Search

You may also like

Covid19 Task-Force weess eppes wat d‘Regierung net weess
Neiegkeeten

Covid19 Task-Force weess eppes wat d‘Regierung net weess

Am Bericht vun der Covid19 Task-Force (Research Lëtzebuerg) – deen

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress
Neiegkeeten

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff
Neiegkeeten

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff

Um Freidegnomëtteg, den US-President Donald Trump huet de serbesche President

De Covid19 bedreet och déi finanziell Gesondheet vun der Krankekeess

De Covid19 bedreet och déi finanziell Gesondheet vun der Krankekeess

Datt d‘Krankekeess am Kontext vun der Covid19-Pandemie géif zolidd zur Contributioun geholl ginn, dat wäert kee verwonneren. Trotzdeem huet déi sech gutt gehalen a wäert dëst Joer nach net mat rouden Zuele fir schlecht Stëmmung suergen. 2021 sollt allerdéngs mat engem zolitten Defizit gerechent ginn.

Fir de Sozialversécherungsminister Romain Schneider (LSAP) sinn d‘Zäite grad esou schwiereg, wéi fir all déi aner. Hien huet gëschter nach emol erkläert, wéi ee finanziellen Opwand d‘CNS bedriwwen huet a wuel och wäert bedreiwe mussen. D‘CNS huet jo bekanntlech eng ganz Rëtsch vu Moossname finanziell gedeckt, déi vun der Regierung wéinst dem Covid19 getraff goufen.

Wéi héich den Opwand ass oder och nach wäert sinn, gouf gëschter an der Visiokonferenz mat de Sozialpartner diskutéiert. E grousse Batz gouf opgewannt, fir am Zäitraum 1. Abrëll – 30. Juni, engersäits de Congé aus familiäre Grënn, an anersäits d‘Iwwernam vun den Indemnitéiten ab dem éischten Dag vun der Krankmeldung ze finanzéieren. Dat rappt ee grousst Lach an d‘Keess.

De Minister geet dovunner aus, datt sech d‘Ausgabe vum lafende Joer wäerte bei 3,7 Milliarden Euro (+20% géintiwwer dem Virjoer) apendelen. Eng normal Progressioun vun den Ausgabe läit fir gewéinlech bei ronn 7%. Dobäi kënnt dann nach, datt d‘Einnamen (+4,3%) net am erhoffte Mooss zougeholl hunn. Et si manner Plaze geschafe ginn, wat sech negativ op d‘Cotisatiounen auswierkt.

Grad esou d‘Kéier kritt

Hei sollt ee nach berecksiichtegen, datt d‘Zuelen – zum Gléck – net ganz esou katastrophal sinn, wéi datt nach am Kontext vum Etat de Kris befiercht ginn ass. Esou wéi et de Romain Schneider duergestallt huet, si 400 Milliounen Euro fir Covid19-Mesure gefloss. Geld datt de Staat der CNS iwwer véier Joer verdeelt wäert mussen erëmginn. Zumindest ass dat esou virgesinn, heescht et.

Et gouf an dësem Sënn och schonn am Oktober ee Gesetzprojet agereecht. Am léifste wier dem Sozialversécherungsminister, wann et nach dëse Mount kéint gestëmmt ginn, et dierft awer Ufank Dezember ginn, bis d‘Chamber zur Ofstëmmung kënnt. Et sollen 200 Milliounen Euro nach an de Budget vun 2020 afléissen. De Recht gëtt dann an Tranche vun 62 Milliounen nogereecht.

Dank den 200 Millioune behält d‘CNS 2020 nach en Iwwerschoss vu 6,7 Milliounen Euro. Deen huet 2019 nach bei 102 Milliounen Euro geleeën. Fir 2021 rechent d‘CNS mat engem Defizit vu bis zu 108 Milliounen. D‘Einname wäerten d‘Ausgaben dann anert Joer net gedeckt kréien. Dat wierkt sech op d‘Reserv aus, déi vun 970 op 870 Milliounen Euro erofgeet. Et ass nach keng Panik ugesot.

Illustratioun: © Portuguese Gravity / unsplash

Related topics CNS, Coronaviruskris, Covid19, Krankekeess, Romain Schneider, Sozialversécherungsminister
Next post Previous post