Covid19-Infektiounen an der Fondatioun Pescatore

D‘Fondatioun Jean-Pierre Pescatore an der Stad huet et de Moment net einfach. Een Deel vun enger Wunnunitéit huet sech mam Coronavirus ugestach.

Dobäi goufen 8 Bewunner an 1 Personalmember positiv op de Covid19 getest. Ënnert de Patienten weise scho 7 Bewunner ee kompletten Impfschema op, d‘Majoritéit vun hinnen huet keng oder just liicht Symptomer.

Allerdéngs sinn 3 Bewunner, deenen hier Gesondheet well duerch aner Ëmstänn beanträchtegt ass, sécherheetshallwer hospitaliséiert ginn. Och de positiv geteste Mataarbechter ass glécklecherweis komplett geimpft.

Duerch deen aktuellen Infektiounscluster huet d‘Fondatioun sämtlech Sécherheetsmoossname vun der Santé ëmgesat. Gemeinschaftsraim goufen zougemaach an Aktivitéiten ausgesat. Och den Haaptrestaurant vu CIPA léisst seng Dieren zou.
Besuch kréien ass méiglech, wann och nëmmen ageschränkt.

Den nächste PCR-Test fir d‘Bewunner an d‘Personal ass fir den 2. Dezember geplangt.

Dernières nouvelles