Search

You may also like

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris
Neiegkeeten

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen

E Sonndeg ass Rout-Kräiz Bazar
Neiegkeeten

E Sonndeg ass Rout-Kräiz Bazar

Wéi all Joer, esou gëtt et och 2019 den traditionelle

D‘Laureate vum Literaturconcours sti fest
Neiegkeeten

D‘Laureate vum Literaturconcours sti fest

De Kulturministère annoncéiert datt d’Jury vum Nationale Literaturconcours 2020, zesummegesat

Covid19-Impfungen zu Lëtzebuerg

Och eis Gesondheetsministesch huet eng Impfstrategie, déi deklinéiert sech a fënnef Phasen

Covid19-Impfungen zu Lëtzebuerg

Nodeems e Freideg dat neit Covid19-Gesetz gestëmmt gouf, datt zanter Mëtternuecht a Kraaft ass, hat et nach eng Aktualitéitsstonn zu den Impfstoffer ginn. D‘Positioune vun den eenzele Parteien si bekannt: deem enge geet alles ze séier, deem aneren net séier genuch. Och iwwert d‘Bestellunge gouf ze gestridden, an dobäi wier dat wichtegst bal iwwersi ginn. Mir hunn eng Impfstrategie…

Also eigentlech hunn d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d‘Beamten aus dem Ministère eng Strategie. Ob a wéini déi zum droe komme soll ass allerdéngs nach net gewosst, d‘Propose zur Strategie gouf elo emol dem Ethikrot virgeluecht. Woubäi eigentlech gëtt dat Ganzt schonn ëmgesat wëll d‘Phas I ass jo längst ugelaf: Impfe vum Gesondheetspersonal an de Leit an den Altersheemer.

Hei schwätzt d‘Santé vun enger Populatioun vun 38.000 Mënschen, vun deene laut Ausso, all déi Fräiwëlleg bis Enn Mäerz sollen hir éischt Impfdosis sollten injizéiert kritt hunn. D‘Impfcampagne an de Spideeler leeft dann och haut offiziell un. Dat heescht, datt Ufank Abrëll d‘Phas II ufänkt. Déi betrëfft d‘Populatioun vun den iwwer 75 järegen (41.000 Leit) dann déi ab 65 Joer (49.500 Leit).

Et ass jo net wéi wann et géif presséieren

En Zäitraum fir dës zweet Phas gëtt et aktuell nach net. Mat der Phas III soll sech de gefäerdete Persounen ugeholl ginn, esou wéi dat vum „héije“ Rot fir Infektiounskrankheeten definéiert ginn ass. Hei hunn d‘Mënsche 50 Joer de virtrëtt, direkt hannendrun kommen dann déi 50 bis 64 järeg, exponéiert Beruffer, essentiell Positiounen an Ämter… Och heifir gëtt et nach keen Datum.

An der Phas IV ginn déi „sozial schwaach“ (ënner 50 Joer) an alles wat a sougenannte prekäre Verhältnisser lieft erugeholl. A wann dann och dës Populatioun geimpft ass, sollen all déi aner, woubäi mat den eelste soll ugefaange ginn, agelueden sech impfen ze loossen. Dat dierft beim aktuelle Rhythmus net virum 2. Semester 2021 de Fall sinn. Et gëtt es awer genuch dees Vaccin…

Illustratioun: Wann ee bedenkt, datt an Israel (ronn 9 Milliounen Awunner) d‘Autoritéite bannent dräi Wochen 20% vun der Bevëlkerung déi éischt Dosis verofreecht hunn, sollt et och erlaabt déi Lëtzebuerger Strategie eppes ze hannerfroen. Woubäi sech eis Regierung jo fir ee ganz eegenen a solidaresche Wee entscheet huet. © Steven Cornfield

Related topics Covid19-Impfungen, Ethikrot, Gesondheetsministère, Gesondheetsministesch, Strategie
Next post Previous post