Search

You may also like

Paräis: Sex-Video erzwéngt Réckzuch vu Buergermeeschter-Kandidat
Neiegkeeten

Paräis: Sex-Video erzwéngt Réckzuch vu Buergermeeschter-Kandidat

De Benjamin Griveaux, Wonschkandidat vum Emmanuel Macron fir d‘Amt vum

surprise
John McAfee a Spunien gestuerwen
Neiegkeeten

John McAfee a Spunien gestuerwen

De Grënner vun der Software- an Antivirus-Firma McAfee ass dout

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown
Neiegkeeten

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Iwwert d‘Chrëschtdeeg konnten d‘Éisträicher et eppes méi labber ugoen an

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung a Saachen Hëllefsleeschtungen an der Coronavirus-Kris vernoléissegt a vergiess. Mee och Si brauchen an dëser Kris staatlech Ënnerstëtzung. Mir fuerderen dofir onverzüglech eng Gläichbehandlung vun der Landwirtschaft bei alle staatlechen Hëllefen“, esou d‘CSV-Deputéiert Martine Hansen an Octavie Modert.

D‘CSV erwaart, datt de Landwirtschaftsminister méi aktiv gëtt an déi nächst Woch a senger ugekënnegter Pressekonferenz endlech konkret Moossname fir den éischte Secteur op den Dësch leet.

Folgend fënnef Hëllefen si fir d‘CSV kuerzfristeg zentral:

  • d‘Erweiderung vun allen Direkthëllefen a familljepolitesche Moossnamen, och fir d‘Landwirtschaft;
  • déi konsequent Ënnerstëtzung vun alternative Standbeener, och an der Kris (pedagogesch Betriber, Fest-Scheieren, Wäistuffen, asw.);
  • d‘Ënnerstëtzung vun der Regionalitéit;
  • d‘Ënnerstëtzung vun der Vermaartung vum Wäin, an Zesummenaarbecht mat der Gastronomie, fir Wettbewerbsverzerrungen entgéintzewierken;
  • d‘Aféierung vun enger Steierglättung.

„Keng Liewensmëttelsécherheet ouni sécher Landwirtschaft“; esou war schonns um 15. Abrëll ee Pressecommuniqué vun der CSV-Fraktioun iwwerschriwwen. De 17. Abrëll hat d‘CSV eng entspriechend Motioun an der Chamber abruecht. Béid Initiative si vun der Regierung politesch onbeäntwert bliwwen.

Doriwwer eraus, ass fir d‘CSV kloer, datt och d‘Agrargesetz muss ugepasst ginn. „Och dat ass eng laang Fuerderung vun eis. An och hei ass bis ewell keng politesch Beweegung vun der Regierung erkennbar“, esou d‘Martine Hansen an d‘Octavie Modert weider.

Entscheedend sinn hei fir d‘CSV:

  • d‘Entkopplung vun de Bäihëllefe vu reng betribswirtschaftleche Wuesstemskritären;
  • eng verstäerkten Ënnerstëtzung vun Investitiounen an nei Technologien an Ëmweltmoossnamen;
  • ee Käschtenneutrale Klima-Nohaltegkeetscheck vun alle Betriber, verbonne mat enger allgemenger Berodung;
  • déi konsequent Ënnerstëtzung vu Biogas.

Och hei hat d‘CSV-Fraktioun schonn am November 2019 ënnert dem Titel „Klimaschutz: Landwirtschaft als Deel vun der Léisung“ en aacht-Punkte Plang fir eng Landwirtschaft mat manner Klimagasen a méi CO²-Bindung virgeluecht. Och dësen ass vun der Regierung onbeäntwert bliwwen.

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun; fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Illustratioun: © Vladimir Kudinov / unsplash

Related topics CSV, Direkt-Hëllef, Gäertnerei, Landwirtschaft, Martine Hansen, Octavie Modert, Wäibau
Next post Previous post