Search

You may also like

SREL-Affär: Dat wier gekläert!
Neiegkeeten

SREL-Affär: Dat wier gekläert!

De Prozess um Geriicht zu Lëtzebuerg, wou de fréiere SREL-Direkter

Neit Klimaschutzgesetz: Et soll een de Dag net virum Owend luewen
Neiegkeeten

Neit Klimaschutzgesetz: Et soll een de Dag net virum Owend luewen

Lescht Woch huet d’Klima-Thema an der Politik nees Opsinn erreegt,

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!
Neiegkeeten

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!

Am Joer 2018 huet d’Lëtzebuerger Bank BNP Paribas ugekënnegt, datt

Covid19-Mutatiounen: Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Covid19-Mutatiounen: Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Laut dem nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) hu mir zu Lëtzebuerg aktuell aacht vun dëse Sougenannte Covid19-Mutatiounen am Ëmlaf. D‘Variant „VUI2020/12/01 (och nach B.1.1.7.), steet awer nach net op hirer Lëscht.

No dësem géif awer gesicht, esou den LNS, deen erkläert grad am Begrëff ze sinn, d‘Prouwen aus der Woch vum 7. bis 13. Dezember (50. Woch vum Joer) ze sequenzéieren. Bei der Sequenzéierung vun de Prouwe vun der Woch 48, waren aacht Variatioune vum Covid19 festgestallt ginn. Dës Date géifen déi zanter September gemaachten Observatioune bestätegen.

Sequenzéiert gi bis zu 10% vun de Prouwen. Zil ass et ab dem nächste Joer, Prouwe vun allen an d‘Spidol iwwerstallte Patienten ze sequenzéieren. De LNS weist och nach emol drop hinn, datt déi zu Lëtzebuerg geleeschten Aarbecht – am wëssenschaftleche Sënn – international unerkannt gëtt. D‘Sequenzéierung gehéiert hei derzou, esou d‘Informatioun.

Wat déi verschidde „Mutatioune“ betrëfft, esou heescht säitens dem LNS, datt déi wäit verbreeten „hollännesch Variant“ duerch een aneren, de sougenannten „belsch-hollännesche Stamm“ ofgeléist gouf. Dësen taucht a ronn 28% vun de Prouwen op. Och den LNS weist drop hin, datt Mutatioune bei Coronavirus eppes ganz Normales an de Vaccin wierksam ass.

Illustratioun: © United Nations / unsplash

Next post Previous post