Search

You may also like

D’NRA, erkläert
Neiegkeeten

D’NRA, erkläert

NRA. Dëst sinn déi dräi Buschtawen, déi no all Schéisserei

Natur, Geschicht a frësch Loft: Mam Solarboot iwwert de Stauséi
Neiegkeeten

Natur, Geschicht a frësch Loft: Mam Solarboot iwwert de Stauséi

Ab dem 1. Mee wäert d’Solarboot nees seng Ronnen iwwert

Wéi gutt kenns du eis Séien?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Séien?

[onionbuzz quiz-id=52][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet net vill Séien, mee si hunn

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie

Well sech an de leschte Wochen d‘Zuele vun den Neiinfektiounen zolidd no uewe geschrauft hunn, wat sécherlech och domadder zesummenhänkt, datt mir eis zu Lëtzebuerg ee flächendeckenden Test vergënnen, an esou och wesentlech méi positiv Fäll opdecken, wéi déi Länner déi net esou intensiv testen. Dat huet allerdéngs och negativ Konsequenzen, well aner Länner eis op d‘rout Lëscht setzen.

Datt een als Resident vu Lëtzebuerg elo net méi iwwerall reesen dierf, dat ass dat eent, an elo och net dem nationalen Tourismussecteur säin éischte Problem. Mee wann een als Land op der rouder Lëscht steet, da wierkt sech datt konsequenterweis a béid Richtungen aus, firwat vill Haiser mat Stornéierungen ze kämpfen hunn. Si sinn awer nu emol op d‘Gäscht aus dem Ausland ugewisen.

Säitens der Horesca, gëtt dës Evolutioun mat Suerg begleet an et ass jo och verständlech, datt si hir Memberen opruffen, nach eppes méi Wäert op d‘Consignen an d‘Recommandatiounen (Save to Serve) ze leeën. Mee de Beruffsverband riicht säin Appell net eleng un déi eege Leit. Si ruffen och d‘Cliente op, sech dach wann ech gelift um „Bidong ze rappen“ a vernënfteg ze handelen.

Et si wuel nëmme wéineg Etablissementer, an deenen d‘Police – deels krass – Verstéiss feststelle muss, mee dat bedreet déi ganz Branche a setzt ganz kloer Existenzen op d‘Spill. Déi vun deenen déi eng Entreprise féieren, wéi och déi vun hire Salariéeën. Datt nach keng Zäit fir Party ass, dofir kënne wuel weder d‘Clienten nach d‘Hotelieren an d‘Gastronomen, fir de Recht awer schonn.

Dobäi dierft jo wuel och keen a Fro stellen, datt mir et an den eegenen Hänn hunn. Wëlle mir nach méi Restriktiounen? Huet een en Interessi drun, datt et nees zum Confinement kënnt an eis Hoteller, Wiertschaften a Restauranten hir Diere mussen zouspären? Wuel éischter net, firwat den Appell vun der Horesca vun eis alleguerte sollt eescht geholl a behäerzegt ginn. Mir kënnen et jo… oder?

Illustratioun: Wann dës Luuchten nach emol mussen ausgemaach ginn, wäert et der vill ginn, déi ni méi kënnen ugemaach ginn. Wien wëll d‘Verantwortung dofir iwwerhuelen? © Kevin Angelsǿ / unsplash

Related topics Covid19, Gastronomie, HORESCA, Hotellerie, Neiinfektiounen, Save to Serve
Next post Previous post