Search

You may also like

Wat sech 2019 alles ännert…
Neiegkeeten

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht,

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
Neiegkeeten

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

surprise
Greta Thunberg am Interview bei Democracy Now!
Neiegkeeten

Greta Thunberg am Interview bei Democracy Now!

Et ass eng Symbolfigur fir déi Jonk an ee rout

Covid19-Gesetz: Akt X

Haut am Nomëtteg dierf de President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo (LSAP) schonn déi néngte Fassung vum modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020 (Mesuren am Kampf géint de Covid19) den Deputéierten zum Vott virleeën.

Covid19-Gesetz: Akt X

Beim Gesetzprojet 7752, geet et an der Haaptsaach drëms, déi bestoend Moossname bis zum 21. Februar ze verlängeren. Den Text selwer ass wuel net méi verständlech ginn, hei verléisst sech d‘Regierung weiderhin drop, datt d‘Journalisten de Bierger erklären, wat si am Gesetz eigentlech wollten zum Ausdrock bréngen. Interessant, wa gewosst ass, datt et d‘Leit just nach nervt…

Mee et muss jo awer sinn, d‘Covid19-Pandemie ass – och wann d‘Regierung zolidd beméit ass d‘Bierger an de Wansinn ze dreiwen – erwisenermoosse kee Spaass. Wien dat trotzdeem esou sollt gesinn, deem kann een nëmme roden sech mat Leit aus dem Gesondheetssecteur ze ënnerhalen oder mat Mënschen ze schwätzen déi de Coronavirus opgeraf haten. Nee et ass wierklech kee Spaass.

Zudeem muss dierfen drop verwise ginn, datt eis Noperen den Ament wesentlech méi „panesch“ sinn wéi eis Regierung a Chamber zesummegeholl. Do gëtt et jo d‘Mutanten: de britteschen (vun deem de Boris Johnson behaapt e wier déidlech), de südafrikaneschen an de brasilianeschen. Laut der WHO, geséich et dann elo och duerno aus, wéi wann de Britt sech géif duerchgesat kréien.

Gestëmmt gëtt et awer

Dës Variant (B.1.1.7.) kéint, esou de franséische Gesondheetsminister Olivier Veran, eng Pandemie an der Pandemie zur folleg hunn. Datt wëllen den Ament awer weder eis belsch, däitsch a jo wuel och franséisch Noperen zouloossen. Hei gëtt dann och nees ganz oppen iwwert de Confinement geschwat. A jo, natierlech gëtt et bei kengem den ze erwaardende Konsens, dat ass hei net anescht.

Egal, haut de Mëtteg gëtt jiddefalls déi néngt Versioun vun engem u Koherenz a Versteesdemech befreite Gesetz an der Chamber gestëmmt. Un de Reegelen dierft sech kaum eppes änneren, nach sinn d‘Zuelen zu Lëtzebuerg akzeptabel héich, ouni awer elo de Gesondheetssystem direkt a Fro ze stellen. A well d‘Zuelen ze héich sinn, soll et bei de bekannten a publizéierte Reegele bleiwen.

Woubäi et schonn e puer weider Moossnamen huet, déi sech awer an éischter Linn op d‘Reesen an d‘Ausland bezéien. Mee dat alles huet och ee wirtschaftleche Kontext, firwat am Gesetz och déi finanziell Hëllefen nach emol enthale sinn. Trotzdeem dierft et um Samschdeg nees zu enger Rei Demonstratiounen an der Uewerstad kommen… Wichteg hei: Ofstand anhalen a Mask undoen.

Illustratioun: Mat Mask an Ofstand kéint dank der brittescher Variant net méi gedoe sinn. © Chris Greene / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo, Verlängerung
Next post Previous post