Search

You may also like

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten
Neiegkeeten

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?
Neiegkeeten

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?

No der Verëffentlechung vun enger zwee Joer alen, dofir awer

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?
Neiegkeeten

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?

Duerch d’Anti-Rassismus-Debatten ass grad a leschter Zäit eng richteg Juegd

Covid19 Iwwersiicht

Covid19 Iwwersiicht

Wann et haut net wéi eigentlech geplangt zur Sëtzung vum Regierungsrot kënnt, an esou d‘Stonn vun der Wourecht nach eppes muss waarden, well et net heeschen, datt nees alles um gudde Wee ass. Op der Covid19-Front bleift d‘Lag och weiderhin eppes ugespaant.

Um Dënschdegowend goufen op en Neits 553 Neiinfektioune gemellt. Getest goufen 8.213 Leit, den Infektiounstaux läit dann Ament bei 6,49%. Datt kléngt nëmmen op den éischte Bléck besser, wéi déi deels iwwer 800 Fäll/Dag déi d‘lescht Woch ze notéiere waren. De Grond: et sinn siwe Persounen un de Folge vun der Covid19-Infektioun verstuerwen an zielen elo 167 Doudesaffer.

Den Detail vun der Stierflechkeet

  • +79 Joer – 67,5%;
  • 70-79 Joer – 20,5%;
  • 60-69 Joer – 9%;
  • 50-59 Joer – 2,4%;
  • 40-49 Joer – 0,6%.

Op en Dënschdegowend gouf dann och de Kap vun den 200 Hospitalisatiounen iwwerschratt. 203 Mënsche ginn zur Stonn am Spidol behandelt: 174 ënner normale Bedéngungen (+24) an 29 ginn op der Intensivstatioun betreit. Et sinn och 23 Persounen am Spidol, bei deenen et sech den Ament awer nëmmen ëm ee Verdacht op d‘Infektioun handelt.

Zanter datt sech de Covid19 am Land ausgebreet huet, hunn 19.634 Residenten de Virus erwëscht. 10.825 ënnert hinne gëllen als „geheelt“. Gëschter waren entspriechend den Zuelen 8.642 Leit aktiv Porteuren (+418). Och hei sinn déi eeler Leit an der Majoritéit, wat net wierklech gutt ass, gehéiere si jo der sougenannter Risikogrupp, déi et eigentlech gëllt ze schützen.

Et ass also nach net fir sech op Chrëschtdag ze freeën, mee fir uecht ze dinn. Déi nei Reegelen – d‘Covid19-Gesetz dat leschten Donneschdeg gestëmmt gouf sollt jo bekannt sinn – sollen zwar derzou bäidroen, datt ee bis dohinner nees alles am Grëff huet, an eventuell méi Leit dierfe mat ronderëm den Dësch sëtzen, mee dat gëtt schwéier.

Zudeem bleift et derbäi: „mir sinn all Deel vun der Léisung“. Dat schléisst d‘Regierung mat an, an déi muss sech vun der Oppositioun eppes Kritik gefale loossen. Fir den Ament schéngt et net derno auszegesinn, wéi wann et nach dës Woch géif zu weidere Verschäerfunge vun de Mesure kommen.

Illustratioun: © Jan Kopriva / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Gesondheetssystem, Infektiounszuelen, Iwwersiicht
Next post Previous post