Search

You may also like

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung
Neiegkeeten

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht

Buchpresentatioun vun „Das Gottesspiel“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Das Gottesspiel“

Mam Danny Tobey sengem Roman „Das Gottesspiel“ (Heyne) kënnen Dreem

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit
Neiegkeeten

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun

Covid19-Impfung ass a bleift fräiwëlleg!

Et gëtt awer driwwer nogeduecht u wéi enge Schrauwe ka gedréit ginn, fir d‘Leit ze begeeschteren

Covid19-Impfung ass a bleift fräiwëlleg!

An der ganzer Unioun gëtt sech, elo wou jo emol eng Rei Impfstoffer unerkannt an zougelooss sinn, de Kapp doriwwer zerbrach, wéi een – ouni d‘Fräiwëllegkeet a Fro ze stellen – d‘Leit am beschten dovunner iwwerzeegt kritt, bei Disponibilitéit zur Impfung ze motivéieren. Mat „einfach Froen“ ass et jo net gedoen, an dobäi brauch et bis 70% geimpfter fir d‘Pandemie lass ze ginn, oder?.

Éisträich huet wéi eis däitsch Noperen am Bléck, datt ee beispillsweis zu gewësse Saachen nëmmen Zougang erhält, wann een en negative Covid19-Test oder d‘Impfung noweise kann. A Spuenien gëtt iwwert ee Regëster nogeduecht, an deem déi Leit sollen opgelëscht ginn, déi sech net wëlle géint de Coronavirus impfe loossen. Mee net nëmmen d‘Regierunge maachen hei eppes „Drock“.

Och an den Entreprisen a Konzerner geet eeschthaft no Weeër gesicht, wéi een seng Mataarbechter rechtlech zur Impfung zwénge kann. Besonnesch Deloitte (mee och déi aner an dësem Secteur aktiv Conseilleren) ass den Ament ganz intensiv domadder beschäftegt, déi Textpassagen ausfënneg ze maachen, mat deenen Employeuren hiert Personal kënnen „iwwerzeegen“ sech impfen ze loossen.

Fir den Ament awer heescht et nach ëmmer säitens dem Premierminister Xavier Bettel an senger Gesondheetsministesch Paulette Lenert, datt eng Impfflicht zu Lëtzebuerg eigentlech ausgeschloss ass. Dat ass nëmmen esoulaang haltbar, wéi genuch Leit bereet sinn sech impfen ze loossen. Op der Säit vu „science.lu“ kritt een dann dozou schonn emol dank engem Sondage eppes Unhaltspunkten.

Sondage

Aus hirem Sondage geet ervir datt, sech 55% vun de Befrote géifen Impfe loossen. Am Géigesaz zu der TNS-Ilres hunn d‘Wëssenschaftler allerdéngs emol direkt drop higewisen, dat obwuel hei 2.553 Leit deelgeholl hunn, d‘Ëmfro net representativ ass. Richteg ass och, datt si déi meeschten Äntwerte via Facebook erhalen hunn. Trotzdeem sinn déi esou gewonnen Informatioune ganz interessant.

A wärend et an dësem Sondage 13% Onentschlossener huet, sech dann awer 32% éischter dergéint ausgeschwat hunn, gëtt ersiichtlech, datt et nach vill Opklärung a Sensibiliséierung brauch. Mee ugeholl et géif entgéint aller Probabilitéit der Politik geléngen ze Iwwerzeege statt ze néidegen, et also mam Impfstoff zu enger Immunitéit tëscht 60 a 70% kënnt. Si mir dann all aus dem Schneider?

Laut science.lu net wierklech. Si weisen drop hinn, datt (esou den aktuelle Stand) Mënschen ënner 16 Joer net dierfe géint de Covid19 geimpft ginn. Dat wiere ronn 17% vun der Populatioun a laut de Wëssenschaftler bedeit dat, datt sech vun de verbleiwenden 83% gutt 84% misste picke loosse fir déi 70% ze erreechen, a wa 60% duer ginn, missten awer 72% nach beim Impfe matmaachen.

Dës Zuelen si wuel net a Stee gemeesselt an d‘Wëssenschaftler weisen drop hinn, datt sech bei de Leit d‘Verhältnis zur Impfung entspriechend der Informatiounslag, ganz variabel presentéiere wäert. Dat ass de politeschen Entscheedungsträger awer net sécher genuch, si hätte gären, datt elo wou d‘Wonnermëttel zur Verfügung steet, méiglechst zügeg geimpft an datt nees geschafft ka ginn.

Iwwerzeegen

Leider ass et esou, datt een haut net méi esou einfach iwwerzeege kann. Zum engen ass dat der eegener Kommunikatiounsstrategie zouzeschreiwen, zum anere gëtt et do ee Mouvement, deen iwwerzeegend mam Onverméige vun de Mënschen ëmzegoe weess. An da gëtt et nieft dësen Impfgéigner och nach all déi aner, wou der Pharmaindustrie aus guddem Grond net méi trauen.

Elo hunn awer d‘Regierungen – och eis – net d‘Zäit hei grouss ze erkläre firwat et wichteg a wuel och noutwenneg ass sech impfen ze loossen. Et geet net wierklech ee Wee an deem si kredibel vu sech behaapte kéinten net op der Gehaltslëscht vun dëse Konzerner ze stoen, well si sech allze oft vun dësen hire Juristen d‘Gesetztexter zouschanze loossen. Et brauch also aner wierksam Mëttel.

Dozou gehéiert, datt ee gesetzlech festleeë kann, datt ee beispillsweis nëmmen nach verreesen dierf wann ee geimpft ass – bannent der EU schwiereg, ausser et féiert een nees Grenzkontrollen an. Mee wéi wier et, wann een den Impfpass ëmmer da misst virweisen, wann een an den Theater, Kino oder op ee Concert asw… wëll goen? Wat wann de Patron et zur Konditioun an der Entreprise mécht?

Eng éierlech Äntwert gëtt et dozou fir den Ament keng, an dat aus deem denkbar einfachste Grond: et gëtt nach net genuch Impfdosissen, firwat een un d‘Prozedur bei der Maskeflicht erënneren dierf. Wéi et där einfach net genuch ginn huet, war sech „alles“ eens, datt d‘Masken näischt daachen. Wéi de Besoin konnt gedeckt ginn, gouf d‘Mask zur Flicht. Mam Vaccin wäert net anescht verfuer ginn.

Illustratioun: © Hakan Nural / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Covid19-Impfstoff, Grondrechter, Impfflicht, science.lu
Next post Previous post