Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen
Vergaangenen Donneschdeg ass S.A.R. d’Groussherzogin vum Isabelle Kocher vun der
Vergaangenen Donneschdeg ass S.A.R. d’Groussherzogin vum Isabelle Kocher vun der
D‘Ukënnegung vum US-President, ab e Méindeg den Import vu Stol
An dräi Woche sinn d‘EU-Wahlen, an den Interessi ass éischter
Wärend de Brexit op en „No Deal“ zousteiert huet de brittesche Premierminister Boris Johnson och déi sanitär Kris am Genéck sëtzen. Zu London an a groussen Deeler vu Südengland verbreet sech zur Stonn eng „Variant“ vum Covid19, déi de Regierungschef zu Moossnamen zwéngt. Et géif awer nach kee Hiwäis, datt de Krankheetsverlaf duerch d‘Mutatioun méi schlëmm wier…
Déi Rezent entdeckte Covid19-Mutatioun – Bezeechnung VUI2020/12/01 – géif sech an 62% vun de positive Fäll eleng zu London verifizéiere loossen. Si ass bis 70% méi ustiechend, wéi déi bis ewell „entdeckte“ Stämm, esou dat wat säitens den Experten dozou gesot gouf. A Groussbritannien, wou d‘Impfcampagne um lafen ass, stellt sech natierlech d‘Fro, ob dann elo de Vaccin schützt.
Hiweiser datt deem net esou soll sinn, huet et zur Stonn keng, wat domadder zesummenhänkt, datt een net wierklech vill zu dëser Mutatioun soe kann, ausser datt se wesentlech méi virulent ënnerwee ass. Esou wier et dann och vernënfteg, London an Deeler vu Südengland, wou dës Variant sech séier verbreet an den totale Confinement ze schécken. De VUI2020/12/01 wier am Begrëff sech zu dominanter Variatioun ze entwéckelen, esou déi brittesch Regierung. D‘WHO ass informéiert ginn.
Esou eng „Mutatioun“ ass zum engen net ongewéinlech an am Fall vum SARS-CoV2 och net déi éischt déi festgestallt gëtt. Säit sengem Optrëtt op der Weltbühn, esou d‘Schätzung vun de Fuerscher a Wëssenschaftler, ass de Covid19 eng 4.000 mol mutéiert. Bei der „englescher“ Variant, kéint et sech ëm déi drëtt gréisser Mutatioun handelen, déi och d‘Verhale vum Virus verännert.
D‘Aussiichte fir d‘Feierdeeg a Groussbritannien, dat scho vun der sougenannter éischter Well haart getraff gouf an wéinst engem marode Gesondheetssystem entspriechend vill affer ze bekloen huet, sinn entspriechend schlecht. A well sech des Covid19-Variant immens rapid ënnert de Mënschen ausbreet, huet de brittescher och keng aner Wiel, wéi d‘Lackerungen iwwert d‘Feierdeeg ofzesoen.
Säit haut Sonndeg den 20. Dezember gëllt den totale Lockdown. Alles wat net „essentiell“ ass muss seng Dieren zoumaachen. De Besuch ass allgemeng staark reglementéiert, mee fir London an déi Deeler vu Südengland déi betraff sinn, gëllt elo och eng Kontaktspär. Et geet ganz wéineg Ausname fir „Begéinungen am Fräien“ De Boris Johnson huet senge Leit, déi sech op „d‘Christmas Bubble“ (hei konnten sech bis zu dräi Menagen treffen) gefreet hunn, an enger Usprooch d‘Lag erkläert.
„Schwéieren Häerzens muss ech iech matdeelen, datt mir mat Chrëschtdag net esou weidermaache kënne wéi geplangt. (…) Chrëschtdag muss geaffert ginn, fir d‘Liewe vun Ugehéieregen ze schützen“, esou de Boris Johnson. Fir déi Deeler vu Südengland, déi nach net esou staark betraff sinn, bleift d‘Christmas Bubble bestoen, dierf awer nëmmen op engem Dag an Usproch geholl ginn.
mat indymedia/lon
Foto: London um Samschdeg… Dat et recommandéiert gëtt bei héijem Mënschenopkommen eng Mask unzedoen, heescht datt ee keng „muss“ undoen. Och bei eis am Land ass dat mam „Notze“ vun der Mask (och am ëffentleche Raum) nach net wierklech an de Käpp ukomm. © Andrew Platt