Search

You may also like

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien
Neiegkeeten

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien

Et ass wuel déi Zeen, déi jiddereen aus der Diskussiounsronn

Editorial: Héijer Politik?
Neiegkeeten

Editorial: Héijer Politik?

De Boris Johnson hat et ugekënnegt, senge Wieler a Supporter

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung
Neiegkeeten

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer

Net nëmmen an der Belsch

Wat d‘Covid19-Kontrolle vun der leschter esou bruecht hunn…

Net nëmmen an der Belsch

Ob dat bestoend, also gültegt Covid19-Gesetz op enger zolitter juristescher Grondlag fousst ass dat eent. Dat d‘Police hire Missiounen nogoe muss dat anert. An déi hu gutt ze dinn, well fir d‘Gesetz duerchzesetze brauch et och Kontrollen. Därer hunn d‘Beamte vun der Police déi lescht Woch ronn 300 duerchgefouert. An éischter Linn goung et ëm d‘Anhale vun der Ausgangsspär an dem Ofstand.

Laut dem virleiende Bericht sinn eng 160 Leit protokolléiert ginn, déi meescht ënnert hinne, well si sech net un d‘Spärstonn, déi tëscht 23 a 6 Auer anzehalen ass, gehalen hunn. An 12 Fäll huet d‘Police missen ee Bericht/Protokoll un déi zoustänneg Administratiounen, wéinst net-anhale vun de sanitäre Virschrëften, weiderleeden. D‘Zeenarioe gläichen a widderhuelen sech dobäi leider.

Esou hunn sech d‘Beamten den 7. Dezember an enger Epicerie an der Stalingrad-Strooss zu Esch-Uelzecht missen ee puer Clienten unhuelen, déi bannent dem Geschäft weder Ofstand nach d‘Maskeflicht respektéiert hunn. Zudeem sollen se eppes gedronk hunn. Dat ass leider verbueden, an et sinn net d‘Polizisten déi et erfonnt hunn. Si mussen dofir Suerg droen dat et agehale gëtt.

Do kann engem den Hutt héich goen

Nodeems mir iwwert ee puer „Exzesser“ aus der Belsch bericht hunn, mus dierfe festgestallt ginn, datt illegal „Evenementer“ och bei eis am Land zuweile fir Onmutt suergen. Esou geet dann och aus dem genannte Bericht ervir, datt et an der Nuecht vun e Samschdeg op ee Sonndeg, zu Rodange an der Albert-Schweizer Strooss eng Party ofgehale gouf, un där iwwer 100 Leit bedeelegt waren.

Opgefall sinn déi, wëll se sech „festiv“ verhalen hunn. Iwwersat: Et gouf gedanzt an entspriechend Kaméidi geschloen. D‘Police huet dann och (passend) zur Geeschterstonn, kuerz no Mëtternuecht zougeschloen. D‘Party-Vollek war asiichteg an d‘Beamte konnten d‘Fest ouni grousst Gedeessems beendegen. De Bewunner vum Haus huet sengersäits dierfen eppes méi déif an d‘Täsch gräifen.

D‘Police leet allerdéngs wäert drop, datt matgedeelt gëtt, datt zanter Aféierung vun der Spärstonn, esou Virfäll éischter d‘Ausnam sinn. Déi gréisste Virfall hat d‘Police den 18. Oktober zu Buckels an der Gemeng „Parc Housen“ ze notéieren, wou bis zu 200 Leit um hellege Sonndegmueren eng Party geschmass hunn. Un dësem Fest haten sech vill Belsch an Hollänner bedeelegt…

Illustratioun: © Ramille Soares / unsplash

Related topics Aschränkungen, Covid19, Covid19-Gesetz, Party, Police, Spärstonn
Next post Previous post