Search

You may also like

Wéi steet et ëm eise Justizminister?
Money Neiegkeeten WTF

Wéi steet et ëm eise Justizminister?

Nodeems de Justizminister Félix Braz (déi gréng) den 23. August

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet
Money Neiegkeeten WTF

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Et gëtt an Ungarn keen Noriichteportal datt esou oft am

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!
Money Neiegkeeten WTF

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!

De Grimme-Präis zielt zu de renomméiertsten Auszeechnunge fir Fernsehsendungen an

moneysurprise

Nei Deko fir d’Supermarchéeën

Nei Deko fir d’Supermarchéeën

Zanter dat modifizéiert Covid19-Gesetz a Kraaft ass, an a wellechem decidéiert gouf, datt alles wat net fir den Alldag noutwenneg ass, och net soll kënne kaf ginn, bitt sech de Cliente vun de ganze Supermarchéeën a soss „gréisser“ Epicerien en drolegt Bild un: ganz Regalreien, jo deels esouguer vollstänneg Rayonen, sinn net méi accessibel.

Et ass dann och déi éischte Kéier, datt dës Mesure – si war scho vun de Fransousen agefouert ginn – am Land Uwennung fënnt. De Gedanken hannert dëser schonn eppes ongewinnter Method, bezitt sech op „méi Fair-Play“ géintiwwer all deene Geschäfter, déi esou Wueren, déi net als essentiell fir gesi ginn, jo elo net kënne verkafen, vu datt si hir Dieren hu missen op Uweisung zoumaachen.

Datt d‘Supermarchéë weider déi ganz Bandbreet vum Assortiment konnte verkafen, hat jo beim 1. Confinement am Mäerz zu béisem Blutt gefouert. Vill kleng Geschäftsleit ware siichtlech veriergert doriwwer, datt d‘Politik mat enger schlechter Decisioun fir zolidd Verzerrunge beim Wettbewerb gesuergt hat. Dat sollt sech net widderhuelen, firwat dann elo Regaler ofgedeckt, Rayonen zou sinn.

Am Netz suergt dat ganzt fir Verwonnerung an duerchaus krass Aussoen. Et sollt engem zwar elo ersiichtlech sinn firwat d‘Regierung sech zu dësem Schratt entscheet huet, mee natierlech ass et och ëmmer emol den eegene Standpunkt deen zielt. An dësem Kontext dierf oder muss drop higewise ginn, datt wann een et net am Supermarché kritt, am weltwäiten Netz kann ee jo och bestellen.

Hei ginn d‘Ökonomen ze bedenken, datt och wann et aus gudde Grënn nozevollzéien ass, firwat et esou decidéiert gouf, de Mënsch ee Wee siche wäert, seng Bedierfnesser ze befriddegen. Heifir sti masseg Onlineplattformen zur Verfügung (och lëtzshop.lu). Ze bedenken ass, datt wann d‘Leit sech dru gewinnen, an de Service och nach vernënfteg ass, de Konsum a ganz nei Bunne geleet gëtt.

Foto: Akafen – souwisou nëmmen nach mat der Mask – muss sech op dat essentiellt: Liewens- an Hygiènesartikel, Zeitungen, Schreifwueren, Alkohol an Tubak, begrenzen. © Imnats Kaziluns / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Eenzelhandel, Essentiell Wueren, Supermarché
Next post Previous post