Search

You may also like

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen
Neiegkeeten

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen

Fir unzefänke schéissen d‘Iraner eng US-Dron vum Himmel, da setzen

Geheim Fichieren: Et geet virun
Neiegkeeten

Geheim Fichieren: Et geet virun

An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung:

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter
Neiegkeeten

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter

An engem laange Bréif un den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, huet

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou

Iwwer déi lescht Wochen hat sech d‘Lag am Kontext vun der Covid19-Pandemie staark verbessert, firwat et dann och progressiv zu ëmmer méi Lackerung komm ass. Och den Etat de Kris ass zanter dem 24. Juni Mëtternuecht eriwwer. Mee de Virus ass nach ëmmer do, firwat an der Chamber zwee Covid19-Gesetzer ugeholl goufe fir gewëss Mesuren oprecht ze halen.

Wärend d‘Oppositiounsparteien dës Gesetzer net matdroe konnten an u Kritik géintiwwer der Regierung net gespuert hunn, an och d‘Gesondheetsministesch selbstbewosst ënnerstrach huet, datt et och bei eis zu enger zweeter Well wäert kommen, et awer an der Verantwortung vun de Bierger läit wéi haart dës d‘Land treffe kann, schéngen d‘Leit dës nei gewonne Fräiheet ze genéissen.

Covid19Leider schénge vill Leit dat mat der „Vernonft“ an dem verantwortungsvollen Ëmgang mat dëser Fräiheet net wierklech Eescht ze huelen. Wëll Partyen an eng generell Onbekëmmertheet sinn ëmmer nees Géigestand vun deels krasse Posts an de sozialen Netzwierker. Hei dierf een awer drop hiweisen, datt et sech ëm eng Minoritéit vu Leit handelt, déi sech fir „Immun“ ze hale schéngen.

Nach ass alles am grénge Beräich

De laschen Ëmgang mat de Recommandatioune muss awer scho virum Etat de Kris säin Ulaf geholl hunn. Et brauch jo eng gewëssen Zäit, bis sech d‘Symptomer weisen an zuweile brauch et déi och net fir mam Covid19 infizéiert ze sinn. Dofir setzt d‘Regierung zesumme mat der Task-Force op de flächendeckenden Test, dee jo schéngt gutt opgeholl ze ginn. Déi meescht huelen d‘Aluedung un.

Eng gutt Geleeënheet, fir sech der Infektiounsentwécklung iwwert déi lescht Woch unzehuelen an sech en Iwwerbléck ze verschafen:

  • 22. Juni: 1 Neiinfektioun – 0 Stierffäll – 1.354 Getest Persounen;
  • 23. Juni: 12 Neiinfektiounen – 0 Stierffäll – 1 Hospitalisatioun;
  • 24. Juni: 7 Neiinfektiounen – 0 Stierffäll – 13 Leit a stationärer Behandlung;
  • 25. Juni: 11 Neiinfektiounen – 0 Stierffäll – 2 Hospitalisatiounen – 7.001 Getest Persounen;
  • 26. Juni: 22 Neiinfektiounen – 0 Stierffäll – 5.596 Getest Persounen;
  • 27. Juni: 44 Neiinfektiounen – 0 Stierffäll – 3.506 Getest Persounen.

Bis heihinner sinn 110 Persounen un de Folge vun der Infektioun mam Covid19 verstuerwen. 14 Mënsche ginn am Spidol stationär behandelt, 1 Persoun muss intensivmedezinesch betreit ginn. Alles allem si bis ewell ronn 170.000 Mënschen op de SARS-Cov2 getest ginn. A wann et bei der gudder Bereetschaft sech testen ze loosse bleift, kann een zouversiichtlech bleiwen.

D‘Zounam vun den Neiinfektioune sollt eis awer allen en Hiwäis drop sinn, datt de gudde Beholl – also d‘Anhale vun de Gest Barrière, seng Mask undoe wou et gefuerdert ass an Ofstand halen – de Schlëssel fir eng onbekëmmerte Summer ass. Mat eppes iwwer 4.200 positiv geteste Persounen, steet Lëtzebuerg (nach) ganz gutt do, an eigentlech hunn d‘Bierger et an der Hand datt esou bleift.

Bedenken si berechtegt

Bei der CSV huet d‘Fraktiounspresidentin bedenken, op d‘Entscheedung vum Educatiounsminister, elo nees d‘Schoul allgemeng fir all d‘Schüler gläichzäiteg – also net méi a Gruppen opgedeelt – opzemaachen. Géint dës Bedenke schwätzt, datt sech d‘Butze jo elo awer och nees fräi op de ville Spillplazen am Land austobe kënnen, also de Kontakt zu gläichalterege längst ginn ass.

Covid19Méi kritesch ze betruechten si all déi Plazen, wou sech déi Erwuessen zesummefannen: ob am Bistro, dem Restaurant oder elo och wärend de Solden. Et dierf ee sech awer gewëss sinn, datt esouwuel am Horesca-Secteur wéi am Eenzelhandel, d‘Gestionnairen an d‘Mataarbechter vill Opmierksamkeet dem Anhale vun de Mesure zoukomme loossen. Déi wëlle kee Lockdown méi.

D‘Risikoberäicher leie kloer anzwousch anescht: am private Beräich beispillsweis, mee natierlech och iwwerall do, wou et zu „wëlle“ Fester kënnt an alle Reegele getrotzt gëtt. Aus dësem Grond kann een nëmmen derzou opruffen, an dat bei allem Versteesdemech, datt een nees d‘Gesellegkeet wëll genéissen, dach wann ech gelift d‘Recommandatiounen ze berécksiichtegen…

Illustratioun: © Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT)

Related topics Covid19, Covid19 Gesetzer, Neiinfektiounen, Party, Vernonft, Zweet Well
Next post Previous post