Search

You may also like

UN-Weltklimabericht: Och du bass Schold!
International Neiegkeeten

UN-Weltklimabericht: Och du bass Schold!

Et gëtt erwisenermoossen einfach ze vill Krise gläichzäiteg, woubäi se

EMA vertraut ëmstriddenen Impfstoff
International Neiegkeeten

EMA vertraut ëmstriddenen Impfstoff

Well et kuerzzäiteg de Verdacht hat, datt den Impfstoff vum

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!
International Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat

Wat zur brasilianescher Covid19-Mutatioun gewosst ass

Wat zur brasilianescher Covid19-Mutatioun gewosst ass

Datt déi bestoend Covid19-Pandemie weder ee Spaass nach ee Komplott vun den Elitten ass, fir eng nei Weltuerdnung opzestellen, datt gëtt wuel just nach vu „verwonnerleche“ Leit bestridden. Dëse Virus, vun deem ausgaange gëtt, datt hie seng Weltmuechtergräifung viru gutt engem Joer op engem Maart zu Wuhan (China) gestart huet, ass a bleift geféierlech, well hie sech verännert.

Fir den Ament maachen d‘Mutatioune vum Coronavirus SARS-CoV2, besonnesch déi brittesch an déi südafrikanesch, der Wëssenschaft Kappzerbrieches, déi méi virulent solle sinn, wéi d‘Variant aus Brasilien, déi als „Variant P.1“ vun der Wëssenschaft presentéiert gëtt. Well et kee Sënn mécht drop ze waarde, bis eis Experten sech zu dëser Mutatioun äusseren, hu mir bei der WHO nogefrot.

Déi brasilianesch Variant ass nach relativ „onerfuerscht“ mee unhand den éischte Sequenzéierungen ass geséchert, datt de „Variant P.1“ eng 20 Verännerungen a senger DNA opweist. Eng vun dëse „Verännerungen“ bereeden de Wëssenschaftler zolidd Kappwéi. Dat well se och an de Variatiounen aus Groussbritannien a Südafrika virkommen. Wat genee awer gëtt vun de Fuerscher gefaart?

Eng vun den Ängschte besteet doranner, datt déi verännert Souche, d‘Immunäntwert vum Kierper ënnerlafe kéint. Dozou kënnt, datt ee Berichter gëtt, no deene Mënschen, déi eng éischt Infektioun iwwerstanen hunn, sech eng zweete Kéier mat dëser brasilianescher Variant sollen infizéiert hunn. Eigentlech hätten si no der éischter Infektioun vun eegenen Antikierper solle geschützt sinn…

Ground Zero: Manaus

Déi brasilianesch Covid19-Variant ass zu Manaus „entdeckt“ ginn. Zu Manaus hat et am Fréijoer 2020 masseg Infektioune ginn, an eigentlech sinn d‘Gesondheetsexperten dovunner ausgaangen, datt déi wou de Virus iwwerlieft hunn – an net an engem Massegraf gelant sinn – näischt méi sollte fäerte mussen. Manaus gëtt aktuell vun der zweeter Well vëlleg iwwerlaf, wat Froen opwerft.

Esou versicht een elo erauszefannen, wéi grouss d‘Duerchseechung am Fréijoer 2020 tatsächlech war. Dës Informatioun ass immens wichteg, bezunn op d‘Gefor, datt de „Variant P.1“ eigentlech vun der Infektioun geheelte Mënschen nees befale kann. Et kann och nach net mat Sécherheet bestätegt ginn, ob dëse Mutant aus Südamerika, méi Geféierlech ass a Reinfektioune sinn eppes Normales.

Bei enger Reinfektioun allerdéngs ass de Krankheetsverlaf éischter „erdréiglech“, zudeem waren se immens seelen. Elo heescht et de „Variant P.1“ géif sech net dorunner halen. Fir eis stellt sech d‘Fro op de „Variant P.1“ zu Lëtzebuerg vun den Experten ënnersicht gëtt, an ob dee méiglecherweis mam Vaccin interferéiert. Woubäi „ënnersichen“… eigentlech misst jo emol nom Mutant gesicht ginn…

mat indymedia/gva

Illustratioun: © Maneco Magnesio / unsplash

Related topics Brasilien, Covid19-Mutatiounen, Covid19-Variant, Manaus, Variant P.1
Next post Previous post