Search

You may also like

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger
Neiegkeeten

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

A Saachen erneierbar Energien huet Lëtzebuerg ee weidere Schrëtt no

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht
Neiegkeeten

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) ass oft ëmstridden an d‘Covid19-Pandemie

Vu Lëtzebuerger Spezifizitéiten am Gesondheetssystem

D‘Lag am Land ass bezunn op d‘Covid19-Pandemie eppes ugespaant, an dat huet net nëmme mat den Infektiounszuelen u sech ze dinn

Vu Lëtzebuerger Spezifizitéiten am Gesondheetssystem

Ob Lëtzebuerg wéi seng Noperen an der zweeter Well stécht oder et net emol eng éischt ginn huet, wéi datt aus engem Interview op BasTV ervirgeet, hänkt sécherlech ganz vum eegene Standpunkt of. Onofhängeg dovunner ass allerdéngs de Fakt, datt d‘Situatioun un der Front – also de Spideeler – sech weider verschlechtert. Eng Iwwerbelaaschtung vun de Spideeler wier awer katastrophal.

Elo ass et wuel och nach ëmmer esou, datt mat ronn 368 Covid19-Patienten (39 dovunner op der Intensivstatioun) d‘Lag an de Spideeler nach kontrolléiert gëtt, wat awer net soll verheemlechen, datt déi séier kippe kann. Kritesch Stëmmen aus dem Secteur werfen der Regierung dann elo och vir, iwwert de Summer d‘Geleeënheet verpasst ze hunn, d‘Spideeler personell ze verstäerken.

Laut ënnerschiddleche Quellen, hätt et wuel genuch Kandidate ginn, déi awer aus budgetäre Grënn net berécksiichtegt gi wieren. Dat ass ugesiichts de villen oppene Stellen an enger staarker Nofro schwéier ze gleewen, an esou gëtt et Géigewier aus dem Gesondheetsministère. Do heescht et, datt ee sech mat der CNS an dem Spidolsverband (FHL) op entspriechend Finanzmëttel gëeenegt huet.

Zudeem wier net d‘Geld de éischte Problem, de Budget nach emol no uewen ze korrigéieren u sech einfach, well vun alle Säiten unerkannt. Méi Fleegekräft a Medeziner anzestellen, dat awer geet och nëmme wann déi Leit disponibel sinn. Et wier sécher méiglech, dank dem finanzielle Spillraum hei d‘Personal an der Groussregioun unzelackelen, woubäi dat dem globale Problem jo net hëlleft.

Einfach de Realitéite Rechnung droen

Grad an der Groussregioun, wou jo d‘Zil sollt eng besser Kooperatioun och am Gesondheetswiese sinn, wier et onpassend, sech géigesäiteg d‘Personal ofzeréngen. Mee et ass net manner richteg, dat verleeën an/oder verréckele vun „net noutwennege Behandlungen“ zwar Personal fir de Covid19 fräistellt, elo awer och keng dauerhaft Léisung ka sinn. All d‘Pathologie solle kënne behandelt ginn.

Ob hei déi vun der CNS proposéiert Flexibilitéit hëllefe kann? D‘Gesondheetskeess huet do ganz konkret, mee leider eppes onverständlech Virstellungen. Esou soll all Spidol säi Personal „no Bedarf“ asetzen, an dës „Flexibilitéit“ soll iwwert d‘Spideeler erausgoen. Dat klengt no villen Iwwerstonnen, woubäi ee grad an de Gesondheetsberuffer op der Aarbecht sollt ausgeschlof sinn.

Et muss also méi a besser Formatioune ginn, de Beruff sollt nees attraktiv gemaach an d‘Aarbecht valoriséiert ginn. Mee et muss dann och zu bessere „Verhältnisser“ bannent den Haiser kommen. Dat awer schéngt net erwënscht, well et och zu Lëtzebuerg een onbestriddenen Interessi un der Privatiséierung vum Gesondheetswiese gëtt. An dat net nëmme säitens den Assurancen…

Illustratioun: © Mufid Majnun / unsplash

Related topics CNS, Covid19, Gesondheetsberuffer, Gesondheetskeess, Gesondheetssystem, Groussregioun, Spidolswiesen
Next post Previous post