittesch Variant B.1.1.7.“ identifizéiert Souche, déi extrem virulent ass a Problemer verursaacht.

Dozou huet de Premierminister Xavier Bettel gemengt: „Mir wëssen net aus wat muer gemaach ass“. Datt een an ongewëssen Zäite lieft, datt dierft een allerdéngs spéitstens bei der Aféierung vum Etat de Kris am Mäerz 2020 gewosst hunn. Woubäi, bis Politiker hiren Ego, perséinlech Interessen a spéider „Job-Opportunitéiten“ iwwerwonnen hunn an d‘Problemer uginn, kann et eppes daueren.

Et kann een dann och d‘Wuertmeldunge vun de Koalitiounspartner iwwersprangen (wien sech awer iwwerzeege wëll, kann sech alles um Site vun der Chamber nach emol eranzéien). Dräimol méi oder wéineger déi selwecht Positioun, rhetoresch un d‘Parteifaarwen ausgeriicht, awer gänzlech vun Inhalt befreit… Woubäi net ganz, partiell ass d‘Oppositioun „onverblimmt“ gezësst ginn.

Och dat ass – ëmmerhin si mir hei scho beim 10. Vott vun engem Gesetz ukomm, datt sech éischter duerch Onverständlechkeet wéi Koherenz a sengen Artikelen ervirdeet – Chamber an am presente Kontext kee Novum. D‘Oppositioun huet sech entspriechend zur Wier gesat, an eng Rei Motiounen agereecht. Et gouf beim Debat kee Blat virun de Mond geholl, firwat et net langweileg ginn ass.

Iwwert dem fale léieren d‘Kanner lafen

Interessanterweis huet den CSV-Deputéierte Claude Wiseler der Regierung, seng Ënnerstëtzung am Bezuch op d‘Verlängerung vun de Moossnamen zougestanen. Hien akzeptéiert d‘Erkenntnis, datt et um jëtzegen Zäitpunkt kengem méiglech ass, eng genee Timeline virzeginn. Esouvill fir de Volet „Zoustëmmung“, well datt d‘Regierung net amstand ass, bannent engem Joer eng Strategie, déi „Kapp a Fouss“ huet, virzeleeën a weder mëttel- nach laangfristeg Perspektiven huet, geet guer net.

Esouguer de Gilles Baum, Fraktiounspresident vun der Demokratescher Partei, huet erkannt datt et de Leit ufänkt duer ze goen, verkennt als Liberalen awer d‘Fakten. Wann et sécher richteg ass, datt d‘Flemm mam Covid19 an der Populatioun verbreet ass, esou sinn es d‘Leit nach eppes méi midd, all zwou bis dräi Wochen deeselwechten onverständleche Brach verbal ëm d‘Ouere geschloen ze kréien. Dozou den DP-Deputéierte: „Mir mussen de Leit Merci soen déi sech un d‘Reegele gehalen hunn. Hire Bäitrag huet et eis erlaabt dohinner ze komme wou mir haut stinn“. En gewoten Ausso.

Interpretéiert een dem Gilles Baum säi Statement richteg, dann hunn d‘Bierger an d‘Frontalieren am Land sech zwar gutt beholl, awer och derzou bäigedroen datt d‘Situatioun nach ëmmer kritesch ass, firwat den Horesca-Secteur och weiderhi muss zoubleiwen? Natierlech huet de Schoulmeeschter dat anescht gemengt. De LSAP-Fraktiounschef Georges Engel mécht et sengem Partner no a mengt do sengersäits: „Net all d‘Leit si sech bewosst datt hire kollektiven Effort derzou bäigedroen huet, datt d‘Kapassitéite fir net-Covid19-Urgencen an de Spideeler nees bestinn“. Gutt datt dat gekläert ass…

Bei der Fraktiounspresident vun déi gréng, Josée Lorsché, ass et ewell fir d‘zweet, wou ee konnt tëscht den Zeilen eraushéieren, datt een net mat allem averstanen ass. Si huet iwwer wäit Strecken ewech vun der Regierung eng mëttel- a laangfristeg Strategie verlaangt. De Premier huet datt um Enn vum Debat mat engem Ageständnis opgefaangen, huet awer direkt kloer gestallt, datt een wuel d‘Missioun hätt ee Plang opzestellen, dat bezunn op d‘Aktualitéit awer en utopesche Gedanken ass.

Sozialliberalen Totalitarismus am grénge Mäntelchen

Fir den ADR-Deputéierte Georges Engelen huet sech zënter dem leschte Vott, de benotzte Wuertlaut vun der Regierung an der Koalitioun net verännert, an hie weist op eng „totalitär Tendenz“ hinn. Et ass net verkéiert, zumindest wann sech d‘Fro stellt, wéi vill Fräiheet ee muss bereet sinn opzeginn, fir déi vermeintlech Sécherheet déi engem virgegaukelt gëtt, als „komfortabel“ ze empfannen…

Bei den déi lénk huet ee Versteesdemech dofir, datt et schwiereg bis onméiglech ass ze bestëmmen aus wat de Muer gemaach ass. Den Deputéierte Marc Baum huet allerdéngs Recht domadder, datt d‘Bierger en Usproch op Previsibilitéit a Perspektiven hunn. Mir si keen Entwécklungsland dat op déi international Gemeinschaft ugewise wier a sech Léisunge muss diktéiere loossen. Oder?

A wéi sot de Sozialist Goerges Engel (deen nach ëmmer de beweis ze erbréngen huet wou all déi sëllege Kanner sinn, déi ouni Schoulkantin keng waarm Moolzecht kréien). „Lëtzebuerg geet säin eegene Wee. Dat ass deen eenzeg richtege Wee“. Leider ass et däischter op dësem Wee, an et feelt erschreckend un helle Käpp… Fréier hätt een zur Sécherheet eng Täscheluucht an de Grapp geholl.

Dat do och den engagéierten Deputéierte vun der Piratepartei, Sven Clement, lues awer sécher net méi bereet ass – den alen Huesen déi d‘Zukunft schonn hannert sech gelooss hunn – alles ofzekafe just et well et sech schéckt, éischter erfreelech. D‘Positioun zur X-ter Versioun vum Gesetz bleift onverännert. Och hien erwiert sech der Verletzung, jo der Ofschafung vun eise Grondrechter.

Wann den Här vum Max eng tëscht Bee kritt

Wann den Debat zum Gesetz nach eenegermoosse gesittet ofgelaf ass, esou war et bei den Debaten an Ofstëmmunge vun de Motiounen eppes méi ruppeg. Déi verbal Ausfäll vun esou zimmlech allen Intervenante waren allerdéngs wesentlech méi opschlossräich, wéi de ganzen Debat zum Gesetz.

Esou beispillsweis den Ëmgang mat der Motioun vun der Piratepartei, mat där d‘Regierung héiflech „invitéiert“ gëtt: „ze envisagéieren zäitno d‘Lafdauer vun de Bäihëllefe fir ongedeckte Käschte bis den 31. Dezember 2021 ze verlängeren“. D‘Carole Hartmann (DP) huet hirersäits gemengt, datt et duer géif doen, datt „au fur et à mesure“ ze decidéieren. Eng Ausso déi esou net vum CSV-Deputéierte Marc Spautz akzeptéiert gëtt, well esou eppes nees vill Opwand bedeit.

Fir den Auteur vun der Motioun, Sven Clement, bleift do just d‘Feststellung, datt d‘DP domadder déi ministeriell Rhetorik iwwerhëlt. Si hätte besser dru gedoen d‘Motioun an de Grond ze verstoen, et géif hei schliisslech ëm d‘Planungssécherheet goen, ouni déi een als Wirtschaftsacteur einfach net schaffe kann. Esouguer de Fernand Kartheiser (ADR) huet d‘DP drop higewisen, datt dës Motioun näischt anescht wéi „gesonde Mënscheverstand“ zum Ausdrock bruecht huet.

D‘Simone Beissel (DP) huet hirersäits wëlle feststellen, datt nees alles géif vermëscht ginn. Woubäi eigentlech sollt et heeschen datt de Sven Clement vill Jonk ass fir esou komplex Problemer ze verstoen an datt d‘Regierung eng „Ligne de Conduite“ hätt, zu där vill a breetgefächert Mesurë gehéieren. Dat konnt de „Bouf“ konteren an huet der Seniorin ze verstoe ginn, datt hie respektéiere ka wann si dergéint stëmmt, et am héijen Haus awer ubruecht wier de „Blödsinn“ ze ënnerloossen.

Fir de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) héich Zäit dertëscht ze sprangen. Och hien huet eng interessant Form vun der Verklärung gewielt. Esou heescht et do, datt de Sven Clement keng „kloer Fuerderung“ gestallt hätt. Dat bezitt sech op d‘Ausdréck „invitéieren“ & „zäitno“. De Minister stellt zudeem fest, datt hei d‘Konkurrenzreegele géifen ausser Kraaft gesat ginn. Erneit kontert de Sven Clement, an hält sarkastesch fest, datt de Minister mat sengem Statement de Patronen ënnerstellt de Buttek léiwer zouzeloossen, wéi ze schaffen. De Georges Engel ass dorops hinn Ausfälleg ginn.

Et wier gutt nees zur Rou ze kommen

Och bei deenen anere Motioune vu Piraten, ADR an CSV, huet sech d‘Majoritéit net grad vun hirer beschter Säit gewisen. Dat léist de Schluss zou, datt déi ëmmer an de Rieden op der Chamberstribün zitéiert „konstruktiv Zesummenaarbecht“ an de Kommissiounen ee Mythos ass. Wann zum Beispill de Mars di Bartolomeo behaapt, datt am Kontext vun engem gefuerderten Amendement (ART4.1.) alles an der Kommissiounssëtzung frëndschaftlech gekläert gi wier an d‘Präzisiounen aus Grënn an dat nächst (jo et wäerten nach vill dëser Modifikatioune ginn) Covid19-Gesetz afléisse gelooss gëtt.

Dozou huet de Sven Clement gemengt, datt de President vun der Gesondheetskommissioun géif Dommheeten erzielen. Et wier falsch hei op „kuerzfristeg“ wëllen hinzeweisen, den Amendement hätt ganz fréizäiteg a laang virun der Weiderleedung vum Text un de Staatsrot (dee jo muss säin Avis ofginn) virgeleeën. Villméi – an dat dierft den Adrenalinspigel beim Mars di Bartolomeo an de roude Beräich gedriwwen hunn – hätt hien als President vun der Kommissioun wëssentlech agéiert den Amendement „ze verschleefen“. No „konstruktiv zesummeschaffe“ kléngt dat allerdéngs net.

Méi generell bleift festzehalen, datt d‘Motioune generell mat 31 Stëmme verworf, beschtefalls nach an d‘Kommissioune verwise ginn, wou se awer seele behandelt ginn. Eigentlech kéint ee behaapten et géif alles geschreddert. Dat wier net richteg, well nëmme well een eppes an den Tirang leet ass et net aus der Welt geschaaft. Un a fir sech näischt Besonnesches, woubäi et ënnert normalen Ëmstänn keng Pandemie huet, déi d‘sozial Kohäsioun bedreet an am Begrëff eng Wirtschaftskris auszeléisen.

Illustratioun: © Tim Oun / unsplash

Related topics Amendement, Chamber, Covid19-Gesetz, Dissens, Motioun
Next post Previous post