Search

You may also like

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi
International Neiegkeeten Stories

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Ab haut kann een erëm nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dës Kéier

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I
International Neiegkeeten Stories

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun

Filmreview: The Quiet Place 2
International Neiegkeeten Stories

Filmreview: The Quiet Place 2

Wien den éischten Deel vun dësem Horrorfilm aus dem Joer

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen

Bei der Sëtzung vu Bund a Länner gouf sech op ee laangen a strenge Lockdown verstännegt

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen

Berlin an d‘Bundeslänner verlängeren a verschäerfen den Hausarrest bis zum 31. Januar: a staark betraffene Regioune gëtt d‘Beweegungsfräiheet op 15 Kilometer beschränkt, private Besuch ass nëmmen nach am Krees vum Menage mat maximal enger „friemer“ Persoun erlaabt… Dat a villes méi gouf zu Berlin entscheet. D‘Reaktioune gi vun erliichtert bis maximal veriergert.

Et ass ëmmer och en ofweien, woubäi wéi bei eis och, déi däitsch Regierung sech op déi aktuell Infektiounszuelen an deen dorausser entstoenden Impakt baséiere muss. An dës Zuele sinn och déi aner Säit der Musel éischter beonrouegend. An dësem Kontext muss een elo dierfe begréissen, datt nodeems néng Méint laang, d‘Länner, jiddwereent fir sech hiren eegene Wee gaange sinn, et elo endlech esou eppes wéi ee Konsens huet. Zumindest gouf sech gëschter op eng Linn verstännegt.

Déi bestoend Mesuren (also d‘Fermeture vum net essentiellen Handel, Horesca-Secteur, Kultur- a Fräizäitariichtunge, asw.) ginn also bis den 31. Januar verlängert. An et gëtt nach eng zolidd Schëpp nogeluecht: Besuch vu Mënschen déi net zum Menage gehéiert, gëtt op eng Persoun begrenzt. An deene Regiounen, déi als virale Brennpunkt erkannt ginn, gëtt d‘Beweegungsfräiheet ageschränkt.

Hei gëllt als Grondlag ëmmer de Landkrees. Wann an dësem déi 7 Deeg-Inzidenz bei iwwer 200 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner klëmmt, sollen d‘Bundeslänner Mesuren ergräifen, déi de Beweegungsradius an de betraffene Landkreesser op 15 Kilometer ëm de Wunnuert begrenzen. Zur Stonn weisen iwwer 70 Landkreesser esou eng héich Inzidenz op. Wien dës Distanz iwwerschreide wëll, brauch da schonn ee ganz trëftege Grond. En Dagesausfluch gehéiert ganz kloer net derzou.

Crèchen a Schoule bleiwen zou

Wa Berlin seet „Mir maachen alles zou!“ da schéngen si dat elo wiertlech ze huelen. Bis Enn vum Mount bleiwen d‘Crèchen an d‘Schoulen zou. Fir den Impakt dovunner ofzefiederen, wëll de Bund per Gesetz klären, datt 2021 all Elterendeel 10 Deeg Kannerkrankegeld (fir elengerzéiend 20 Deeg) zougestane gëtt. Unhand dëse Moossname léisst sech awer erkenne wéi kritesch d‘Lag elo ass.

No der Sëtzung huet d‘Angela Merkel nach emol ënnerstrach, datt d‘Zil vun de Moossnamen sech op eng Inzidenz vu manner wéi 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner bezitt. Et wier dat, bezunn op déi nei Covid19-Varianten déi entdeckt goufen, an vun deene scho gewosst ass, datt si eppes méi „aläert“ ënnerwee sinn, eng reell Erausfuerderung. „Mir mussen hei besonnesch virsiichteg sinn“, esou d‘Bundeskanzlerin, déi weess wéi aschränkend sech déi nei Mesure fir hir Landsleit ufillen.

De Buergermeeschter vu Berlin, Michael Müller, hält déi beschlosse Moossname fir ugepasst, an erkläert den Däitschen, datt dat alles wuel en immensen Agrëff an hir Fräiheeten ass, mee ee sollt d‘Lag an de Spideeler, a vläicht méi prezis den Intensivstatiounen, berécksiichtegen. De ganze Gesondheets- a Fleegesecteur schafft scho vill ze laang um Limitt, dee muss elo entlaascht ginn.

Fir de Kanzlerkandidat an nach-Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet, deen sech bis heihinner ëmmer op dat eegent Bauchgefill verlooss, sinn d‘Mesuren elo och noutwenneg. „Ech stinn zu dem wat d‘Ministerpresidenten hei beschloss hunn. A wat beschloss ass gëtt och ëm- an duerchgesat“, esou de Politiker dee keng Zweiwel wëll opkomme loossen, datt ee gutt opgestallt ass, fir d‘Anhale vun de beschlossene Moossnamen och wierkungsvoll kontrolléieren ze kënnen.

An da gëtt et awer nees „Spillraum“

Wann sech dat elo alles unhéiert, wéi wann et elo eng kloer a fir jidderee verständlech Linn beim Ëmgang mat der Pandemie, an dëser unhängleche Mesure géi ginn, muss leider enttäuscht ginn. An der Politik ass villes ëmmer och Kompromëss, an dat bitt zuweilen eppes Spillraum. Esou gesäit et zumindest d‘Presidentin vun de Kultusministerkonferenz (KMK), bezunn op d‘Schoulwiesen.

„D‘Kultusministerkonferenz hat sech ee Méindeg eestëmmeg dofir ausgeschwat, datt an deene Bundeslänner, an deenen et d‘Infektiounslag zouléisst, an enger éischter Phas d‘Grondschoulen nees zum Präsenzunterrecht zeréckkomme kënnen“, esou d‘Britta Ernst, Educatiounsministesch vu Brandenburg. Si weess allerdéngs och, datt dat esou net explizitt aus dem „Pabeier“ ervirgeet, wat bewierkt datt et do tatsächlech esou eppes wéi „Spillraum“ huet. Et ass net alles a Stee gemeesselt.

Begréisst gëtt dës Decisioun op héchstem Niveau awer vun de ville medezinesche Beruffsverbänn. Deenen hir gréisste Suerg ass a bleift d‘Auslaaschtung vun de Kapassitéiten, an dat besonnesch am Kontext vun der Intensivmedezin. Op gëschter hu wäit iwwer 22.000 Patienten d‘Intensivstatioune beluecht, wat enger Auslaaschtung vun ëm déi 80% bedeit. Hei huet dann och kee Spillraum méi.

Mat stänneg bis zu 6.000 Covid19-Patienten op den Intensivstatiounen, ass et awer net nëmme méi d‘Zuel vun de Better, déi ee sollt berécksiichtegen. Dat medezinescht Personal ass um Wupp an et muss dréngend zur Entlaaschtung kommen. Dokteren a Fleeger hätte längst d‘Grenz vu „Gutt a Béis“ iwwerschratt. Déi allermeeschte Medeziner ruffen dann d‘Leit och op, sech Impfen ze loosse wann et méiglech ass oder et engem ugebuede gëtt. Mee dat ass nees en anere Problem…

Vun Erfreet bis Enttäuscht

Wann dann elo d‘Educatioun nach „Spillraum“ huet, d‘Dokteren am grousse Ganze mam Beschloss zefridde sinn, esou gëtt et och déi Politiker, déi eppes méi kritesch mat allem ëmginn. Dat ass de Fall vum däitsche „Landkreistag“, wou de President Reinhard Sager feststellt: „Wat feelt ass eng längerfristeg drofäeg Strategie. (…) Mir liewen hei nach ze vill vun der Hand an de Mond…“.

Famillje bréichten eppes Planungssécherheet, besonnesch betreffend den Enseignement. Anersäits si vill vun de beschlossene Moossnamen eng zolidd Belaaschtung fir d‘Bevëlkerung, an wann een zu Berlin wuel Decisiounen huele kann, esou kënnen dës nëmmen dann och zum Erfolleg féieren, wann, d‘Bierger matmaachen. Oplage musse verständlech, verhältnesméisseg an Transparent sinn, wa se da solle vum Vollek ugeholl ginn. Hei schéngt allerdéngs eng Grenz iwwerschratt ze ginn.

Dat fënnt och den Verband vum Eenzelhandel, wou een der Meenung ass, datt Aschränkunge beim Beweegungsradius net beim Konsum sollten ugewannt ginn. Dat esouwuel am Kontext vum „Click & Collect“ Modus, esou wéi beim Akafe vu Liewensmëttel. Hei dierft et fir den HDE also keng 15 Kilometer Begrenzung ginn. Dat ass ee Wonsch, deem offensichtlech net kann entsprach ginn.

Bei de Liberalen ass een am Bezuch op d‘Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet dann awer net begeeschtert, an den Affekot Wolfgang Kubicki – deen déi meescht Leit aus den Talkshowe kennen dierften – stellt fest, datt dëst „Instrument absolutt keng gesetzlech Grondlag huet“. Emol ofgesinn, datt et dozou jo och kee parlamentareschen Debat ginn huet, an alles hanner verschlossenen Dieren ausgehandelt ginn ass. Hei géif als d‘Demokratie mat Féiss getrëppelt? Jo. An net nëmmen do…

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Sandra Würtinger / unsplash

Related topics Angela Merkel, Berlin, Bundeslänner, Covid19-Gesetz, Däitschland, Ministerpresidenten
Next post Previous post