Search

You may also like

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an
International Money Neiegkeeten

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an

Et ginn ëmmer zwou Säiten – dëse Saz huet scho

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark
International Money Neiegkeeten

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark

Wat nach virun ee puer Deeg als „Rumeur“ verkaf ginn

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!
International Money Neiegkeeten

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem

money

Covid19-Impfstoffer: schlussendlech geet et awer ëm de Goss

Covid19-Impfstoffer: schlussendlech geet et awer ëm de Goss

Wann et sécher méiglech gewiescht wier, datt sech d‘Pharmaindustrie am Kontext vun der grousser sanitärer Kris fir d‘Mënschheet an net de Profit hätt entscheede kënnen, esou ass elo gewosst, datt de Mënsch just als „Konsument“ eng Optioun ass. Mee léist sech dat alles wierklech esou einfach erklären?

Esou hunn d‘Partner Pfizer/Biontech, nodeems sech erginn huet, datt ee statt fënnef Dosen, därer sechs aus enger Ampull huele kann, eng kloer ekonomesch Decisioun geholl. D‘Pandemie huet jo net de Kapitalismus ausser Kraaft gesat. Nodeems also déi europäesch Medikamentenagence EMA gemellt huet, datt ee sechs Dosen aus de Pfizer/Biontech-Ampullen zéie kann, hunn d‘Hiersteller eng droleg Annonce gemaach: et gi manner Ampullen ausgeliwwert, d‘Zuel vun den Dosen zielt.

Offiziell heescht et säitens Pfizer: „Mir halen eis Liwwerverflichtunge géintiwwer de bestellende Länner an. Eis ënnerbreeten Offer huet ëmmer op der Unzuel vun Dosisse berout, net awer op der Unzuel vun Ampullen“. Dat trëfft genee esou och zou: déi vun der EU-Kommissioun vereenbaart Livraisoune bezéien sech op „Dosen“. Nodeems dann d‘EMA den 8. Januar verkënnt hat, datt een aus enger Ampull sechs statt fënnef Dosen zéie kann, hunn d‘Comptabel de Schampes opgemaach.

Net ganz esou einfach

Et ass erlaabt streng ze sinn. Sech elo drop ze beruffen, datt déi géintiwwer Pfizer/Biontech getätegt Virwërf net haltbar sinn an hei d‘EMA muss Verantwortung iwwerhuelen, well si d‘Zuel vun den Dose festgeluecht huet, ass awer och net richteg. Net aus alle vu Pfizer/Biontech hiergestallten Ampullen, loossen sech sechs Dose maachen. Dat faktesch net, well et net genuch Inhalt hätt, mee et speziell Sprëtze brauch, déi et net iwwerall an net an ausreechendem Mooss ze gi schéngt.

Pfizer/Biontech kann een elo net virwerfen, op maximale Profit ze setzen – dat mécht ee jo och net mat Amazon, an déi hu wäitaus méi staark vum Covid19-Profitéiert wéi d‘Pharmakonzerner – well si mussen sech géintiwwer Aktionären, net iergendwelleche „Mënschen“ veräntwerten. Zudeem gi vill Ustrengungen ënnerholl, méiglechst zügeg am ëmfangräich déi bestallten „Dosen“ hierzestellen och wann et kuerzfristeg Problemer huet. D‘Opstocke vu Kapassitéite geet net onbemierkt vir sech.

An der Rou läit d‘Kraaft

Well Pfizer um Standuert Puurs (Belsch) d‘Produktioun erweidere wëll/muss, ass d‘Hierstellung den Ament liicht beanträchtegt, wat verständlecherweis do fir Onmutt suergt, wou de Vaccin mat grousser Nout erwaart gëtt. Dat awer sollt schon déi aner Woch nees bäigeluecht sinn. Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun jiddefalls keng Bedenken, datt de Liwwerréckstand séier kann ausgeglach ginn. Zur Diskussioun ëm Dose versus Ampullen, gëtt näischt wierklech Gescheites vu Bréissel.

Dat gesot, dierf nach drop higewise ginn, datt net nëmme Pfizer/Biontech grad en Enkpass bei der Produktiounscapacitéit huet. Och bei Moderna leeft d‘Hierstellung vum Covid19-Impfstoff net ganz esou wéi ee sech dat an der Theorie a bei de Verhandlungen esou virgestallt hat. Verzögerung awer ass net mat „Reduktioun vun Dosen“ gläichzestellen. Och Moderna wäert déi bestallten Unzuel un Dosissen hierstellen an ausliwweren. Just Zäitlech geet et sech den Ament net wierklech op…

mat indymedia/lgg

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Moderna, Pfizer/Biontech, Produktiounscapacitéiten, Verspéidung
Next post Previous post