Search

You may also like

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen
Neiegkeeten

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

Wéi steet et ëm d‘Covid19-Kontrollen?

Wéi steet et ëm d‘Covid19-Kontrollen?

Laut dem bericht vun der Police, goufen déi lescht Woch ronn 390 Kontrollen am Kontext vum neie Covid19-Gesetz duerchgefouert. Ee besonnescht A hunn d‘Beamten op d‘Anhale vun de Reegelen zur Versammlung, der Spärstonn an déi sanitär Konzepter fir Akafszenter geworf.

A 14 Fäll hunn d‘Poliziste missen ee Protokoll erstellen, respektiv ee Rapport un déi zoustänneg Administratioun schécken. Dat wëll sech entweder d‘Geschäftsleit oder eben hir Clienten net un d‘Reglementéierung gehalen hunn. An engem konkrete Fall (den 21. Januar um 10.30 Auer zu Esch-Uelzecht) hunn d‘Poliziste bei enger Kontroll zwee „Clienten“ erwëscht, wéi dës am Lokal vum Geschäftsmann Alkohol konsuméiert hunn. Si sinn entspriechend dem Gesetz verwarnt ginn, an e Rapport gouf un déi zoustänneg Verwaltung weidergeleet.

Op déi ganz Woch gesinn, hunn eng 120 Leit en taxéierten Avertissement erhalen. Bei 70% vun de Verstéiss, huet sech ëm d‘net-anhale vun der Ausgangsspär gehandelt.

Illustratioun: Nëmmen Nuetseile mussen sech net un d‘Gesetz halen © Elihu Gideon / unsplash

Related topics Ausgangsspär, Covid19-Gesetz, Covid19-Kontrollen, Hygiènesreegelen, Police
Next post Previous post