D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz
D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an
D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an
A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen
Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV
„Et ass e klenge Geste fir jiddwereen, mee esou wichteg fir d’Gemeinschaft. Wa mir an d’Normalitéit zeréck an eis Léifst schnell nees empfänke wëllen, ass dat net ze vill gefrot“, erkläert d’Anne Wissler-Reiser. Déi 79-järeg Bewunnerin vum Fleegeheem an der Rue Sainte-Zithe huet ufanks Nervositéit verspuert, ass awer houfreg dëse Privileeg ze hunn. Och de Joseph Mersch, 96 Joer a fréieren Dokter, réit d’Prozedur alle Matbewunner un. „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“, ënnersträicht hien.
Generell wier de Wëllen sech impfen ze loossen bei den eelere Persounen immens héich. Den Informatioune vun ZithaSenior no, wëllen 80-90% vun hire Residenten d’Impfung kréien, wann d’Méiglechkeet fir si besteet.
Tëscht dem 6. a 14. Januar 2021 sollen d’Bewunner aus weideren 11 Alters- a Fleegeheemer geimpft ginn. Uschléissend këmmert ee sech ëm déi weider Strukturen. Heivir huet de Familljeministère, zesumme mat der COPAS, eng Lëscht erstallt. Am Endeffekt sollen esou ëm 6.200 eeler Persounen de Vaccin kréien.
Wei am Dezember ugekënnegt, läit d’Prioritéit am Fleegesecteur. Net nëmmen eeler Persounen, mee och d’Personal – dat wieren 6.332 Professioneller aus der Santé an 8.927 aner Professioneller – sollen zu Lëtzebuerg als éischt géint de Sars-CoV-2 geschützt ginn.
Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Dr Jean-Paul Schwartz, Dokter; Dr Joseph Mersch, 96 Joer, an eng vun den éischte Persounen am Fleegeheem, déi geimpft ginn ass; André Alves Pinto, Infimier © SIP / Emmanuel Claude – Billergalerie © SIP / Emmanuel Claude