Search

You may also like

Zwee „Dommer“ ee Gedanken
Neiegkeeten

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

E Méindeg huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, mat

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun
Neiegkeeten

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot hat sech d‘Chrëschtdeeg

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt
Neiegkeeten

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt

Datt sech d‘Lag an der Golfregioun duerch d‘Ermordung vum iranesche

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll

Nodeems de Vaccin vu Pfizer/Biontech op der Insel seng Noutzouloossung kritt huet, soll schonn ab nächster Woch a Groussbritannien geimpft ginn. Och eis hat de Premierminister Xavier Bettel (DP) de Covid19-Impfstoff fir Chrëschtdag an Aussicht gestallt. Dat kéint sech opgoen, woubäi et dann awer Prioritéite gëtt.

Zu dëse „Prioritéite“ gehéiert fir unzefänken, datt muss gekläert ginn, wien als éischt an de Genoss vum Vaccin kënnt a wien dofir bezuele muss. Déi national Ethikkommissioun huet jo ugangs der Woch dozou en Avis ofginn, an elo muss nach de Plang vum Regierungsrot nach Zoustëmmung an der Chamber kréien. Dat kéint méiglecherweis scho muer Freideg de Fall sinn, wat et géif erlaben déi aner Woch dësen dem Vollek ze ënnerbreeden.

Erwaart ginn sech bis Mëtt Dezember eng 45.000 Dosen, wourauser jidderengem dierft ersiichtlech sinn, datt hei muss „zortéiert“ ginn. Folgerichteg mussen sech d‘Impfgéigner och net direkt iergeren a vun Diktatur schwätzen, well engersäits gëtt kee gezwongen, an anersäits, dierft als éischt no den Acteure vum Gesondheetssystem gekuckt ginn. Da sollt alles wat zur sougenannter Risikogrupp gehéiert drukommen an esou weider… Also kee Stress.

Realistesch betruecht, wäert et sech eppes an dat anert Joer eranzéien, iert den normal stierflechen Zougang zum Vaccin kritt. Bis dohinner muss d‘Regierung awer eng Rei sensibel Decisiounen huelen, an och wann de President vun der Gesondheetskommissioun an der Chamber, Mars di Bartolomeo (LSAP) op d‘Schwéngsgripp verweist, wou sengerzäit (2009) siwen Impfzenter am Land ageriicht goufen, hei ass et anescht.

Sécher wäerten dës Zenter, déi effizient an effikass géint den H1N1 virgaange sinn, nees genotzt ginn. Dat ass u sech awer schonn alles wou sech viraussoe léisst. An esouguer do sollt ee sech net sécher sinn, well dësen Impfstoff erfuerdert schonn enge eppes aner Logistik. Wien scho fir sech decidéiert huet net matzemaachen, deem kann et eigentlech och egal sinn. Wien de Vaccin als Deel vun der Léisung gesäit, musst Gedold hunn.

Illustratioun: © Macao Photo Agency / unsplash

Related topics Covid19, Ethikkommissioun, Impfstoff, Pfizer Biontech, Prioritéiten, Regierung, Vaccin
Next post Previous post