Search

You may also like

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan
Neiegkeeten Stories

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan

Um Donneschdeg huet Washington ugekënnegt, d’Iwwerweisung vun honnerte Milliounen u

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!
Neiegkeeten Stories

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 17. Mee géint

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen
Neiegkeeten Stories

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen

Am November 2020 hu 6 Jonker aus Portugal eng Plainte

Dat neit Covid19-Gesetz steet

D‘Verlängerung vun de sanitäre Reegelen an zwee Gesetzprojete fir d‘Beruffsausbildung si gëschter an der Chamber duerchgeholl ginn

Dat neit Covid19-Gesetz steet

Et kéint schonn déi leschte Sëtzung am Stater Cercle gewiescht sinn, well esou wéi ausgesäit dierft déi parlamentaresch Rentrée Ufank Oktober nees um Krautmaart stattfannen. Dat deit drop hin, datt sech déi allgemeng sanitär Situatioun faktesch berouegt, an déi gëschter virgestallte Versioun vum Covid19-Gesetz ass mat enger iwwerzeegender Majoritéit (54 jo – 4 nee – 2 enthalen) ugeholl ginn.

Ob déi 22. Versioun vum Gesetz besser oder zumindest méi verständlech ass, dat soll jidderee fir sech entscheeden. Jiddefalls huet de Rapporter a President vun der Gesondheetskommissioun, den honorabele Mars di Bartolomeo, de Gros vun de Volleksvertrieder iwwerzeegt kritt. Déi gréissten Oppositiounspartei huet wuel weiderhi gegrommelt, mee zesumme mat de Piraten dofir gestëmmt.

CSV a Piratepartei hunn allerdéngs zolidd Bedenken ausgedréckt, bezunn op de Volet betreffend d‘Schoulen. De CovidCheck halen awer och si fir eng gutt Léisung. Vun der ADR näischt Neies, d‘Grondrechter wieren nach ëmmer a Fro gestallt, also ee kloert nee. Déi lénk hu vill positiv Usätz am Text, trotzdeem géif de Risk vum sozialen Dissens bestoen, firwat ee sech huet missen enthalen.

Dat wichtegst fir unzefänken, esou wéi d‘Gesondheetsministesch duergestallt huet, kéint een, wann et eis géif geléngen den Impftaux vun elo 72% op 85% ze steigeren, den „Dänesche Wee“ goen an all Restriktiounen ophiewen. An Dänemark läit den Impftaux aktuell bei 86,9%. Et brauch wuel nach eppes Motivatioun, woubäi d‘Regierung sech jo hei op de wirtschaftlechen Drock verléisst.

Wien de Widdersproch sicht fënnt dësen och

Berécksiichtegt een de Fakt, datt d‘Kommunikatioun am sanitäre Kontext éischter „duerchwuess“ war, esou kann een dem ADR-Deputéierte Jeff Engelen net zum Virworf maachen, datt dësen sech nach emol déi virecht Aussoe vum Paulette Lenert zu Gemitt geholl huet. Hie stellt fest: „Am Dezember zejoert, huet d‘Gesondheetsministesch annoncéiert, datt déi kollektiv Immunitéit erreecht wier, wa 70% vun der Bevëlkerung geimpft ass. Op wat waart dir fir d‘Mesuren opzehiewen?“.

D‘Gesondheetsministesch kontert a verweist op d‘Mutatioune vum Covid19, hei méi prezis dee sougenannte Variant-Delta. Dëse wier Schold dorunner datt déi kollektiv Immunitéit elo eréischt bei 85% erreecht wier. Säitens der CSV gouf den Akzent op d‘Impfcampagne geluecht De Claude Wiseler, ass dann och der Usiicht, dat d‘Fräiwëllegkeet eng Fräiheet ass, déi déi gesellschaftlech Solidaritéit géif a Fro stellen. E gutt Argument u sech, mee firwat gëtt een de Leit dann de Choix?

Fir déi gréng ass kloer, datt wien sech der Impfung verweigert, deen huet sech entscheet Krank ze ginn… Dat d‘Josée Lorsché hei wuel nëmmen eng Minoritéit vun de Bierger zësst, verdäitlecht allerdéngs och, datt si de „Choix“ kloer a fro stellen. Dobäi gëtt eng Impfflicht säitens dem Paulette Lenert weiderhin ausgeschloss. An do ass nees de Mëssel mat der Kommunikatioun: hunn d‘Leit elo d‘Wiel oder net? Wann d‘Leit de Choix hunn, sollten och déi gréng dësen Akzeptéieren.

Déi lénk, wou een duerchaus weess datt d‘Impfung sënnvoll an nëtzlech ass, stellt fest, datt ee Leit net mat Beleidegungen an Gedirängels motivéiert kritt. Positiv Aktioune statt Mënschen ënner Drock ze setzen, datt ass de Wee vun der Gesondheetsministesch. Eng dovunner ass den Impfbus, deen d‘Leit do ofhëlt se sinn, an der schoul, op de Fester a firwat net, och op der Schaff. De Sven Clement (Piraten) hält jiddefalls (an huet Recht) dës Proximitéit-Aktioune fir Ausbaufäeg.

Interessant Revirementer…

De Premierminister stellt sengersäits fest datt nach ee vu véier Erwuessenen ongeimpft ass, an datt him datt ferm géint de Stréch geet, dat huet een an der Lescht oft genuch aus sengen Aussoen esou dierfe constatéieren. Et wier seng Flicht d‘Bevëlkerung ze schützen an de Gesondheetssystem um lafen ze halen. Firwat hie weider drop besteet, datt d‘Leit de Choix, ass mindestens onverständlech.

Zudeem kommen ëmmer nees nei Nouvellen, nei Erkenntnisser, an et hu schonn zwee Direktere vu Spideeler gemengt datt déi véiert well schonn do wier, respektiv mat grousse Schrëtt op eis duer kënnt. An et gëtt nach besser: wärend a ville Länner déi drëtt Dosis fir eeler Leit scho wäit méi wéi nëmme Recommandéiert, huet déi héich Autoritéit vun den Infektiounskrankheeten sech elo och derzou duerchgerongen, déi drëtt Impfung fir eeler an/oder vulnerabel Mënschen ze empfeelen.

Wa gëschter elo an der Chamber näischt zu de Vaccinen direkt gesot gouf, et huet awer eppes nei Informatiounen. D‘EMA, also déi europäesch Agence fir Medikamentesécherung, huet gëschter annoncéiert, datt de Janssen (Johnson&Johnson) keen ausräichende Schutz géint de Variant-Delta bitt, an d‘Leit sollten sech zousätzlech eng Dosis Moderna oder AstraZeneca injizéiere loossen.

Am Kontext vun den Interventioune goufen nach fënnef Motiounen deponéiert, déi wéi erwaart all verworf goufen:

Nach zwee Gesetzer an eng Modifikatioun

Eestëmmeg ugeholl gouf nach d‘Gesetz zur Aféierung vun enger Prime Unique, fir géint den duerch déi sanitär Kris ausgeléisten Impakt opzefänken (Gesetzprojet 7865). Och d‘Gesetz zur Verlängerung vum Delai fir ee Léiervertrag ofzeschléissen (Gesetzprojet 7871) ass eestëmmeg vun der Chamber ugeholl ginn.

Ugeschwat gouf och eng Propositioun betreffend d‘Upassung vum Chambersreglement am Kontext vun de finanziellen Interessen an den Interessekonflikter. Dës Adaptatioune goufen unhand de Recommandatioune vum Staategrupp géint d‘Korruptioun (GRECO). Dës Propos gouf zur Freed vum Rapporter Roy Reding (ADR) och eestëmmeg ugeholl.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Beruffsausbildung, Chamber, Chambersreglement, Covid19-Gesetz, Impfcampagne, Impfflicht, Paulette Lenert
Next post Previous post