Search

You may also like

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn
Neiegkeeten

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn

Dat chinesescht Netzwierk gëtt an den USA scho länger „observéiert“

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“
Neiegkeeten

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Et gëtt ëmmer emol Héichten an Déiften am Liewen an

Am Fokus vun der Schoulrentrée
Neiegkeeten

Am Fokus vun der Schoulrentrée

De Volet „sanitär Sécherheet“ hat den Educatiounsminister Claude Meisch (DP)

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“

No der Sëtzung vum Regierungsrot, huet den Duo Bettel/Lenert confirméiert, datt déi bestoend Covid19-Moossname bis zum 21. Februar verlängert ginn

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“

De Premierminister Xavier Bettel huet gëschter am Covid19-Pressebriefing erkläert, datt sech am Allgemengen d‘Lag zu Lëtzebuerg däitlech verbessert huet. Et kéint een allerdéngs nach keng weider Erliichterungen ubidden. Schold dorunner hunn déi ënnerschiddlech Covid19-Mutatiounen, déi a ganz Europa an a Groussbritannien besonnesch, fir neien Onmutt suergen.

Fir de Regierungschef, deen am stännege Kontakt mam Angela Merkel an dem Alexander de Croo steet, an sech op Aluedung vun der EU-Kommissioun, un der grousser Visiokonferenz vun de Staats- a Regierungscheffe bedeelegt huet (21. Januar) ass et wichteg, datt d‘Bannegrenze vun der Unioun op bleiwen. Grousse Wäert gëtt op de fräie Verkéier vun eise Grenzgänger geluecht.

Am Géigesaz zum Alexander de Croo, ass de Staatsminister a seng Kolleegen aus der Regierung net der Meenung, datt een de Bierger hir Reesfräiheet aschränke kann a sollt. Verständlech, wou d‘Luxair grad eréischt annoncéiert huet, nei Destinatiounen an de Reesprogramm opzehuelen. Dat schléisst eng Rei Reglementéierungen allerdéngs net aus. Net fir d‘Auslänner an net fir d‘Awunner.

Esou gëtt iwwert den Noweis vum engem negative PCR-Test nogeduecht. Also richteg muss et heeschen, datt een dës Detailer an de kommende Wochen op der Dagesuerdnung vum Ministerrot behale wëll. Datt geimpfter solle „Privilegien“ zougestane kréien, huet de Premierminister kloer zréckgewisen. Och d‘Aféierung vun engem Impfpass huet de Xavier Bettel esou nach net wëlles.

Fir esou eng Mesure wier et nach ze fréi. Zudeem bleift ze klären op de Vaccin net nëmme virun der Infektioun schützt, mee och verhënnert datt een de Covid19 weidergëtt. Et ass awer offensichtlech, datt sech Lëtzebuerg, sollt et eng europäesch Fuerderung/Obligatioun fir esou en Impfpass ginn, net géif verwieren. Am Kloertext heescht dat näischt anescht, wéi sech op eng Impfflicht anzestellen.

Entspaant Ministesch

Wärend also de Xavier Bettel déi manner gutt Noriichten an geblimmelt Wierder agepaakt krut, huet d‘Gesondheetsministesch déi net esou schlecht Nouvelle verkënnt. Si bestätegt, datt d‘Zuele besser gi sinn, wat een de beschlossene Moossnamen iwwert d‘Feierdeeg an d‘Chrëschtvakanz kéint zouschreiwen. Lëtzebuerg léich elo, esou d‘Paulette Lenert, ënnert dem EU-Duerchschnëtt.

D‘Lag op den Intensivstatiounen huet sech och däitlech verbessert, an et gëtt Hoffnung, datt eis Spideeler schonn déi aner Woch nees an d‘Phas II vum nationale Kriseplang iwwergoe kënnen. Si huet nach emol bestätegt, datt 12 Fäll vun der brittescher Mutatioun am Land bekannt sinn. An der tëscht huet och den Ethikrot seng Aschätzung zur Impfstrategie vun der Regierung ofginn huet.

Aktuell hu mir 20.700 Covid19-Impfdosen erhalen (dat heescht datt 10.350 Mënsche kënnen hir zwou Dose kréien) an et solle bis Enn Mäerz nach emol 86.000 Dose bei eis ukommen. Retarde wieren allerdéngs méiglech. Esou huet och Moderna déi fir de 25. Januar ugemellte Livraisoun annuléiert. Dës Liwwerung wier elo fir den 30. Januar virgesinn, esou d‘Gesondheetsministesch.

Bleift nach festzehalen, datt de Vaccin vum britteschen Hiersteller AstraZeneca schonn Enn Januar vun der europäescher Medikamentenagence EMA kéint zougelooss ginn. De Premierminister huet erkläert, datt den Ament op EU-Niveau iwwert eng Ausliwwerung an d‘Memberlänner och ouni Zouloossung nogeduecht gëtt. Ass dëse bis autoriséiert, wier de Vaccin do wou e gebraucht gëtt.

Illustratioun: © Anthony Tran / unsplash

Related topics Covid19, Impfstrategie, Paulette Lenert, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post