Si hunn nees ee Sondage bestallt (Analys)
Et geet op Chrëschtdag zou an et schéngt et géifen
Et geet op Chrëschtdag zou an et schéngt et géifen
Am Sträit deen d‘CSV mat der Regierung wéinst der „streng
Zanter gëschter ass et offiziell: déi geltend Moossnamen am Kampf géint de Covid19 gi mat de Stëmme vun der Koalitioun verlängert. De Gesetzprojet 7768 ass mat den 31 Stëmme vun DP, LSAP an déi gréng, géint 29 Géigestëmme vun der CSV, ADR, Piraten an déi lénk ugeholl ginn.
Zousätzlech zu de bekannte Mesure gëtt et nach neien Inhalt: dat betrëfft d‘Educatioun, de Sport an den Traitement vun de perséinlechen Daten:
Am Kontext vum Gesetz, hat den ADR-Deputéierte Jeff Engelen eng Resolutioun abruecht, mat där de Rechnungshaff sollt beoptraagt ginn, ee spezielle Rapport iwwert den LST ze erstellen. Déi ass wéi üblech am „ronnen Dossier“ ofgeluecht ginn. Dogéint ass déi vum Sven Clement, Piratepartei, virgeluechte Motioun, zur Elaboratioun vun engem wëchentleche Rapport zu den Infektiounen an de Gemengen, iwwerraschend ugeholl ginn.
Déi zweet Motioun vum Deputéierte vun der Piratepartei, an där d‘Regierung ageluede gëtt: „D‘Pressekonferenz vun alle Regierungsmemberen, mat all de Froe vun de Journalisten a Journalistinnen, an den Äntwerte vum Minister oder der Ministesch, op den offizielle Kanäl vun der Regierung ze verëffentlechen“, ass selbstverständlech verworf ginn. Et ass net, well et esou eppes wéi ee Koalitiounsaccord gëtt, datt ee sech dorunner hale misst.
Well nach ëmmer un der Verfassungsreform gedoktert gëtt, d‘Bierger awer éischter vun dësem Prozess ausgeschloss ginn, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Resolutioun an der Chamber deponéiert, mat där ee breeden an ëffentlechen Debat iwwert d‘Verfassungsreform soll lancéiert ginn. Ausser de Piraten an den déi lénk, déi sech hei enthalen hunn, war de Rescht géint d‘Resolutioun.
A senger Resolutioun, weist den ADR-Deputéierten drop hin, datt déi meeschte Parteie virun de Wale vun 2018 domadder getéint hunn, datt déi nei Verfassungstexter enger breeder Ëffentlechkeet géif virgeluecht ginn, et dozou en Debat géif ginn. Dorunner schéngt kee méi interesséiert ze sinn, an et ass dovunner auszegoen, datt et wuel och net méi zu engem Referendum komme wäert. Jo, Demokratie ass net einfach…
Well een NATO-Member ass, an als solches muss seng Verantwortung iwwerhuelen (besonnesch bezunn op d‘Ausgabe vun 2% vum BIP fir d‘Rëschtung) ass gëschter och de Gesetzprojet 7664 ugeholl ginn. Mat dësem Gesetz soll de legalen Effektiv vun der Arméi – vum Zivilist bis hin zum Offizéier – erhéicht ginn. Fir den Zäitraum 2020-24 ass de Rekrutement vun 164 Leit virgesinn.
D‘Rapportrice vum Gesetz, Stephanie Empain (déi gréng) huet nach emol betount, datt dës Erhéijung vum Effektiv absolutt noutwenneg ass, fir déi Missiounen déi d‘Arméi am Kader vun der NATO ze erfëllen huet, och duerchféieren ze kënnen. Aktuell erfëllt Lëtzebuerg, mat engem Rëchtungsbäitrag an héicht vun 0,6% vum BIP, net den Ufuerderunge vun der Allianz.
Beim Gesetzprojet 7675, gëtt et och ëm d‘NATO, hei méi Prezis ëm d‘NSPA (NATO Support an Prokuratioun-Agence) op der Cap. Mat dësem vun der Rapportrice Semiray Ahmedova (déi gréng) virgestallten Text, geet et drëms déi finanziell Bedeelegung vum Lëtzebuerger Staat, un de Phasen 2 bis 5, vum strategesche Programm guttzeheeschen.
Et geet och ëm de Finanzement vun der Infrastruktur „Outside Cabling Plant 2“. Eng Adaptatioun déi zwéngend noutwenneg ass, fir déi aktuell an zukünfteg Besoine vun der NSPA zefridden ze stellen. Lëtzebuerg muss awer net eleng déi ganz Käschten iwwerhuelen. Zweedrëttel, also grad emol eng 200 Milliounen Euro, vun de Baukäschten, méi gëtt net verlaangt. Déi lénk hunn als eenzeg géint den Text gestëmmt.
Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash