Search

You may also like

Schwéiert Accident zu Iewerleng
Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Iewerleng

Aus dem Policebericht ass ze enthuelen, datt et de Moien

Police-Übung op der Europaplaz
Neiegkeeten

Police-Übung op der Europaplaz

D’Police deelt iwwert déi sozial Medien mat, datt et an

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

Esou lues ewéi méiglech… esou séier wéi noutwenneg

Esou lues ewéi méiglech… esou séier wéi noutwenneg

Lëtzebuerg ass net Däitschland a schonn emol guer net Frankräich, firwat deenen hir Moossnamen sech net mat den Decisioune vun eiser Regierung vergläiche loossen. An esou dierf sech elo nees iwwert de partiellen Zougewënn vun ofgeknäppte Fräiheet gefreet ginn. D‘Geschäfter dierfen nees opmaachen, déi kulturell Institutiounen an d‘Schoulen och… Mee eent nom aneren.

Vum Duo Bettel/Lenert gëtt of a gäre behaapt, datt si den Iwwerbléck op d‘Gesamtsituatioun hunn, an dat dierft am direkte Verglach mat hire Wieler esou wuel och zoutreffen. Zweiwel dinn sech dann awer op, wann ee sech selwer ëm en Iwwerbléck beméit, an entgéint der Regierung gëtt et Leit déi d‘Agissementer bei eisen direkten Noperen an d‘Equatioun vum Equiliber géife wëllen abezéien.

Mee jidderee kacht seng eegen Zopp, esou och mir hei zu Lëtzebuerg. Dat op der Grondlag vun de verhältnesméisseg gudden Zuelen no de Feierdeeg. An esou huet de Premierminister dann och emol aleedend festgestallt datt d‘Situatioun „mitigéiert“ ass. Am Kloertext heescht dat wuel, datt et nach ëmmer éischter „schlecht“ ass, mee een um gudde Wee ass. Déi gutt eenzeg wierklech gutt Noriicht ass, datt d‘Zuel vun den Hospitalisatioune réckleefeg ass, wat jo d‘Zil vum leschte Gesetz war.

Un de strenge Moossname ginn dann elo och nëmme kleng Ännerunge virgeholl, esou gëtt déi onséileg Spärstonn nees vun 21 op 23 Auer verluecht, déi aner Woch ass nees Präsenzunterrecht, den Eenzelhandel an d‘Déngschtleeschter nees hir Aktivitéiten ophuelen, esouguer sportlech a kulturell Aktivitéite sinn – ënnert verschäerften Oplagen – dann och nees zoulässeg/zougänglech.

Covid1Keng vun den Decisioune wier dem Regierungsrot liicht gefall, mee et huet ee se missen huelen. Et dierften och net déi lescht an dëser sanitärer Kris gewiescht sinn. © Martine de Lagardère / moien.lu

De Regierungschef huet och nees drop higewisen, datt et der Regierung hir Flicht ass d‘Zuelen am Grëff ze behalen, mee och déi psychesch Gesondheet vun der Bevëlkerung muss berécksiichtegt ginn. Déi wier, esou de Xavier Bettel, dee sech rezent mam Paulette Lenert a véier Spideeler e Bild vun der Situatioun gemaach huet, net zum beschten. Si wiere a villen Haiser op dëse Problem ugeschwat an higewise ginn. Zudeem géif ee sech keng Entscheedung liicht maachen…

Ee kritesche Mount

Fir d‘Gesondheetsministesch muss de Leit verständlech gemaach ginn, datt de Januar – ëmmer am Kontext vun der Covid19-Pandemie – ee kritesche Mount ass, an d‘Regierung zur Stonn nach keng Evaluatioun maache kann, wéi en Impakt d‘Feierdeeg an d‘Chrëschtvakanz wäerten hunn. Vill Leit waren an d‘Vakanz, wat jo säin Undeel vu Risikofacteure mat sech bréngt, esou d‘Paulette Lenert.

Si huet nach emol confirméiert, datt Lëtzebuerg sech fir eng eege Léisung entscheet huet an déi jo gehollef huet, d‘Well hätt ee brieche kënnen, dat géifen d‘Indicateure weisen. D‘Phas IV an de Spideeler geet nees an d‘Phas III iwwer, wat d‘Behandlung vun „anere“ Pathologien erlaabt. Zil awer muss et sinn, hei méiglechst kuerzfristeg an d‘Phas II zeréckzefannen. Et verlaangt dann awer wuel nach eppes Gedold a virun allem Disziplin säitens de Bevëlkerung. Dat sollt méiglech sinn.

Covid1Sport a Kultur si wichteg fir de gudde psycheschen Equiliber, zu deem wat am Sport wéi, wou an ënnert wéi engen Oplage méiglech ass, soll de Sportminister Dan Kersch nach am Laf vun der Woch Detailer ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Dofir ginn et an alle Beräicher déi dann ab dem nächste Méindeg nees solle „fräigeschalt“ ginn, elo och weider Oplagen. Hei besonnesch bezunn op den Eenzelhandel an d‘Déngschtleeschter, mee och beim Sport an der Kultur, huet et ganz strikt a verflichtend Uweisungen. Eenzeg beim Horesca-Secteur konnt sech net zu Lackerunge bekannt ginn. Hei wier de Risk weiderhin einfach ze grouss.

Och bei der Ministesch ass den Hiwäis vun de Psychiater bei der Visite vun de Spideeler hänke bliwwen. Esou fänken an dësem Spidolssecteur d‘Better u knapp ze ginn an méi generell sollt ee wëssen, datt et am Land net wierklech genuch Psychiater huet. Mee gutt, den neie Gesetzprojet ass gëschter an der Chamber deponéiert ginn, elo muss den Avis vum Staatsrot nach ofgewaart ginn, a ee Freideg géif en dann an der Chamber ugeholl. De Groussherzog huet scho gréng Luucht ginn.

Rengen Zoufall?

En interessante Punkt bleift nach opstoen: d‘Wantersolden. Déi goufe jo wéinst de leschte Mesure verluecht a sollen, esou zumindest wëllen et d‘Kollaborateure vu Bertelsmann/RTL vum Mëttelstandsministère matgedeelt kritt hunn. Dës Decisioun wier esou och am Regierungsrot vun alle Memberen ugeholl gi sinn. D‘Wantersolde lafen dann elo vum 20. Januar bis de 17. Februar.

An natierlech ass dovunner auszegoen, datt hannert dësem Zäitraum, an dem Fait datt weder de Xavier Bettel nach d‘Paulette Lenert dëse Punkt ugeschwat hunn, nees vill „Verschwierung“ vermutt gëtt. Et ass allerdéngs schonn eppes gewot, hei der Regierung ze ënnerstellen, datt een d‘Lackerungen nëmmen op Drock vun der Handelskonfederatioun (CLC) beschloss hätt. Wier deem esou, hätten och d‘Restauranten op an et hätt ee generell op vill Moossname verzichte kënnen.

Nee d‘Wantersolden, hätten ursprénglech vum 2. bis zum 30 Januar solle lafen, an den neien Datum bezitt sech op eng Upassung un de Solden-Zäitraum, esou wéi en am Frankräich fir déi ugrenzend Departementer gewielt ginn ass. D‘Belsch hunn de klasseschen Zäitraum (4. bis 31. Januar) behale mee dofir fänken d‘Wantersolden an Däitschland eréischt den 20. Januar un a dauere 4 Wochen.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Gesetz, Gesondheetsministesch, Nei Mesuren, Paulette Lenert, Regierungschef, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post