Search

You may also like

CBD – e schwierege Business
International Neiegkeeten

CBD – e schwierege Business

Wann et richteg ass, datt am Regierungsprogramm d‘Legaliséierung vum „rekreative“

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst
International Neiegkeeten

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst

Och bei déi lénk huet d‘Covid19-Pandemie, den unhänglechen Etat de

Andauernd trëlls de iwwer Ofkierzungen! Weess du, woufir di heite stinn?
International Neiegkeeten

Andauernd trëlls de iwwer Ofkierzungen! Weess du, woufir di heite stinn?

[onionbuzz quiz-id=100][/onionbuzz] Kaum eng Associatioun, Organisatioun oder Entreprise ouni Ofkierzung.

Covid19-Mutantefamill empfänkt neie Member

Am „big apple“ mécht een neie Coronavirus-Variant d‘Ronn an natierlech ass d‘Wëssenschaft a Suerg

Covid19-Mutantefamill empfänkt neie Member

Covid19 „Klassik“ ass out. Eng Natioun déi eppes op sech hält huet seng eege Mutatioun: esou huet et déi brittesch, déi brasilianesch an déi südafrikanesch Varianten. Si gëllen als besonnesch virulent an et steet och d‘Fro am Raum, wéi déi bestoend Impfstoffer mat dëse virale Baaschterten ëmginn. An elo soll et och nach eng „New Yorker“ Variant ginn…

Iert een sech elo vun der „Panik“ ustieche léist, dierf drun erënnert ginn, datt „Varianten“ oder wéi et heescht „Mutatiounen“ bei Viren éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam sinn. Einfach Systemer kënne séier Evolutiounsphasen entwéckelen, an de Covid19 mécht do keng Ausnam. Bis heihinner goufen dräi dëser Varianten als héich problematesch erkannt. Mat dem New Yorker, sinn et der elo véier.

Wann de Buergermeeschter vu „big apple“ Bill de Blasio, natierlech beonrouegt ass a seng Bierger oprifft, nach méi konsequent d‘Recommandatiounen an d‘Gest Barrière anzehalen, esou huet dat an éischter Linn eppes mat Virsiicht a manner mat Erkenntnis ze dinn. Et géif sech awer undeiten, esou den aktuellen Informatiounsstand, datt dëse Variant net vun den Impfstoffer schachmatt gesat gëtt.

Dat wuel méiglech, mee et gëtt weder eng Confirmatioun nach en Dementi zu dësem Standpunkt. Gewosst ass bis ewell nëmmen, datt déi New Yorker Mutatioun ganz vill Eegenschafte vun der südafrikanescher Variant soll iwwerholl hunn. De wëssenschaftlechen Numm: B.1.526, wierklech méi ass zu dësem neie Player um sanitäre Schachbriet den Ament net wierklech gewosst.

Interessant Kommunikatiounsstrategie

Wann et do heescht datt een näischt Geneeës géif wëssen, esou ass dat net ganz richteg, zumindest awer net vollstänneg. Zum engen ass déi New Yorker Variant schonn am November (also quasi ee ganze Mount virun der brittescher) sequenzéiert ginn. D‘Mutatioun weist sech op der Uewerfläch vum Virus, am sougenannten „Zacke-Protein“ mat deem sech un d‘Kierperzellen ugedockt gëtt.

Dëse Protein – och Spike-Protein genannt – och dat muss ervirgehuewe ginn, ass allgemeng ee sougenannte Verwandlungskënschtler, huet folgerichteg och d‘Eegenschaft d‘Medeziner souwisou, d‘Fuerscher am besonneschen eppes nervös ze maachen. Vervillfältegt sech dëse Variant nëmme vill méi séier? Kann dëse Variant méiglecherweis net duerch d‘Antikierper vum Vaccin bekämpft ginn?

Kee weess et, a genee dat werft weider Froen op. Op der Insel woussten d‘Britten zimlech zäitno, wat hire Kandidat kann. Firwat huet et dann nees esoulaang gebraucht, bis dëse Variant an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt? Ma et gesäit duerno aus – dat zumindest geet aus de Labostester esou ervir – datt den New Yorker Variant d‘Impfstoffer onwierksam géif maachen. E Problem? Jo!

Dëse Mutant verbreet sech mat erschreckender Geschwindegkeet a mécht eleng zu New York elo 13% vun den Infektiounsfäll aus. Ob dëse Variant och schonn an Europa seng Ronnen dréint? Dat vläicht esouguer schonn zu Lëtzebuerg? Informatiounen dozou gëtt et keng, an um Méindeg war am Gesondheetslaboratoire (LNS) zu dësem Covid19-Variant kee bereet eng Erklärung ofzeginn.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Wilfried Pohnke / pixabay

Related topics Covid19, Covid19-Mutatiounen, Covid19-Varianten, Impfstoffresistent, New York
Next post Previous post