Search

You may also like

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
International Neiegkeeten

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun
International Neiegkeeten

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun

ENCEVO Lëtzebuerg mat senge Filiale CREOS Deutschland GmbH a GRTgaz

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck
International Neiegkeeten

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

An engem Schreiwes dat haut vum Wäissen Haus publizéiert ginn

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin

Vill Aktiver aus dem Gesondheetssecteur trauen dem Vaccin net, dat sollt si och beonrouegen

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin

An enger uniounsinterner Sëtzung huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel d‘Parteifrënn op weider haart Wochen, a méiglecherweis eng Verlängerung vum Confinement bis Enn Mäerz, virbereet. Schold dorunner hatt d‘Verbreedung vun de Covid19-Varianten an der Bundesrepublik.

Et géif ee virun aacht bis zéng ganz haarde Woche stoen, soll d‘Angela Merkel an der Sëtzung hire Parteifrënn vun der Aarbechtsgemeinschaft „Sécherheet“, vun der Bundestagsfraktioun gesot hunn. Wéi séier sech déi brittesch Variant (B.1.1.7) vum Covid19 ausbreet léist sech un den Erkenntnisser aus Südengland an Irland feststellen. Dat wier scho beonrouegend an et misst een en A drop halen.

Déi vun der BILD verëffentlecht „Meldung“ datt d‘Bundeskanzlerin an der Sëtzung soll stramm Mesure bis Enn Mäerz gefuerdert, respektiv ugekënnegt hunn, gëtt eestëmmeg dementéiert. Et géif een d‘Evolutioun an den Impakt vun dëser Covid19-Variant, wéi och all aner Mutatiounen awer och net ënnerschätzen. Sollten sech Moossnamen opzwéngen, géif een dat entspriechend erklären.

Och bei eis ass de B.1.1.7. am Ëmlaf, a gouf schonn an der Belsch, Frankräich, Holland an Italien zur Kenntnis geholl. Et ass gewosst, datt dës Variant „hyperaktiv“ ass, woubäi den Impfstoff och dëser Mutatioun gewuess soll sinn. Suerge bereet an dësem Kontext dann och déi südafrikanesch Variant. Mutatioune sinn awer eppes ganz Normales an et goufen der scho masseg festgestallt.

De bayresche Wee

Et huet den Ament awer kee Grond iwwer Moos beonrouegt ze sinn, de Monitoring leeft ganz esou wéi et soll sinn an d‘Moossnamen, och wa se hei an do d‘Leit veriergeren, schéngen ze gräifen. Am ganze Land ginn d‘Zuelen zréck, firwat de bayresche Ministerpresident a Kanzlerkandidat Markus Söder vun enger „verhale positiver Tendenz“ schwätzt. Et ass awer nach eppes fréi fir ze jubelen.

Bei der vum Markus Söder presidéierter Kabinettssëtzung gouf dann nach beschloss, datt am dem nächste Méindeg, am ëffentlechen Transport wéi och an de Geschäfter, eng sougenannt FFP2-Mask zwéngend virgeschriwwen ass. De Ministerpresident erkläert, datt déi sougenannt „Community-Masken“ nëmmen dem Schutz vun aneren déngt, an d‘FFP2-Mask och den Träger selwer schützt.

De Markus Söder weist nach drop hin, datt et där FFP2-Masken am Handel am Iwwerfloss gëtt, huet sech awer net zum Präis geäussert, dee jo awer och matspillt. Et huet net all däitsche Bierger dem Politiker säin Akommes… Esou hunn aner Bundeslänner schonn emol eppes Skepsis gewisen. Ëmzesetzen ass esou eng Virschrëft nëmmen, wann een de Leit dës Masken zur Verfügung stellt

Wann d‘Vertrauen net ginn ass

Am Kontext vun der Impfcampagne huet et an Däitschland allerdéngs och eng Rei Problemer. Vill Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur wéilten sech angeblech net impfe loossen, wat nees den Appell zu enger Impfflicht relancéiert. De CDU-Kanzlerkandidat Markus Söder ass fir esou eng Mesure, d‘Bundesregierung well et beim „Fräiwëlleg“ beloossen. Trëfft ee sech elo an der Mëtt?

Wann de Mann aus Bayern keng allgemeng Impfflicht duerchsetze kann, da wëll hie wéinstens, datt d‘Fleegepersonal zur Impfung verflicht gëtt. De Bundesaarbechtsminister Hubertus HEIL (SPD) ass iwwert esou Aussoen net erfreet, an och de Virsëtzende vum „Städtetag“ Helmut Dedy, fënnt dat net esou glécklech. Esou Fuerderunge géifen eenzeg de Widderstand stäerken an dat kann net sinn.

Den Helmut Dedy weist drop hinn, datt eng Impfcampagne nëmme kann Erfolleg hunn, wann een d‘Leit iwwerzeegt kritt. Zwang fir kontraproduktiv. Hie versteet zwar, wann ee muss feststellen datt sech an de Fleegeheemer nëmmen en Drëttel vum Personal impfe léist, datt ee versicht aner Weeër ze fannen, woubäi dat mat der Impfflicht, ugesiichts der Stëmmung am Land, net ugeroden ass.

Et brauch (k)eng ëffentlech Debatt

Fir de Kanzlerkandidat aus Bayern muss et eng konsequent an oppen Diskussioun zur Impfflicht ginn. Wann déi elo awer och net derzou bäidréit, datt sech déi am Gesondheetssecteur beschäftegt da fräiwëlleg impfe loossen, géif eng Impfflicht noutwenneg. An de Spideeler géif et net déi aus den Alters- a Fleegeheemer gemellte „Skepsis“, esou de Markus Söder, deen och weess u wat et läit.

Laut dësem wier de Widderstand géintiwwer dem Impfstoff, op d‘Verbreedung vu „Fake News“ zeréckzeféieren. Verfollegt een dem Politiker säi Gedanken, géif datt bedeiten, datt d’Fleegekräften an de Spideeler „besser opgekläert“ sinn. Dat ass allerdéngs net de Fall an d‘Skepsis ass zimmlech gläich verdeelt. Am Spidol allerdéngs bass den de Job lass, wann s de dech net impfe léiss…

De Bundesverband vun de private Déngschtleeschter fir sozial Déngschter mellt, datt him nach keng zouverlässeg Date virleien, wat d‘Impfbereetschaft bei de Fleeg vun de Seniore betrëfft. Hei gëtt op déi interdisziplinär Vereenegung fir Intensiv- an Noutfallmedezin verwisen, wou ronn 50% vun de Beschäftegten sech aktuell net wëllen Impfe loossen. Si fuerderen och eng Impfflicht.

Duerch d‘Hannerdier

Kloer ass ee sech allerdéngs och doriwwer, datt een eng Impfflicht net no „Kategorie“ kann ëm- an duerchsetzen. Wann da muss et fir jidderee gëllen, an dat dierft – dëst Joer si Bundestagswalen – net esou an de Parteiprogrammer optauchen. Och am Ethikrot ass ee vun enger „Flich“ net iwwerzeegt och wann et verfassungstechnesch betruecht, duerchaus ze envisagéiere wier, et hätt Beispiller…

D‘Personal an de Crèchen an/oder Spillschoule muss sech jo laut Gesetz géint d‘Riedelen impfe loossen. Den Ethikrot zitt et awer vir, d‘Flicht eréischt a betruecht ze zéien, wann een d‘Mënschen net iwwerzeegt kritt. Och datt geimpft Mënsche méi „Rechter“ sollen erhalen, gesäit een hei net esou gären. Zudeem verweist den Ethikrot drop hin, datt d‘Privatwirtschaft säint bäidroe kann.

Wann Entreprise/Veranstalter vun hire Cliente verlaange geimpft ze sinn, fir Zougang zu enger Déngschtleeschtung (Restaurant, Kino, Fluchreesen, asw.) ze erhalen, wier dat och eng gewësse Form vun „Iwwerzeegungsaarbecht“. D‘Politik (et ass nach ëmmer ee Waljoer) géif dat gäre vermeiden, ass insgeheim awer éischter „Demandeur“ an d‘Wirtschaft an der „Bréngschold“…

mat indymedia/ber/muc/fra

Illustratioun: noelsch / pixabay

Related topics Angela Merkel, Covid19-Pandemie, Däitschland, Ethikrot, Impfflicht, Markus Söder
Next post Previous post