Search

You may also like

Dikrech: Groussbrand an der aler Brauerei
International Neiegkeeten

Dikrech: Groussbrand an der aler Brauerei

An der Nuecht vun ee Samschdeg ass an der Sauerstad

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl
International Neiegkeeten

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl

De President vun der tierkescher Branche vun Amnesty International ass

money
D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung
International Neiegkeeten

D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung

Nodeems den europäesche Geriichtshaff d‘Praxis vu verschiddene Länner a Punkto

Covid19-Impfstoff: Et ka lassgeluecht ginn!

D‘Zouloossung fir den éischte Vaccin an der Europäescher Unioun ass duerch, elo muss geliwwert ginn

Covid19-Impfstoff: Et ka lassgeluecht ginn!

No der bedéngter Zouloossung duerch d‘EU-Kommissioun well de Pharma-Binom Pfizer/Biontech esou séier wéi méiglech liwweren. Béid Entreprise hu verséchert, datt et entspriechend dem Vertrag zu enger gerechter Verdeelung wäert kommen. Éischt Impfdose sollten nach viru Joresenn an de Mann, respektiv d‘Fra bruecht ginn. En Termin fir Lëtzebuerg gouf nach net genannt.

Covid19

Fir de CEO vu Biontech, Ugur Sahin, ass d‘Zouloossung duerch d‘EU-Kommissioun eng historesch Errongenschaft. Hie gleeft datt dës Impfungen derzou kënne bäidroen, d‘Zuel vun der „Population à risque“ ze reduzéieren. Iwwert déi nächst zwee Joer, wëlle béid Pharmaproduzente weider Daten zu Wierksamkeet a Sécherheet erhiewen. Hien huet, bezunn op de brittesche Kontext, nach betount, datt den Impfstoff géintiwwer alle „Mutatioune“ géif ënnersicht ginn.

Hiergestallt gëtt den Impfstoff vu Pfizer/Biontech zu Puurs an der Belsch (Pfizer) wéi och an den däitsche Produktiounsstanduerter (Biontech). Vermaart gëtt de Vaccin an der EU ënnert dem Numm „Comirnaty“. Dat ass d‘Zesummesetzung vu Covid19, mRNA (Bezeechnung vum Buedmoleküll) an den englesche Wierder „Community“ an „Immunity“. An Däitschland soll déi mat 9 Milliarden Euro Staatshëllef gerette Lufthansa sech ëm d‘Logistik këmmeren.

Covid19

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sech ganz zefridde gewisen a gemengt, datt „mir dem Kampf géint de Covid19 ee wichtegt Kapitel géife bäifügen“. Dat gesäit esou och d‘Direktesch vun der europäescher Medikamentenagence EMA, Emer Cooke, déi awer kloerstellt, datt d‘Autorisatioun u Konditioune gebonnen ass. D‘Hiersteller géifen esou verflicht der Agence lafend Daten zu de Laangzäitwierkungen ze iwwermëttelen.

Vun der EMA ginn och weiderhin Angaben zu Niewewierkungen an/oder allergesche Reaktioune gepréift. De 6. Januar gëtt et eng weider Sëtzung, bei där iwwert d‘Zouloossung vum US-Vaccin aus dem haus „Moderna“ misst entscheet ginn. Och d‘Produkter vun der Universitéit zu Oxford, déi mat AstraZeneca a Janssen entwéckelt ginn, solle gepréift ginn. Fir dës Impfstoffer huet et awer bis ewell nach keng Demande op Zouloossung bei der Agence ginn.

Covid19

De Vaccin Comirnaty (industriell/medezinesch Bezeechnung: BNT162b2) ass den éischte Bued-RNA-Impfstoff dee beim Mënsch zum Asaz kënnt. Bei dësem gëtt eng genetesch Informatioun fir de Bau vun engem „ongeféierlechen“ Erreegerbestanddeel, mat enger Injektioun an de Muskel gejot. D‘Kierperzelle gräifen op dës „Informatioun“ zou, fir eben dësen Erreegerbestanddeel ze produzéieren, deen da vum Immunsystem erkannt gëtt.

Esou soll eng schützend Immunäntwert opgebaut ginn. Gëschter am Nomëtteg hat d‘Lëtzebuerger Regierung jo nieft den neie Restriktiounen och op de Vaccin higewisen. D‘Impfstatioun an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg ass bereet, et brauch eigentlech nach just den Impfstoff. Mee kee Stress, et gëtt Prioritéiten a weder de Premier nach d‘Gesondheetsministesch, sinn zur Stonn an der Lag eppes zu Liwwerungen/Unzuel un Dosen ze soen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Matthew Waring / unsplash

Related topics AstraZeneca, Biontech, Covid19-Impfstoff, EMA, EU-Kommissioun, Janssen, Moderna, Pfizer
Next post Previous post