Search

You may also like

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS
Neiegkeeten

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS

D’Representanten vu FEDAS Lëtzebuerg (Fédération des acteurs du secteur social

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren
Neiegkeeten

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren

Mat Barrièren oder Netzer vun enger Längt mat bis zu

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn
Neiegkeeten

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn

Am Representantenhaus hunn d‘US-Demokraten d‘Majoritéit an déi hu si gëschter

Covid19-Impfstrategie zu Lëtzebuerg

Ausser datt et d‘Leit näischt soll kaschten an datt et Prioritéiten huet hu se wéineg ze erziele gehat

Covid19-Impfstrategie zu Lëtzebuerg

Op der „Insel“ soll schonn déi aner Woch mat Impfen ugefaange ginn, och d‘Amerikaner gesinn et realistesch schonn ab Januar déi grouss Impfwell lancéieren ze kënnen. A senger Ried zur Lag vun der Natioun hat de Xavier Bettel drop ugespillt, datt Lëtzebuerg Mëtt Dezember éischt Dose vum Vaccin erhale géif. Dat schéngt sech opzegoen, firwat et gëschter nees Informatioune ginn huet.

Gewosst ass, datt eng éischt Commande schonn um Wee ass. Et sollen alles an allem 45.000 Dose sinn. Well den Impfstoff awer zweemol muss verofreecht ginn, kéinten esou héchsten 22.500 Leit vaccinéiert ginn. Dat mécht ersiichtlech, datt et Prioritéite brauch an erkläert zudeem, firwat nach ëmmer kee vun enger Impfflicht schwätzt. Wat awer stellt sech d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert méi laangfristeg vir a wéi soll dat alles Organiséiert ginn? Net alles gouf beäntwert…

An esou ass et da gëschter zwar ëm de Covid19 gaangen, net awer ëm déi dëse begleedent Mesuren. Natierlech gouf sech erwaart, datt eppes zu méigleche Lackerungen oder weideren Aschränkunge géif gesot ginn – d‘Leit géifen sech scho gären op d‘Chrëschtdeeg virbereeden – mee de Premier wollt keng falsch Hoffnungen erwächen. Esou ass et ee Freideg just ëm d‘Impfstrategie gaangen.

Den Duo Bettel/Lenert huet emol direkt erkläert, datt déi vun der Ethikkommissioun virgeluechte Proposen am Regierungsrot groussen Zousproch erhalen hunn. Et ass sech also fir eng zentraliséiert Impfstrategie ausgeschwat ginn, an änlech wéi beim flächendeckende Covid19-Test (LST), soll et fënnef Zentre ginn, an deenen sech d‘Bevëlkerung soll kënnen impfe loossen. Eng Impfung, déi, et schéngt een et net oft genuch widderhuelen ze kënnen, absolutt fräiwëlleg soll sinn a bleiwen.

Wou, wéini a fir wien?

Véier Standuerter fir d‘Impfzentre sinn elo bekannt: 1) Victor Hugo Hal um Lampertsbierg (soll ab Mëtt-Dezember operationell sinn); 2) d‘Haus vun de Wëssenschafte vum Liewen an de Materialien zu Esch-Belval (UNI-Lëtzebuerg); 3) den CNHP zu Ettelbréck (operationell ab Enn Januar); 4) de Schapp vun der Air Rescue um Findel. Ee fënneften Zenter soll am Oste vum Land entstoen.

Et kommen zousätzlech zu dësen Dispositiver och mobil Ekippen an den Asaz. Déi si bekanntlech immens flexibel a sollen d‘Residente vun den Alters- a Fleegeheemer impfen. Och hei sollen déi eeler Leit (offiziell) no hirem Averständnes gefrot ginn, och fir dës leit gëllt keen Impfzwang, esou d‘Ausso. An da soll et selbstverständlech méiglech sinn sech och ausserhalb de genannten Zentren impfen ze loossen. Et muss ee sech also net mam einfache Foussvollek an eng Schlaang stellen…

Zu de Prioritéiten: d‘Regierung huet entscheet, datt am Konsens mat allen Acteuren an Experten, als éischt den Ensembel vun allen am Fleegesecteur Beschäftegte Leit, an dann d‘Residente vun den Alters- a Fleegeheemer soll Vaccinéiert ginn. Weider Prioritéiten, also ob beispillsweis eis Arméi, Police an Rettungsdéngschter, virgezu ginn, goufe keng genannt. Sollt een awer vläicht bedenken.

Laut dem Xavier Bettel soll de Vaccin elo bis Enn Dezember, spéitstens awer am Januar am Land sinn. Iert den Impfstoff agesat gëtt, géif een natierlech op d‘Fräigab säitens der EMA waarden. Dat sollt awer net de Problem sinn, woubäi et och eisem Premier wichteg ass, datt d‘Sécherheet vun de Bierger ëmmer un éischter Stell steet. Et wier wichteg gutt Informatioune weiderleeden ze kënnen, fir d‘Zweiwel beim Vollek ze zerstreeën, wat Sécherheet, Effikassitéit an Notze vum Vaccin ugeet.

De Postwee gouf net ausgeschloss

Elo gëtt et natierlech nach vill Froen déi enger Äntwert bedierfen, mee d‘Regierung verlaangt eis hei nach eppes gedold of. Wéi vill Dose wéini zu Lëtzebuerg disponibel sinn, wéi a wou dës kënne gelagert ginn an natierlech déi ganz Logistik déi hei vun Néiten ass… alles Saachen déi esou nach net ofschléissend konnte gekläert ginn. Zumindest gouf et dozou näischt wat als Konkret gëllt.

Dofir ass annoncéiert ginn, datt d‘Leit sech net sollen/musse virdrängen. All Resident am Land kritt iwwert de Postwee eng Aluedung fir sech impfen ze loossen. An dësem Schreiwes ass – wéi dat jo och bei den Tester genotzt gouf – ee Code, deen engem den Zougang vum Vaccin offenbaart. Well d‘Regierung méiglechst vill a séier wëll Impfen – wann den Impfstoff bis zur Verfügung steet – soll een dann awer och iwwert de Site guichet.lu oder per Telefon kënnen ee Rendez-vous ufroen.

An dem Premier säi Wonsch ass et, datt d‘Leit esou séier wéi méiglech d‘Offer vun der Impfung ëmsetzen. Dofir wäert eng grouss Campagne mat ausgewielten an der Regierung gefällege Medien arrangéiert ginn. Dat huet sech jo bis ewell als „win-win“ Situatioun erwisen. Doriwwer eraus soll et mat de Sozialpartner (Gewerkschaften, Patronat- a Beruffsverbänn) ee groussen „Dialog“ ginn.

Wat déi „global Informatioun“ ugeet, esou soll dat an der Verantwortung vum Gesondheetsministère geschéien. Desen huet och d‘Opsiicht iwwert d‘Formatioun an d‘Mobiliséierung vun deenen, wou de Leit de Vaccin sollen administréieren. Bleift nach ze notéieren, datt – Standpunkt 4. Dezember – 1,3 Milliounen Impfdosen als „bestallt“ genannt goufen. D‘Impfung ass fir all d‘Residente wéi och d‘Frontaliere fräiwëlleg a gratis. Et geet jo an dësem Fall drëms d‘Allgemengheet ze schützen.

Illustratioun: Mirko Sajkov / Pixabay

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Impfstrategie, Paulette Lenert, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post