Search

You may also like

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen
International Neiegkeeten

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen

Kuerz nodeems déi Lëtzebuerger Post eng 14% Erhéijung vun hiren

Dem Emmanuel seng Grondsazried
International Neiegkeeten

Dem Emmanuel seng Grondsazried

An der Grondsazried vum franséische President ass et emol grondsätzlech

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
International Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Covid19: Lëtzebuerg deemnächst op der rouder Lëscht?

Eis belsch Noperen hunn eis den Ament nach als „Orange“ klasséiert, mee dat kéint sech änneren…

Covid19: Lëtzebuerg deemnächst op der rouder Lëscht?

Wie vill test, fënnt och entspriechend méi infizéiert Persounen. Lëtzebuerg ass an dëser Hisiicht ee Virreider, well zanter der Ëmsetzung vum Flächentest (Large Scale Testing) ginn, an dat ass jo wuel och éischter Logesch eis Zuelen an d‘Luucht. Et hëlleft allerdéngs och net, datt sech ëmmer manner Leit un déi eigentlech liicht verständlech Mesuren halen. D‘Zounam vun de Fäll huet awer Folgen.

Esou verfollegen eis belsch Nopere ganz genee, wéi d‘Situatioun zu Lëtzebuerg evoluéiert, an déi ass zanter dem 22. Juni jo elo och net fir sech ze bretzen. Verständlech deemno, datt ee sech an der Belsch beonrouegt fillt an aus dësem Grond, d‘Land als „Orange“ agestuuft ginn ass. Fir de Jean Asselborn (LSAP) ass dës Klassifikatioun allerdéngs nach kee Grond sech Suergen ze maachen.

Den Ausseminister stellt fest, datt et zur Stonn kengerlee Beschränkunge fir Reesen a béid Länner gëtt. Hie weist d‘Meldungen aus de belsche Medien zréck, laut deene vu Reesen an eist Land géif ofgerode ginn, oder ee „gutt Grënn“ misst hunn fir sech hei opzehalen. Laut dem Jean Asselborn, wiere mir nach ëmmer op der grénger Lëscht vum belsche Ministère, wou also ass de Problem?

Wéi esou oft, verstoppt sech der Däiwel am Detail. Wann et vun der Belsch a Richtung Lëtzebuerg kengerlee Bedenke gëtt, esou ass dat an déi aner Richtung net méi de Fall. Tatsächlech, an dat geet aus dem belschen Ausseministère ervir, ginn d‘Belsch déi aus Lëtzebuerg heemfueren, opgefuerdert vigilant ze sinn. Et huet een also zu Bréissel schonn Angscht, datt ee sech bei eis ustieche kann.

Entgéint de Länner déi als „Rout“ gekennzeechent goufen, wéi dat beispillsweis scho fir Portugal, Spuenien an zënter ee Sonndeg och Schweden de Fall ass, mussen sech déi belsch Touristen net engem Test ënnerzéien an och net a Quarantaine goen. Dës Reegel gëllt och fir déi ronn 40.000 Grenzgänger, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen. Och Grenzkontrolle sinn net virgesinn.

Vläicht teste mir jo just ze vill

Gewosst ass awer och, datt de belschen Ausseministère d‘Situatioun vu Woch zu Woch evaluéiert. An d‘Zuele schwätzen däitlech Sprooch, och wann ee berécksiichtege muss, datt mir wesentlech méi Tester duerchféieren. Iwwert déi Lescht Woch huet d‘Zuel vun den Neiinfektiounen an der Belsch bei 88/Dag, hei zu Lëtzebuerg bei 58/Dag geleeën. An der Proportioun leie mir also vir…

Um Sonndeg huet et laut dem belsche Gesondheetsministère 137 Neiinfektioune ginn, bei eis waren et därer 83. An hei insistéiert de Jean Asselborn, datt eis epidemiologesch Situatioun eng spezifesch ass, well mir dat eenzegt Land sinn, dat ronn 9.500 Tester pro 100.000 Awunner all Woch gemaach ginn. Zum Verglach: eis belsch Nopere kommen op grad emol 600 Tester d‘Woch pro 100.000 Leit.

Dat huet den Ausseminister och de belsche Kolleegen erkläert, an déi hätten dëser Argumentatioun positiv Akzenter zougestanen, mee den Ament géifen si nach op hir Experte lauschteren, firwat mir och weider als „Orange“ agestuuft bleiwen. Beim haidegen Treffe vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, wëll de Jean Asselborn dëst Argument sengen Homologen nach emol ënnerbreeden.

Well Lëtzebuerg dann awer och schonn op der rouder Lëscht vun deem engen oder aner Land figuréiert, sollt ee sech gutt Informéieren iert een d‘Land verléisst. Zudeem sollt engem jo bekannt sinn, wei séier Grenze kënnen zougemaach ginn, an et ass net dovunner auszegoen, datt engem do laang am Viraus Bescheed gesot gëtt. Besonnesch eis däitsch Nopere sinn net zimperlech…

mam Jana den Hertog, indymedia Bréissel

Illustratioun: © Martin Sanchez / unsplash

Related topics Areesbeschränkunge, Belsch, Covid19, Grenzen, Rout Lëscht
Next post Previous post