Search

You may also like

Asiago International Philatelic Art Prize: D’Lëtzebuerger Timberen hunn iwwerzeegt!
International Neiegkeeten

Asiago International Philatelic Art Prize: D’Lëtzebuerger Timberen hunn iwwerzeegt!

D’POST Lëtzebuerg erhält den Equivalent vum „Oscar“ an der Philatelie

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)
International Neiegkeeten

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung an de CGDIS, a Kollaboratioun mat der ITM an

Ex-Skinhead: „Ech war souguer bereet, mäi Gesiicht an Saier ze zappen!“
International Neiegkeeten

Ex-Skinhead: „Ech war souguer bereet, mäi Gesiicht an Saier ze zappen!“

Wie sech een Tattoo mëscht, deen hält d’Tënt meeschtens ee

Covid19-Impfstoffer erhalen Noutzouloossung an Indien

Covid19-Impfstoffer erhalen Noutzouloossung an Indien

D‘Vaccine vum brittesche Pharmaproduzent AstraZeneca an dem heemesche Fabrikant Bharat Biotech sinn ee Samschdeg zu Delhi vum indesche Generalinspekter fir pharmazeutesch Produiten, Venugopal Somani als „gutt fir den Asaz“ deklaréiert ginn. Dat allerdéngs eréischt nodeems ee Gremium vun Experten, der Regierung ee positiven Avis ofginn hat.

Zwee weider Vaccine waarden nach op d‘gréng Luucht vun den zoustännegen Autoritéiten: esou de russeschen Impfstoff „SputnikV“ an dee schonn zu Lëtzebuerg agesate Vaccin vu Pfizer/Biontech. Vum AstraZeneca-Impfstoff huet den indesche Seruminstitut eng 50 Milliounen Dosen op Lager. Wéi vill Dose vum Covaxin den indesche Fabrikant Bharat Biotech parat hält ass nach net gewosst.

De Gesondheetsminister Satyander Jain war an dësem Kontext nach emol kuerz op déi gewielten Impfstrategie ze sprieche komm. Esou ginn elo als éischt Dokteren, medezinescht Personal an déi sougenannte „Frontkämpfer“ (Rettungsdéngschter, Ambulancieren, Police, asw.) geimpft. Et géif sech drop agestallt all Dag eleng zu Delhi 100.000 Impfungen duerchzeféieren, esou de Minister.

An den Zentre goufen dann och nach emol d‘Ofleef duerchgespillt. Hei kënnen sech déi indesch Verwaltungen op déi längst agespillten Zesummenaarbecht tëscht dem Gesondheetsministère an den Netregierungsorganisatiounen (ONG) verloossen. Déi huet sech bekanntlech bei anere Campagnen, wéi der Bekämpfung vun der Polio als ganz erfollegräich bewisen. Einfach wäert et awer net ginn.

Éischt Mësstéin

Wa gewosst ass, datt Indien 1,3 Milliarden Awunner impfe soll, kann ee sech den Drock deen op der Regierung laascht gutt virstellen. Mësstéin oder Rumeure sinn do net erwënscht, firwat een elo net doriwwer erfreet ass, datt 24 Stonnen nodeems dem Covaxin d‘Noutzouloossung erdeelt gouf, elo d‘Wierksamkeet an och d‘Sécherheet vum Vaccin a Fro gestallt gëtt. Mee den Debat ass lancéiert.

Gesondheetsexperten a Vertrieder vun der oppositionelle Kongresspartei behaapten sech drop, datt et vir de Covaxin vu Bharat Biotech, nach net genuch Donnéeë vun der drëtter klinescher Testphas géif ginn. Stëmmt dat, dann hätt dësem Impfstoff och keng Noutzouloossung dierfen erdeelt ginn. De Generalinspekter fir pharmazeutesch Produiten, huet dës Aussoe mat aller Häert zréckgewisen.

„D‘Resultater hu gewisen, datt d‘Preparat sécher ass a fir eng robust Immuniséierung suergt“, esou de Venugopal Somani bei de Pressekonferenz zu Delhi. Hien hält den indeschen Impfstoff fir 110% sécher. De Problem: un den éischten zwou klineschen Testphasen, hunn 8.000 Leit deelgeholl, an déi drëtt klinesch Testphas mat 25.000 Probante leeft nach. 22.500 Mënschen si scho geimpft ginn.

Pragmatismus no Vishnu

Ob dem Venugopal Somani seng Ausso: „Op der Grondlag vun de bis heihinner virleienden Daten, kann ee soen, den Impfstoff ass sécher“, esou och bei eis denkbar wier? Bestëmmt, och wann esou eppes natierlech Waasser op d‘Mille vun den Impfgéigner wier. Anersäits sollt ee bedenken, datt an Indien eng Mentalitéit virherrscht déi mat der europäescher net emol am Usaz ze vergläichen ass.

Et spillt an dësem Kontext och keng Roll, datt Indien nach ëmmer ee Kastesystem ënnerhält an de Premierminister, Narendra Modi, een ausgewisenen Hindu-Nationalist bis heihinner, sech esou gutt mat der Kris befaasst huet, wéi en Trump oder Bolsonaro. Hei gëllt et den Ament eng Äntwert op déi brenzeleg Fro ze fannen: „Wéi impft een 1,3 Milliarde Mënschen a méiglechst Rekordzäit?“.

Geet et dem Wëlle vun der Regierung no, da sollte bannent dem éischte Semester 2021, méiglechst 300 Milliounen Inder ee vun den zur Verfügung stoenden Impfstoffer kréien. Am Géigesaz zu eis awer, sollen hei keng Datebanke vun de Geimpften ugeluecht ginn. Interessant fir ee Land an deem „Dateschutz“ ee Friemwuert ass. Mee wéi bei eis, gëtt och an Indien op eng „Haftung“ verzicht.

mat indymedia/del

Foto: De Covaxin™ ass den indesche Covid19-Impfstoff vu Bharat Biotech, deen a Kooperatioun mam indesche Rot fir medezinesch Fuerschung (ICMR) an dem nationalen Institut fir Virologie (NIV) entwéckelt ginn ass. Déi drëtt klinesch Testphas war am Juli ageleet ginn. Un dëser hunn sech laut dem Hiersteller 26.000 Mënschen a 25 Zenter uechter Indien bedeelegt. © Bharat Biotech

Related topics AstraZeneca, Bharat Biotech, Covid19-Impfstoff, Generalinspekter fir pharmazeutesch Produiten, Indien, Venugopal Somani
Next post Previous post