Search

You may also like

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass
Neiegkeeten

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass

Wa vu YouTuber a Podcast-Produzente riets ass, ass een zimmlech

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck
Neiegkeeten

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck

Si waren net fein mam Michel Wolter (CSV), Buergermeeschter vu

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A13, tëscht dem

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant

Bis heihinner a bei Berécksiichtegung vun de rezenten Zuelen, muss dat lescht Covid19-Gesetz, dat en Juli an der Chamber gestëmmt gouf, virum 30. September verlängert ginn. Esou zumindest de Fazit no der Sëtzung vun der Gesondheetskommissioun gëschter, un där d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) deelgeholl hat.

Et sollt sech dann elo och keen Hoffnung op weider Lackerunge vun de Moossname maachen. Mee et sollen elo awer keng weider Sanktiounen agefouert ginn. Woubäi hei de Regierungsrot natierlech dat lescht Wuert huet – wann et dann ee Wuert derzou ze soe gëtt. En attendant huet de President vun der Gesondheetskommissioun, Mars Di Bartolomeo (LSAP), der Ministesch bestätegt, datt déi parlamentaresch Kommissioun zur Dispositioun steet, sech Enn August nees zesummenzesetzen.

De President vun der Gesondheetskommissioun huet och nach festgestallt, datt de Gesetzprojet 7645, betreffend d‘Behandlung vun de perséinlechen Daten, déi am Informatiounssystem vun der Gesondheetsdirektioun enthale sinn, am Kader vun enger ëffentlecher Chamberssëtzung virum 24. September muss zur Ofstëmmung virgeluecht ginn.

An der Sëtzung, déi via Video-Konferenz ofgehale gouf, huet d‘Ministesch nach emol preziséiert, datt d‘Lag weiderhin ugespaant bleift, mee am Begrëff wier sech ze stabiliséieren. Et gëtt manner Neiinfektiounen, beim Duerchschnëttsalter ännert sech näischt, eenzeg d‘Zuel vun den leit déi am Spidol musse behandelt ginn, hëlt liicht zou. D‘Servicer hunn awer esouwäit alles gutt am Grëff, wat net heescht, datt een elo sollt noloossen. D‘Anhale vun de Reegele muss d‘Prioritéit hunn.

Op d‘Fro vun der Oppositioun, op de Gesondheetsministère iwwer Statistike verfüügt, aus deenen ervirgeet wou sech d‘Leit ustiechen oder ugestach hunn, huet d‘Ministesch geäntwert, datt et esou Daten net géif ginn. Si konnt allerdéngs bestätegen, datt déi zoustänneg Servicer mat hire Schwäizer Kolleege a Kontakt stinn, fir eng Methodologie auszeschaffen.

Wat maache mat de Leit déi aus der Vakanz kommen?

Nodeems d‘Piraten an der Chamber am Kontext zum Gesetz 7628 – betreffend d‘Finanzéierung vum Large Scale Testing (LST) – eng Motioun agereecht hate, mat där gefuerdert gouf, datt Leit wann se aus dem Ausland areesen/zréckkommen, sech bannent fënnef Deeg sollten teste loossen, ass dës Fro gëschter natierlech nees op de Leescht geholl ginn. Zudeem wollten déi Deputéiert e puer Erklärungen zum flächendeckenden Test wärend der Summerzäit.

Dozou heescht et, datt d‘Gesondheetsdirektioun virgesinn huet, de flächendeckende Covid19-Test zum Enn vum Kollektivcongé a wärend der Schoulrentrée ze verstäerken. D‘Reprise vun den Aktivitéiten an essentielle, wéi beispillsweis de Bau- oder Botzsecteur, wéi och déi besonnesch exposéiert Beruffer (Horesca- a Fleegesecteur) géifen an dëser Strategie berécksiichtegt. Déi 2. Phas vum flächendeckenden Test soll Enn vum Mount ulafe a bis Mäerz 2021 duerchgefouert ginn.

Gewosst ass dann elo och, datt gutt 30% vun de Leit d‘Invitatioun sech testen ze loossen ugeholl hunn. Dat ass eng erfreelech Informatioun, wou jo zu Ufank vun der 1. Testphas d‘Participatioun bei ronn 12% geleeën huet. Wat d‘Zouverlässegkeet vun den Tester betrëfft, esou huet den Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, Jean-Claude Schmit betount, datt d‘Fiabilitéit duerch d‘Ausféiere vum Ofstréch ka beaflosst ginn. Et wier awer falsch ze behaapten, datt 20% vun den negativen Tester „falsch Negativer“ wieren.

Illustratioun: © Habib Dadkah / unsplash

Related topics Gesondheetskommissioun, Gesondheetsministesch, Large Scale Testing, Mars di Bartolomeo, Paulette Lenert
Next post Previous post