Search

You may also like

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen
Neiegkeeten

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen

D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa,

Politiker: déi nei bedreeten Aart
Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet
Neiegkeeten

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung

Wann et en Impfstoff gëtt solle bis 70% vun de Bevëlkerung (ouni Zwang) vaccinéiert ginn

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung

Vill pharmazeutesch Entreprise sinn op der Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus Covid19 (SARS-Cov2) an et ginn aktuell 17 Vaccinen u Mënsche getest. Den Impfstoff AZD122 aus Oxford ass als éischten an d‘Phas III agaangen, fënnef anerer sinn an der Phas II. Och Medikamenter, déi fir aner Pathologie virgesi waren, ginn den Ament op hir Wierkung erprouft.

Gëschter an der Chamber, huet den Deputéierte Marc Hansen (déi gréng) d‘Gesondheetsministesch an enger „grousser“ Fro zur Strategie vun der EU betreffend engem Impfstoff, interpelléiert. Den Deputéierten, selwer „Pharmazeut“ behaapt sech drop, datt een dës Pandemie nëmmen op en Enn brénge kann, wann et dofir en Impfstoff gëtt. An dee misst der ganzer Welt zougänglech sinn.

Beim Debat an der Chamber, huet déi vun der EU-Kommissioun presentéiert „Strategie“, dann och d‘Grondlag gebueden. Déi Lëtzebuerger Regierung hat sech jo och dëser Initiativ ugeschloss, wéi dat vun der Ministesch Paulette Lenert (LSAP) nach emol confirméiert huet. An wann et elo dëse Vaccin nach net gëtt, esou muss dat net heeschen, datt ee sech net schonn ee puer Gedanke mécht.

Loosse mir dofir kuerz op der Säit, datt zur Stonn kee behaapte kann ob a wéini en Impfstoff op de Maart kënnt, a virun allem a wéi engem Land u wéi enger Entreprise dësen hiergestallt wäert ginn. Interessant ass, wat d‘Gesondheetsministesch wëlles huet, wann de Vaccin bis fonnt ass, an dësen dann och an ausräichender Unzuel – fir Lëtzebuerg – sollt disponibel sinn. Do gëtt et Objektiver…

Ee Vaccin fir (bal) jiddereen

Geet et dem Paulette Lenert no, muss an enger éischter Phas emol definéiert ginn, wien dann dësen Impfstoff als éischt soll kréien. Woubäi et dat laangfristegt Zil ass, bis zu 70% vun de Bierger mam Vaccin ze immuniséieren. Et ass awer säitens der Gesondheetsministesch nach emol betount ginn, datt een an der Regierung net wëlles huet, d‘Leit ze zwéngen sech Impfen ze loossen.

Bis haut war Lëtzebuerg ëmmer ee vun de „bessere Schüler“ an der EU, wat den Taux vun de Vaccinatiounen ubelaangt, an et gëtt kee Grond unzehuelen, datt dat bei engem Covid19-Impfstoff sollt anescht sinn. Woubäi och an eisem Land gëtt et ëmmer méi Mënschen, déi villen „Internet-Theorien“ gleewen, an d‘Impfstoffer entweder als geféierlech, jo esouguer als subversiv gesinn.

Vergiesse mir dann och net, datt et kee gëtt, deen eeschthaft behaapte kéint wéini esou ee Vaccin dann och wäert Asazbereet sinn. Dat huet awer Däitschland, Frankräich, Holland an Italien net dovunner ofgehalen eng Optioun op 300 Milliounen Dose vun engem méiglechen Impfstoff vum pharmazeutesche Grupp AstraZeneca ze huelen. Hiren Aktiëwäert huet gëschter ëm 1% zougeluecht.

Laut dem Marc Hansen hätt d‘EU-Kommissioun elo wëlles dësen Deal op déi ganz Unioun – 300 Milliounen Dosen entsprieche ronn Zweedrëttel vun den EU-Awunner, an d‘Zil vu Bréissel ass et 40% vun de Bierger ze impfen – auszewäiten. D‘Ministesch huet bestätegt, datt een am Ufank nach skeptesch war, et an der tëscht Echange ginn huet, an een am grousse Ganzen den Deal begréisst.

Illustratioun: Dat Lëtzebuerg wirtschaftlech an der Lag sech säi Stock u Vaccinen ze besuergen, dat muss net a Fro gestallt ginn. Datt et wuel sënnvoll ass, wann den Impfstoff da bis do ass, an och garantéiert ass datt dësen „Sécher“ ass, méiglechst vill Leit ze impfen, brauch net betount ze ginn. Mee et ass wuel nach eppes fréi, a bis et esouwäit ass, sollt een d‘Moossnamen zum Schutz weider respektéieren. (c) Chris Barbalis / unsplash

Related topics Chamber, Gesondheetsministesch, Impfstoff, Marc Hansen, Paulette Lenert, Vaccin
Next post Previous post