Search

You may also like

money
Privatiséierung vum ungaresche Staatsbesëtz
Neiegkeeten

Privatiséierung vum ungaresche Staatsbesëtz

Et ass eng interessant Approche, a wann et sech sollt

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen
Neiegkeeten

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen

Déi hollännesch Regierung huet sech e Méindeg, den 20. November

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)
Neiegkeeten

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

E Covid19-Impfstoff wier ënnerwee…

E Covid19-Impfstoff wier ënnerwee…

De Premier hat et a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugeschwat, gëschter dann huet sech och d‘Gesondheetsministesch zur Annonce, datt schonn am Dezember en Impfstoff kéint disponibel sinn. Eng Siicht déi esou net vun allen Acteure gedeelt gëtt.

Nodeems de Xavier Bettel um Dënschdeg an de Raum gestallt huet, datt Lëtzebuerg virun Enn vum Joer eng éischt Liwwerung vum Covid19-Impfstoff kéint kréien, huet sech d‘Paulette Lenert um Mëttwoch zu dësem Punkt geäussert. Och si huet bestätegt, datt d‘Méiglechkeet besteet, datt awer net geséchert ass. Et géif sech awer drop virbereet ginn, firwat eng Aarbechtsgrupp gebilt ginn ass.

D‘Strategie vum Gesondheetsministère géif dann awer och vum Liwwerungsëmfang ofhänken. Wie géif – de Fall gesat den Impfstoff kënnt tatsächlech – dann als éischt dovunner Profitéieren? Dat ass nach net zum Ausdrock bruecht ginn, dofir gouf nach emol kloergestallt, datt egal wéini et esou een Impfstoff gëtt, d‘Regierung net wëlles huet eng Impfflicht zu Lëtzebuerg anzeféieren.

Zur Infektionslag selwer hat d‘Gesondheetsministesch awer och nach ee puer Informatioune bei Hand. D‘Zounam vun den Neiinfektioune géif beonrouegen, woubäi mat aktuell ronn 50 Patienten an de Spideeler (dovunner dräi op der Intensivstatioun) dat Ganzt nach iwwersiichtlech ass. Et mussen zur Stonn nach keng „aner“ Operatiounen an de Spideeler wéinst Covid19 verréckelt ginn.

Testen ass wichteg

Op den Teststatiounen ass nees eppes méi Undrang, wat begréissenswäert ass, mee d‘Laboratoiren un hir Kapassitéitsgrenze bréngt. Den Ament wier et wichteg, esou d‘Paulette Lenert, datt d‘Leit sech virrangeg un dat hale wat d‘Doktere veruerdnen. Fir dat mat den Tester besser an de Grëff ze kréien, gouf e groussherzoglechen Dekret erlooss, deen den Asaz vu Schnelltester erméiglecht.

D‘Gestioun vun der Covid19-Pandemie hätt een nach ëmmer gutt ënner Kontroll. Ronn 25% vun den Infektioune géifen am Familljekrees stattfannen. Déi zweet „Infektiounspopulatioun“ sinn d‘leit déi aus dem Ausland heemkommen, gefollegt vum Enseignement. Op der Aarbechtsplaz gëtt sech relativ wéineg ugestach, firwat och weider op den Télétravail gesat gëtt, do wou et méiglech ass.

Wann dat dann elo scho fir eppes Zouversiicht suergt, esou dierf een d‘Kritiker net iwwerhéieren. Fir de Professer Claude Muller vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) ass déi vum Premier gemaachten Ausso iwwerraschend komm. Hien deelt dem Xavier Bettel säin Optimismus net. Fir den LIH-Fuerscher ass de genannten Zäitraum net realistesch, an dat huet vill gutt Grënn.

En Impfstoff muss sécher sinn

De Claude Muller huet nach emol drop higewisen, datt zanter dem Summer eng zéng Produkter an der drëtter Phas vun de klinesche Studie stiechen. Entspriechend den Aussoe vun der WHO, wieren dës Phasen – also der Erprouwung um Mënsch – eréischt Enn 2021 ofgeschloss. Eenzeg Moderna, eng amerikanesch Biotech-Entreprise, gëtt un en Impfstoff bis Joresenn bereetstellen ze kënnen.

Eng gewot optimistesch Annonce. An der Phas dräi vun de klinesche Studien, mussen entspriechend de gültege Reegelen, 10.000 Impfunge gemaach ginn, an hir Auswierkunge sollen unhand enger Kontrollgrupp verglach ginn. De Professer schléisst awer net aus, datt sollt ee Präparat ganz gutt Resultater opweisen, ee begrenzte Persounekrees dëst kéint zur Verfügung gestallt kréien.

Anescht ausgedréckt, et sollt een sech esoulaang net un engem Impfstoff festbäissen, bis dësen dann och tatsächlech virläit. Zudeem muss een dann och kucken, wien prioritär dovunner soll profitéieren an hei gëtt ganz däitlech op de Fleegesecteur verwisen. Vun engem Impfstoff „fir jiddereen“ am Dezember si mir also faktesch nach ganz wäit ewech. Mee vläicht weess de Premier jo eppes méi.

Illustratioun: © Dimitri Houtteman / unsplash

Related topics Claude Muller, Covid19-Impfstoff, LIH, Paulette Lenert, Ried zur Lag vun der Natioun, Xavier Bettel
Next post Previous post