Search

You may also like

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“
International Neiegkeeten Stories

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit

Ee Plang fir d’Welt ze retten
International Neiegkeeten Stories

Ee Plang fir d’Welt ze retten

No diverse Verzögerungen huet déi Europäesch Kommissioun gëschter hir mat

Keng International Dog Show 2020
International Neiegkeeten Stories

Keng International Dog Show 2020

D’Federatioun vun der Lëtzebuerger Kynologie (FCL) deelt mat, datt déi

Covid19-Impfstoff: Am Frankräich sinn se eppes skeptesch

Covid19-Impfstoff: Am Frankräich sinn se eppes skeptesch

Am Land vum weltwäit renomméierte „Louis Pasteur“ de Papp vum Prinzip „Impfung“ solle wéi anerwäerts och d‘Campagne fir de Covid19-Impfstoff ulafen. An eigentlech sollt ee sech erwaarden, datt d‘Avantage vun engem Impfstoff, besonnesch hei bei de Mënschen an de Mentalitéite gewuess sinn. Dat täuscht, d‘Fransouse sinn ebe grad alles anescht, wéi begeeschtert oder iwwerzeegt.

Klengt eppes paradoxal datt sech quasi an der Wéi vum Vaccin, d‘Vollek zu 30% ganz entschidde géint dëse Covid19-Impfstoff positionéieren. Schwéier novollzéibar och, datt grad emol 40% sech „virstelle kënnen“ wann de Vaccin disponibel ass, sech impfen ze loossen. Mee dat huet näischt mat „Paradox“ ze dinn, d‘Fransouse waren ni „Impf-Junkies“ wéi dat androcksvoll aus enger Enquête vun 2004 ze enthuelen ass: Image et Perception du Vaccin (2004).

Esou dierf dann emol grondsätzlech festgehale ginn, datt dëst „Mësstrauen“ am Frankräich weder nei nach un ongeféier hir kënnt. Schold dorunner hu Politik a Pharmaindustrie gemeinsam. Béid „Communautéiten“ hunn a bedréien d‘Leit och haut nach no Stréch a Fuedem, a verlaangen datt alles ouni Kritik ugeholl gëtt. Wien hannerfreet ass entweder ongebilt oder ee Leegner, jo scho bal ee Staatsfeind. Dat ass leider a ville Beräicher änlech (geféierlech).

Akzeptanz kann een an enger Demokratie net wierklech erzwéngen. Zudeem schwätzen historesch Fakten dergéint: säit den 80er hunn d‘Fransouse méi Gesondheetsskandaler matgemaach, wéi eis däitsch Frënn Liewensmëttelskandaler ze iwwer- an duerchstoen haten; an dat wëll wierklech eppes heeschen. Wéi wäit esou eppes da goe kann, dat léist sech un der 1994 organiséierter Impfcampagne erklären: deemools sollten d‘Fransouse géint Hepatite-B geimpft ginn.

Wéi Rumeuren opkomm sinn, datt et tëscht gewësse Fäll vu Multipeller-Skleros an dësem Vaccin sollt en Zesummenhang ginn, huet d‘Regierung d‘Campagne ofgebrach. Un de Rumeure war keng drun, fir net ze soen datt bewosst a geziilt gelu gouf. D‘Impfgéigner, d‘Pandemieleegner a soss vu fanatesch esoteresch bis „d‘Äerd ass eng Scheif“ Primaten, sinn net mam Covid19 entstanen, déi droleg Hippie mam Alu-Hutt, waren awer bis dohi keng Bedreeung.

Gewollt, provozéiert an datt alles dem Goss zu léift

Maache mir ee Sprong vu 15 Joer a beliichte kuerz den Aktionismus am Kontext vum „H1N1“ wou eis franséisch Nopere Milliounen Impfdose kaf haten. Et solle knapp iwwer 100.000 Dosen un de Mann/Fra bruecht gi sinn. Iwwert finanzielle Schued huet sech d‘Pharmaindustrie net beklot, si huet hir Rechnunge beglach kritt. Elo suergen awer net nëmmen Impfstoffer reegelméisseg fir Onrou am Hexagon, och mat de Medikamenter geet een hei schluddereg ëm.

Net ze ënnerschätzen: de „Memory-Effekt“. Eigentlech gi Politik a Pharmaindustrie gemeinsam dovunner aus, datt de Lambda-Bierger en „Idiot ouni Verhalt“ ass, a wann ee sech esou ëmbléckt, kéint zuweilen eppes dru sinn. Mee do sinn dann awer Legiounen, déi net vergësserlech sinn an sech erënneren, datt joerzéngtelaang erkläert gouf, datt d‘Fuerschung no engem Impfstoff immens Zäitintensiv ass, firwat bis zu 15 Joer benéidegt ginn een op de Maart ze bréngen.

Elo beim Covid19-Vaccin, soll dat alles net méi stëmmen, hei géife knapp 9 Méint duergoen, fir ee Resultat Opweises ze hunn. Do stellen sech dann och „Pro-Vaccin“ agestallte Mënschen eppes queesch, well dat esou guer net mam verkläerte Wëssensstand iwwertenaner passt. Esouguer déi Medeziner, déi kloer fir d‘Impfung am grousser Ganzen antrieden, maache keng Promotioun fir de Covid19-Impfstoff. Si bekloen hei d‘Marketingsstrategie…

Vergiesse mir dann och net drop hinzeweisen, datt dat mam Impfen och immens subjektiv ass. Et dierf erënnert ginn, datt am 18. Joerhonnert géint d‘Pouken den Eeter aus Knuppen de Mënschen ënnert d‘haut gejot gouf an 1% dorunner krepéiert sinn. Ouni dës „Method“ sinn 20% vun de Leit un de Pouken agaangen. De Prinzip selwer ass ëmmer besser ginn a vill Krankheete goufen esou och ausgerott. Dat stäipt d‘Thees vum „Idiot ouni Verhalt“.

mam Jeremy d‘Avelles, IM/par

Illustratioun: Alternativen zum Impfstoff, esou wéi dat de 45. President vun de Vereenegte Staaten virgeschloen huet, hunn oft wesentlech méi desagreabel Niewewierkunge wéi een u villen dausende Kandidate geteste Vaccin. Et wäert sech, bei esouvill Géigewier, op d‘Dauer net op de „Fräiwëlleg“ kënne verlooss ginn, wann d‘Zil eng Immuniséierung vu mindestens 70% vun der Bevëlkerung ass. © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Frankräich, Impfgéigner, Louis Pasteur, Pharmaindustrie, Skandaler, Skeptiker
Next post Previous post